Search

You may also like

Australesch Buschbränn: Dës Metal-Bands weisen hir Solidaritéit
Neiegkeeten

Australesch Buschbränn: Dës Metal-Bands weisen hir Solidaritéit

Méi wéi 20 Mënschen a Milliounen Déieren hunn hiert Liewen

dislikesurprise
Frankräich: M6 keeft RTL
Neiegkeeten

Frankräich: M6 keeft RTL

D’Integratioun vun de franséische Radiosender vun RTL-Grupp an de Grupp

Anti-Plastik Campagne: D’Beluga II setzt den Anker zu Réimech!
Neiegkeeten

Anti-Plastik Campagne: D’Beluga II setzt den Anker zu Réimech!

No fënnef Joer ass d’Greenpeace-Schëff Beluga II nees zu Lëtzebuerg

Kläpperei, déidleche Verkéier an Alkoholkontrollen

Kläpperei, déidleche Verkéier an Alkoholkontrollen

Et war nees ee en ustrengenden a leider och kee schéine Weekend fir eis Polizisten. Besonnesch déi Escher Kollegen haten en schwéiere Stand. Eng Kläpperei an engem „Etablissement“ zu Féiz, haislech Gewalt an zur Kréinung d‘Messerpickerei virun engem tierkesche Fast-Food Geschäft an der Other-Strooss zu Esch. Dat alles an nach vill méi nëmme fir d‘Nuecht op e Samschdeg…

Dat ass alles net lëschteg, mee och net dat eenzegt, wat eis Poliziste Beschäftegt. Um Freidegowend 20.25 Auer ass zu Esch-Uelzecht um Boulevard Charles de Gaulle (op der Héicht vun der Tankstell) e Mann vun engem Auto erfaasst ginn, wéi dëse versicht huet déi méispureg Strooss ze passéieren. Hie ass op der Plaz senge Blessuren erleeën. Op der Plaz war de Miess- an Erkennungsdéngscht.

Um fréie Sonndegmueren ass et dann op der Streck Diddeleng – Zoufftgen zum 2. déidlechen Accident komm. Hei war ee Chauffer mat sengem Gefier vun der Strooss ofkomm, dat du vun engem Bam gestoppt gouf. De Chauffer war bei dësem Virgank ageklemmt ginn, seng Begleeder goufen duerch den Impakt aus dem Auto geschleidert. Fir een vun de Co-Pilote koum all Hëllef ze spéit. De Chauffer an déi aner Persoun si mat deels schwéiere Blessuren an d‘Spidol gefouert ginn.

E Sonndegowend dann dat lescht déidlecht Accident. Op der Streck Cruchten – Schrondweiler war och en Automobilist vun der Strooss ofkomm a frontal un e Bam geroden. De Chauffer deen eleng am Gefier gesiess ass, huet den Aschlag net iwwerlieft.

Zudeem huet et uechtert d‘Land vum Procureur ugeuerdent Alkoholkontrolle ginn. Esou de Freideg vun 19.30 bis 23.30 zu Miedernach. Hei goufe 505 Automobiliste kontrolléiert an 12 positiv Fäll notéiert woubäi dann och dräi Führerschäiner hu missen agezu ginn. E Samschdeg goufen et dann zwou Plazen op deene kontrolléiert gouf.

Esou zu Helsem vun 22.30 bis 23.30 Auer, wou 234 Automobilisten iwwerpréift goufen. Eigentlech eng gutt Kontroll, mat nëmmen engem positive Fall, ouni datt de Bing huet missen agezu ginn. Net ganz esou glécklech huet et bei ville Kontrollen an der Haaptstad ausgesinn. Hei goufen tëscht 23 an 3.15 Auer 129 Kontrollen duerchgefouert, vun deenen der 4 positiv waren. 1 Bong ass fort…

Illustratioun: spoba/Pixabay

Related topics Alkoholkontroll, déidlechen Accident, haislech Gewalt, Kläpperei, Police
Next post Previous post