Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Egypten verdeedegt déi ëffentlech Moral
Neiegkeeten

Egypten verdeedegt déi ëffentlech Moral

D‘Rechter vun de Fraen am arabesche Raum waren nach ni

Oflauschtere vu Sproochassistenten ass der Police erlaabt
Neiegkeeten

Oflauschtere vu Sproochassistenten ass der Police erlaabt

Viru knapp engem Mount, huet den Deputéierte Sven Clement (Piratepartei)

Den Donald Trump als „demokratescht Virbild“ fir Hong Kong Chinesen? (Kommentar)
Neiegkeeten

Den Donald Trump als „demokratescht Virbild“ fir Hong Kong Chinesen? (Kommentar)

Et gëtt villes dat sech den Ament op der Welt

Kläranlag Uerschdref: Ee Beitrag zur Zerstéierung vun eiser Biodiversitéit (Lieserbréif)

Un déi, déi eist Land an eis Natur wëssentlech hëllefen zerstéieren,

Kläranlag Uerschdref: Ee Beitrag zur Zerstéierung vun eiser Biodiversitéit (Lieserbréif)

Elo ass et esou wäit.

E Freideg huet eng Firma ouni „état d’âme“ déck Bichen an Eechen an der Fiichtwiss „Uerchdrefermillen“ zu Uerschdref ëmgeseet. Do soll jo elo déi Kläranlag vum SIDEN (eng politesch Institutioun) gebaut ginn, déi mat héich gëftegem Alumine schafft an déi di propper Ueschdrëferbaach fir ëmmer vergëft.

D’Dieschbourg huet d’Geneemegung ginn. Den Dossier war eidel a voller Ligen, e Katalog vu Marketing Experten entworf déi sech Ingenieursbüro nennen, als Basis fir d’Autorisatioun ze ginn an de Publik ze täuschen. D’Geriicht huet mech 2x ofgewisen. Eng ofgemaachte Saach tëscht Ministère a Verwaltungsgeriicht. D’Justiz ass d‘Affär elo lass, well de leschte Riichter mech einfach op enger illegaler Basis ofgewisen huet.

Et gëtt am Verwaltungsrecht keng Kassatioun. Esou kënnen d’Riichter ganz liicht de Verwaltungen all Recours briechen ouni Méiglechkeet, a Revisioun ze goen. De Riichter huet behaapt, de SIDEN wier eng Partei, dobäi hate mir den Ëmweltministère ugesicht an net de SIDEN. D’Gesetz ass kloer, mä d’Riichter setzen sech haut iwwert d’Gesetzer ewech an uerteelen no wirtschaftleche Kritären an no deem, wat Bréissel äis opzwéngt.

Uerschdref

© Pierre Peters

Déi 1. Riichterin hat jo och gemengt, eng Kläranlag wier eng gutt Saach an d’Spezialisten hätte schonn hir Aarbecht gutt gemaach. Datt et eng Kläranlag gëtt, wou elo dräi Uertschaften ugeschloss ginn, (Uerchdref, Bilschdref an Heeschpelt) ass komplett ausser Betruecht gelooss gi mat all senge Konsequenzen op déi propper Uerchdreferbaach, an déi elo all dat Gëft konzentréiert gëtt.

Dobäi hu mir net op eng eenzeg Fro eng Äntwert kritt. D’Waasseramt huet iwwerhaapt keng Instruktioun gemaach esou wéi dat vu Gesetzwegen verlaangt ass. Ni hu mir eng Analys vun der Uerchdreferbaach kritt obschonn den TUDOR esou eng gemaach hat. Et ass emol net vun der Uerchdreferbaach geschwat ginn. Absichtlech!

De Buergermeeschter Rodesch vu Rammerech deen d’Geneemegung fir de Site ginn huet, en Hobbybauer an agefleeschte Politiker dee glat a guer näischt versteet, huet mech a meng Affekotin emol net wëllen empfänken a wollt äis och keng Kopië vum Dossier ginn. Et huet esou ausgesinn, ewéi wann all Recours vu virera kee Wäert hat. Keng Press huet doriwwer geschwat an de Mouvement Écologique wollt emol näischt dervu wëssen.

Uerschdref

© Pierre Peters

Datt elo e Biotop zerstéiert gëtt, en Habitat vu Biber zerstéiert gëtt, déck Beem ëmgeseet ginn, datt déi Kläranlag mëtten an de Bësch gebaut gëtt mat allen negative Konsequenzen, dat ass dem Ëmweltministère, den Administratiounen an hire Beamten, schäiss egal. D’Haaptsaach de Populatiounswuesstem an domadder de Wirtschaftswuesstem gëtt net gebremst.

Op enger Versammlung zu Réiden un der Attert, den 2.3.2020, hu jo d’Buergermeeschter aus der Géigend, zesumme mat anere Marionette mam Populatiounswuesstem gepraalt. „An et geet esou weider….“ hu se gejaut a sech gefreet. Si freeën sech richteg op de Milliounestaat Lëtzebuerg. Natierlech kee Wuert iwwert d’Konsequenzen. Dat hu si dann als Argument geholl fir grénge Stroum ze produzéieren an e Park vu Wandmillen opzeriichten.

Wat Hochstaapler. Eng Lobby verdéngt sech eng gëllen Nues un der Zerstéierung vun eisem Land an eise Landschaften. Eise Liewensraum gëtt ëmmer méi enk an natierlech och deene vun den Déieren. An dir hëlleft dichteg mat, eis Natur ze zerstéieren; maacht awer schéi faarweg an deier Broschüre vu Biber a faselt vu Biodiversitéit. Wat eng Clique vun Hochstaapler. An dat alles ass net fir äis puer Lëtzebuerger mä ausschliisslech fir déi aner. An ëmmer méi gëtt d’Fräiheet vun äis Lëtzebuerger ageschränkt wéinst där Mass déi äis iwwerfält.

An dann erschreckt et, wann een entdeckt, datt net d’Lëtzebuerger decidéiere wéi et hei am Land soll weider goen, mä Belsch, Fransousen, Däitscher, a virun allem Chinesen. Esou ass CREOS z.B. komplett an den Hänn vun de Chinesen. D’Lëtzebuerger spillen nach just eng Handlaanger – a Marionnetteroll.

Duerfir haalt op äis ze veraarschen a vu Biodiversitéit, Klimaschutz an Aarteschutz ze schwätzen.


Matgedeelt vum Pierre Peters – Opmaacherbild © Pierre Peters
D‘Meenunge vun de Lieser sinn perséinlech a spigelen net d‘Positioun vun der Redaktioun erëm.

Remark vun der Redaktioun:

Zur Persoun vum Här Pierre Peters: Mir weisen drop hin, datt dëse Personnage an der Vergaangenheet duerch Opruff zum Haass negativ opgefall an och dës ëfteren ugeklot ginn ass. Zu Lëtzebuerg gëllt hien als rietsradikal Persoun. Hie selwer gesäit seng Handlungen als reng Informatiounen am Déngscht vun der Meenungsfräiheet un.

Ähnlech Sujeten Alumine, Baach, Biber, Biodiversitéit, Carole Dieschbourg, Gemeng Réiden/Attert, Kläranlag, MECO, Pierre Peters, SIDEN, Uerschdref, Waasserverwaltung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel