Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dissens mat Teheran bedreet Weltfridden
Meenung

Dissens mat Teheran bedreet Weltfridden

Am Sträit ëm d‘Atomofkommes mam Iran gesäit alles dono aus,

Neie Wand iwwert de briteschen Inselen:
Meenung

Neie Wand iwwert de briteschen Inselen:

Fir den haarde Kampf géint d‘Kriminalitéit unzegoen, huet den neie

Déi Lëtzebuerger Sprooch géif ëmmer méi populär, heescht et…
Meenung

Déi Lëtzebuerger Sprooch géif ëmmer méi populär, heescht et…

Schoulrentrée, datt ass net eppes datt nëmmen de Krapperten an

Sinn déi klassesch Parteien duerch kleng, nei Beweegungen bedroht?

Sinn déi klassesch Parteien duerch kleng, nei Beweegungen bedroht?

Wien sech, dem Spiegel Journalist Henrik Müller no, an Europa ëmkuckt, stellt fest, datt déi grouss, klassesch Parteien ëmmer méi opléisen. Dëst stellt een a Frankräich, Italien an an den USA fest, a souguer an Däitschland kommen nei Parteien op, déi Spillräim ausloten, déi vun der traditioneller Offer scheinbar net bedéngt ginn.

2013 sinn zu Lëtzebuerg op nationalem Niveau néng Parteie mat an d’Wahle gaangen. Zwou dovunner waren nei mat dobäi: D’Piraten an d’PID. Wéi et fir d’nächst Joer ausgesäit, weess een nach net. De PID schéngt sech ëmmer méi op ze léisen, maachen se bei kengem Gemengewahlkampf mat an ass de Jean Colombera als prominentste Kapp net méi un der Spëtzt.

Wat fir eng nei Parteie kéinten dann do optauchen? Villäicht dem Joe Thein säi Péitenger Wahlveräin, woubäi dat manner als geséchert ass, stellt sech déi Partei nëmmen an enger Gemeng op an op se en nationalen Opschwong kréien däerf bezweifelt ginn. Da sinn do nach sou Gruppéierunge wéi „déi Liberal“, den SDV an déi nei gréng, wou net gewosst ass, wéi eescht se ze huele sinn. Och an engem nationalem Kader. An dann ass do dat grousst Fragezeeche ronderëm dem Fred Keup seng Nee 2015/ Wee 2050 Gruppéierung. Sou zimlech bei all Interview an der Press kënnt d’Fro op, op hien sech da fir eng Partei decidéiert hätt, oder éiere souguer eng nei wéilt grënnen.

Et muss een sech och d’Fro stellen, op méi Parteien der Demokratie am Groussherzogtum wierklech déngen. Eisen aktuelle Wahlsystem mat senge Bezierker mécht et virun allem klenge Parteie schwéier, Fouss ze faassen. Wann déi kleng Parteien sech ënnerteneen zerreiwen, kann dat duerchaus heeschen, datt déi grouss gestäerkt dorausser ervir ginn. Op der anerer Säit sinn d’Politesch Borden, an eisem Fall déi lénk, d’Kommunisten an d’adr an enger Situatioun, wou hinnen d’Klientel duerch nei, vermeintlech méi authentesch oder radikal Parteie strëtteg gemaach gëtt. Ma spannende gëtt dat doten op alle Fall.

Ähnlech Sujeten CSV, déi gréng, déi Konservativ, DP, Gemengewahlen 2017, Lëtzebuerg, LSAP, PID, Piratepartei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel