Search

You may also like

FIRST LEGO League: Dëse Samschdeg zu Miersch
International Neiegkeeten

FIRST LEGO League: Dëse Samschdeg zu Miersch

U dësem Samschdeg, den 18. Januar 2020 fënnt d’Final vum

Den Josh Island an der Brasserie K116
International Neiegkeeten

Den Josh Island an der Brasserie K116

Um räichhaltege Programm vun der Brasserie K116 steet am Abrëll den Optrëtt

Ee Fräihandelsofkommes zu Chrëschtdag.
International Neiegkeeten

Ee Fräihandelsofkommes zu Chrëschtdag.

Wat hat sech den Donald Trump net iwwert d‘Fräihandelsofkommes NAFTA,

Kirgistan huet säin ale Leader zréck

Nodeem manipuléiert Parlamentswahlen zum Opstand gefouert hunn, geet de Ministerpresident

Kirgistan huet säin ale Leader zréck

Am Kirgistan waren e Sonndeg Parlamentswahlen, an den Ausgang vun dësen hat um direkte Wee zum Opstand vum Vollek gefouert. Esou war fir unzefänken zu engem massive Protest komm, dunn hunn Aktivisten d‘Parlament gestiermt. De Ministerpresident Kubatbek Boronow huet sech dorops hin zum Récktrëtt entscheet.

Laut dem Communiqué vum parlamentaresche Mediendéngscht, huet d‘Parlament zu Bischkek den Oppositiounspolitiker Sadyr Schaparow zum Regierungschef gewielt. Dee gouf am Kontext vun de Protester vun Aktivisten aus dem Prisong befreit. D‘Parlamentswahl ass an der tëscht och annuléiert ginn. D‘Wahlkommissioun huet d‘Wahle fir ongülteg erkläert. Och déi schlussendlech unerkannt, datt et bei de Walen zu Manipulatioune komm ass. Domadder wier elo emol nees Rou am Kirgistan.

An dësem Kontext muss allerdéngs drop higewise ginn, datt et am Kirgistan scho widderholl zu gréisseren Differenze komm ass, a bei dëse „Volleksopstänn“ ass et ëmmer zum Stuerz vun der Regierung komm. Dat war esou 2005 an 2010 de Fall. An awer muss een déi fréier Sowjetrepublik als „Insel vun der Demokratie“ an dëser zentralasiatescher Regioun bezeechnen.

Dee leschte gréissere Volleksopstand hat et 2019 ginn, nodeems am Juni de fréiere Regierungschef Almasbek Atambajew verhaft a wéinst Korruptioun am Prisong gelant ass. Et muss een dann och wëssen, datt d‘Kirgisen traditionell ee Nomadevollek an där ganz houfreger sinn. De Kirgis ass per se senger Fräiheet verbonnen a léist sech esou séier net vun enger Zentralmuecht beandrocken. Dat féiert derzou, datt de Kirgistan zwar eng Demokratie ass, awer zugläich politesch instabil ass.

Et ass allerdéngs – fir d‘Regioun zumindest – och ee fortschrëttlecht Land. Esou hat nom Stuerz vun der Regierung am Joer 2010, d‘Demokratin Rosa Otunbajewa als éischt Fra sech un d‘Spëtzt vum Land gesat. Hir gëtt nogesot vill demokratesch Reformen agefouert ze hunn. Si huet och dofir gesuergt, datt d‘Parlament méi Rechter erhalen huet. An awer kënnt et regelméisseg zum Sträit…

mat indymedia/mow

Illustratioun: David Peterson / Pixabay

Related topics Bischkek, Kirgistan, Sadyr Schaparow, Volleksopstand, Wahlmanipulatioun
Next post Previous post