Search

You may also like

Een Accord beim Iwwerschaffe vun der Drénkwaasserrichtlinn
International Stories

Een Accord beim Iwwerschaffe vun der Drénkwaasserrichtlinn

No laangen a schwéiere Verhandlungen hunn dat Europäescht Parlament an

En Job bei enger EU-Institutioun mat enger Pai ënnert Mindestloun
International Stories

En Job bei enger EU-Institutioun mat enger Pai ënnert Mindestloun

Vill Leit sinn iwwerzeegt, datt eng Aarbechtsplaz bei enger vun

Russeschen Dissident aus Koma erwächt
International Stories

Russeschen Dissident aus Koma erwächt

Dem Alexander Nawalny schéngt et besser ze goen. D‘Dokteren an

Kirgisistan: Eng Mumie, de Minister an d‘Hellseher

Kirgisistan: Eng Mumie, de Minister an d‘Hellseher

D‘Entscheedung vum Kirgisistan seng eenzeg Mumie ze begruewen, déi ëmmerhin 1.500 Joer al ass, suergt fir Kaméidi mat de Wëssenschaftler. Déi beschëllegen d‘Autoritéiten den „Hellseher“ an aneren „Medien“ an dësem zentralasiatesche Land, wou den Awerglawen nach déif verankert ass, nozeginn.

Vun der Mumie selwer weess ee séier wéineg, ausser dat et eng Fra ass. Déi ass dann aus dem Musée, an deem se „doheem“ war erausgeholl ginn, fir Mëtt Oktober am Süde vum Land begruewen ze ginn. Hei war d‘Mumie 1956 fonnt ginn.

Et war eng Decisioun vun der Regierungskommissioun, déi géint d‘Averständnes vun der eenzeger Archeologin geholl ginn ass. Déi hat sech dem Avis vum Kulturminister Toulguelbaï ugeschloss. De Kulturminister huet d‘Entscheedung vun der Kommissioun domatter begrënnt, datt d‘Mumie vun de Wëssenschaftler vernoléissegt ginn ass an de Kirgisistan net d‘Mëttel hätt se ënner gudde Konditiounen ze erhalen.

Domatter huet sech de Minister awer der Kritik ausgesat. Dat ass esouwäit gaangen datt hie leschte Samschdeg seng Demissioun agereecht huet. Et muss dann drop higewise ginn, datt och de President Alzambek Atambaïev, mat der Entscheedung alles anescht als „zefridde“ war.

Den iwwermächtegen Awerglawen

Verschidden Observateuren hunn dann hei en Rapprochement tëscht dem „Begriefnes“ vun der Mumie mat der Presidentewahl, déi vum Sooronbaï Jeenbekov – engem Vertraute vum Staatschef dee net méi kandidéiert huet – gewonne ginn ass. Laut hinnen, ass déi Decisioun e Beweis dofir, wéi vill Influenz den Awerglawen nach an de politesche Kreesser vun der fréierer Sowjetrepublik huet.

D‘Begriefnes vun der Mumie war dann och vun den Hellseher am Land Gefuerdert ginn. Déi hunn e groussen Afloss a verschidde Kreesser vun der Muecht, an haten ugefouert, datt et zur Katastroph géif kommen, wann d‘Reliquie an engem Musée géif agespaart bleiwen.

D‘Zamira Mouratbekova, eng vun dësen Hellseherine, bestätegt dann och e Message aus der Geeschterwelt empfaangen ze hunn, an deem den Uerder d‘Mumie ze begruewen, enthale war. „Si war ni Doud“, bestätegt d‘Zamira der AFP. „Doduerch, datt mir se nees begruewen hunn, konnt en Bluttbad bei de Wahle verhënnert ginn“, füügt d‘Hellserin bäi, déi den Appell vun de Wëssenschaftler, d‘Mumie nees auszegruewen, als grousse Feeler veruerteelt.

Pseudo Moslemen

Fir d‘Archeologin Kadycha Tachbaïeva, déi un der Kommissioun zur Verwendung vun der Mumie deel geholl huet, wier et eng Entscheedung déi duerch d‘Berodung vu Scharlatane beaflosst gi wier. „Et stellt sech vläicht vir, datt déi Leit nëmme Sektéirer a Marginaliséierter wieren. Mee si verstinn et gehéiert ze ginn an d‘Regierung geet op hir Positiounen an“, bedauert d‘Wëssenschaftlerin.

Wann et dann och richteg ass, datt de Kirgisistan zur Majoritéit moslemesch ass, esou ass et net manner wouer, datt schamanistesch Praktiken an den Awerglawen nach wäit verbreet sinn. Nach 2011 haten d‘Deputéiert siwe Schof rituell geaffert, an dat matten am Parlamentsgebai, fir déi béis Geeschter ze exorziséieren.

Den oftriedende President Almazbek Atambaïev huet d‘Begriefnes vun der Mumie dann awer op d‘schäerfst veruerteelt. Hien huet dann och déi, wou d‘Entscheedung getraff hunn, als „pseudo-Moslemen“ bezeechent déi „alles gleewe wat d‘Hellseher hinne virleeën“.

D‘Mumie bleift am Buedem

E vum Atambaïev senge Parteikomeroden, deen un der parlamentarescher Kommissioun deel geholl huet, déi nom Begriefnes aberuff ginn ass fir op e neits iwwert d‘Schicksal vun der Mumie ze entscheeden, huet dann awer gemengt et sollt een se elo am Buedem loossen.

„Ass se kirgisesch? Ass se moslemesch? Mir wëssen näischt iwwert dës Mumie“, där hire Stiefesdag ouni Zweiwel virun der Entstoung vum Islam geleeën ass, esou den Deputéierte Ryskeldi Mombekov. „Se op e neits auszegruewe wier Vandalismus“, sot de Mombekov ugangs Oktober an enger Parlamentssëtzung.

De liewegen Obskurantismus

Archeologen aus der ganzer Welt hunn d‘Begruewe vun der Mumie als ee grousse Réckschrëtt fir d‘Wëssenschaft bezeechent. „Exhuméiert d‘Mumie direkt a schéckt se zréck an e Musée“, fuerdert de Victor Mair, Professer op der Universitéit vu Pennsylvania, op Nofro vun AFP. Dëse Fuerscher huet d‘Mumien aus dem sougenannten Tarim ënnersicht, vun deenen der honnerten am Grenzgebitt tëscht dem Kirgisistan a China entdeckt goufen.

D‘Experte ginn dovunner aus, datt déi Mumien, déi wéinst de rauen a klimatesche Verhältnesser vun der Regioun erhale bliwwe sinn, essentiell sinn fir déi grouss Migratiounsweeër vun der Mënschheet ze verstoen.

Eng vun den offizielle Versiounen zur Begrënnung vum Begriefnes vun der Mumie ass, datt et sech „hei ëm eng einfach Fra handelt“ an net engem „verdéngte“ Chef dee misst versuergt ginn, wéi beispillsweis dem Lenin.

„Mir kenne säi Geschlecht, mir wëssen, datt se éischte jonk war wéi se gestuerwen ass. Mir kéinte villes vun der Mumie léieren an deem mir d‘DNA dovunner géifen analyséieren. Mee et feelen eis d‘Spezialisten“, esou Kadycha Tachbaïeva.

Zesumme mat sengen archeologesche Kollegen, beschëllegt si déi selwer ernannten Hellseher e sterillen Debat iwwert d‘Zukunft vun der Mumie ze féieren, an deem déi gréissten Absurditéite virgedroe ginn. „Ech hunn grouss Angscht, datt mir nees um Wee an en Zäitalter vum Obskurantismus sinn“.

mam Tolkun Namatbaïeva/AFP

Foto: Den oftriedende President Almazbek Atambaïev huet d‘Begriefnes vun der Mumie dann awer op d‘schäerfst veruerteelt © Vyacheslav Oseledko/AFP

Related topics Archeologie, Kirgisistan, Mumie, Obskurantismus, Scharlatane
Next post Previous post