Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Éisträicher gesäit sech als Nofolger vum Jean-Claude Juncker
Kultur Neiegkeeten

En Éisträicher gesäit sech als Nofolger vum Jean-Claude Juncker

De fréieren éisträichesche Kanzler Christian Kern, huet e Mëttwoch bestätegt,

CR186: Spärung duerch neie Stroossebelag
Kultur Neiegkeeten

CR186: Spärung duerch neie Stroossebelag

Vum 4. bis de 7. Oktober gëtt de Stroossebelag op

CGDIS: de Wäert vun de Fräiwëllegen net ënnerschätzen
Kultur Neiegkeeten

CGDIS: de Wäert vun de Fräiwëllegen net ënnerschätzen

Mat der Reform vun de Rettungsdéngschter an der Schafung vum

KINOSCH Listening Session mat de Stiff Peaks

KINOSCH Listening Session mat de Stiff Peaks

Dat hei riicht sech un all Museksverléiftener, Fans vum Zäitgenësseschen, Elektro, Ambient oder och der experimenteller Musek! D’Kulturfabrik a Vinyl Harvest invitéieren op hir Listening Session am Kinosch zu Esch-Uelzecht.

Zil ass et een Owend ze bidden, fir d’Talent, d’Iddien an d’kreativitéit vu Lëtzebuerger an auslänneschen Artisten opzesuckelen. An de bequeme Kinossëtzer vum Kinosch kritt een esou d’Méiglechkeet einfach emol d’Aen zouzemaachen, nozelauschteren an d’Musek op sech wierken ze loossen. Fir 2020 ass geplangt all Mount esou eng Listening Session am Kino vun der Kulturfabrik ze organiséieren.

Stiff Peaks

Bei der 5. Editioun sinn et den Yves Stephany an den Jamie Reinert, déi hire Projet Stiff Peaks presentéieren. Vläicht ass Cowboys & Aliens net de beschte Film, mee den Titel tre¨fft perfekt op déi artistesch Beméiunge vum neie Projet zou. Fantasie, Luucht an d’Welt vum analoge Synthesizer waarden op Iech.

Wéi, wat a wou?

D’Listening Session mat Stiff Peaks fënnt en Donneschdeg, den 23. Januar um 20:30 Auer am Kinosch, Kino vun der Kulturfabrik, statt. Den Entrée kascht 8 €.

Ähnlech Sujeten Concert, Kinosch, Kulturfabrik, Listening Session, Stiff Peaks
Nächsten Artikel Virrechten Artikel