Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng „international“ Schoul fir Munneref
disadvantages of dating someone older than you Kultur androgynous dating

rock n roll online dating

D‘Schoulrentrée zu Munneref gëtt dëst Joer zu Munneref eng besonnesch.

https://moien.lu/dating-erstes-telefonat/
disadvantages of dating someone older than you Kultur androgynous dating

Inzeenéiert Empörung amplaz Mataarbecht am Sënn vum Fortschrëtt

Am Ufank vun der ëffentlecher Sitzung huet d’CSV de Mëtteg

Plastikstuten ofschafen: elo!
disadvantages of dating someone older than you Kultur androgynous dating

Plastikstuten ofschafen: elo!

Datt Plastik net nëmmen d‘Ëmwelt verschandelt, mee mëttlerweil och d‘Gesondheet

„Kiwanis History Vehicles“ Meeting zu Zowaasch

D‘Wieder huet sech vu senger schéinster Säit gewise beim groussen Treffe vun ale Gefierer

„Kiwanis History Vehicles“ Meeting zu Zowaasch
Datt eng fréier Kierch sech duerchaus als Galerie an Ausstellungsraum fir antik Motorrieder eegent, huet den Diddelenger Kënschtler André Depienne zimlech androcksvoll demonstréiert. Et gëtt dowéinst eppes gesouert, jo esouguer polemiséiert… näischt wat ee sollt aus der Rou bréngen, schliisslech ass d‘Haus längst entweit. © Martine der Lagardère/moien.lu
„Kiwanis History Vehicles“ Meeting zu Zowaasch
© Martine de Lagardère/moien.lu

Zowaasch ass en ofgeleeënt Dierfchen am déifste Minett an zugläich eng touristesch Pärel. De Meeting vun den historesche Gefierer gëtt et schonn zanter 12 Joer op dëser Plaz, war an ass feste Bestanddeel vun der kultureller Programmatioun. Dëst Treffen, dat vun der Famill Antinori an d‘Liewe gehuewe gouf, ass aus gudde Grënn un d‘Asbl „Kiwanis“ weidergereecht ginn.

Bei der Ouverture vum éischten ënnert der Verantwortung vu Kiwanis ausgedroenem Meeting, huet de Lieutenant-Gouverneur Bernard Altmann de Gäscht an Invitéeën emol eng Rei grondsätzlech Informatiounen zu „Kiwanis“ ginn. Et ass eng Organisatioun déi 1915 an den USA gegrënnt ginn ass an haut ronn 7.300 Veräiner an 80 Länner huet. Bei eis ginn et 9 lokal Clibb mat 200 Membere.

„De Kiwanis ass eng Organisatioun vu Fräiwëllegen, déi sech fir d’Wuel vun de Kanner an der Welt asetzt“ mee sech awer och ganz staark iwwert seng „Stëftung Kiwanis“ beim Télévie engagéiert. Si sinn an de Spidäler am Asaz, wou déi renomméiert „Kiwanis-Popp“ dem medezinesche Personal hëlleft, de Kanner ze erkläre wéi eng Agrëff un hinne virgeholl ginn. A si erfëllt hir Missioun…

E gudde Partner: Déifferdenger Gemeng

Zowaasch ass e bedeitend Stéck „Déifferdeng“ an de Schäffe Georges Liesch (déi gréng) weess wéi wichteg dëst Duerf am Kontext vum doucen Tourismus ass. Säit elo ganze 15 Joer gëtt investéiert a restauréiert, donieft ass villes ënnerholl gi fir Aktivitéiten an Events nohalteg ze implementéieren. Hien huet seng Leit a Servicer, ouni déi et net geet, fir hiren onermiddlechen Asaz ee Merci gesot.

History

Offiziell Rieden zur Erëffnung vum Meeting. © Martine de Lagardère/moien.lu

D‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) wier jo eigentlech léiwer mat hirer „aler Döschewo“ op Zowaasch komm, war awer net ganz esou iwwerzeegt op si den Aller-Retour iwwerlieft hätt an huet vun dëser Iddi Ofstand geholl. Och de Claude Meisch (DP), haut Educatiounsminister, ass dësem Dierfche verbonnen. Normal, hie war jo laang Buergermeeschter an huet zur Entwécklung vun Zowaasch säi Bäitrag geleescht. Datt Kiwanis dëst Event weiderféiert, ass him eng grouss Freed.

Nieft den Old- a Youngtimer ass ervirzehiewen, datt den Diddelenger Kënschtler André Depienne, sech mat senger Konschtausstellung an der Kierch engem interesséierte Public weise konnt. Hien huet déi fréier „Reklammen“ revisitéiert. An der Däiwel ass dat gutt ginn. Bon Konscht an och nach Motorrieder an der Kierch, dat muss net jidderengem gefalen, et huet dann och eppes geknéitscht.

History

© Martine de Lagardère/moien.lu

Fir all déi wou elo mengen dat wier Frevel, Entwarnung: d‘Kierch vun Zowaasch ass entweit an dat war den André Depienne oder soss en ongehuwwelte Kënschtler schold. Esou gären ee polemiséiert an verlaangt dierf ginn, datt een d‘Kierch am Duerf soll loossen, grad esou respektvoll sollt ee mat enaner ëmgoen. An d‘Kierch soll jo och renovéiert ginn. Eng „reliéis Bestëmmung“ kritt se awer net méi, de Notze vun dësem Gebai soll kultureller Natur sinn. De Jesus fënnt dat gutt…

Foto: Datt eng fréier Kierch sech duerchaus als Galerie an Ausstellungsraum fir antik Motorrieder eegent, huet den Diddelenger Kënschtler André Depienne zimlech androcksvoll demonstréiert. Et gëtt dowéinst eppes gesouert, jo esouguer polemiséiert… näischt wat ee sollt aus der Rou bréngen, schliisslech ass d‘Haus längst entweit. © Martine der Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten André Depienne, History Vehicles, Kiwanis, Les murs qui parlent, Zowaasch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel