Search

You may also like

Verlängerung vun den Ëffnungszäite vum LNS Covid19 „Drive-in“ Testzenter
Money Neiegkeeten

Verlängerung vun den Ëffnungszäite vum LNS Covid19 „Drive-in“ Testzenter

Ab dem 29. November wäert den LNS-Testzenter, dee mëttels Drive-in

Käerjeng erweidert säin Heemliwwer-Service fir Bierger tëscht 70 a 75 Joer
Money Neiegkeeten

Käerjeng erweidert säin Heemliwwer-Service fir Bierger tëscht 70 a 75 Joer

De Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng informéiert seng Bierger, datt

Schikanéiert a kriminaliséiert… an awer Retten si weider Mënschen
Money Neiegkeeten

Schikanéiert a kriminaliséiert… an awer Retten si weider Mënschen

De Samschdegmëtten huet d’Crew vum Rettungsschëff Alan Kurdi 114 Mënschen aus zwee

money

Kleng lokal Geschäfter erhalen

Kleng lokal Geschäfter erhalen

E Freideg huet de jonke CSV-Deputéierte Serge Wilmes e Gesetzvirschlag an der Chamber ofginn. Mat dësem Gesetz soll et de Gemengen erméiglecht ginn, iwwert d’Virkafsrecht Geschäftszonen ze erhalen.

Et ass e Fakt, datt am Land ëmmer méi kleng Geschäfter hir Dieren zoumaachen, dat well se engersäits net mat de groussen Akafszentre kënne mathalen an d’Loyeren onbezuelbar ginn, an anersäits och der „virtueller“ Konkurrenz am Internet näischt entgéintzestellen hunn.

Deem ze begéine wier och eng Flicht vun der Politik, a well de Maart eben net alles géif reegelen, wéi dat vun der DP gäre behaapt gëtt, huet de Serge Wilmes sech dem Problem ugeholl. Hie verdeedegt d’Meenung, datt déi versprache Liewensqualitéit nëmmen ze erhalen ass, wann et och am Quartier oder um Duerf déi néideg Geschäfter gëtt, déi grondleeënd Wueren ubidden.

Wann de Gesetzprojet och sécherlech vun de bevirstoende Gemengewahle beaflosst ass, esou gëtt et gutt Grënn d’Iddi zum Gespréich ze maachen. Et gëtt villes gemaach fir déi douce Mobilitéit ze fërderen an genee esouvill iwwer Liewensqualitéit an de Stied geschwat.

Datt den Deputéierten de Volet „Virkafsrecht“ fir d’Gemengen an engem Gesetz wëll festhalen, déi heiduerch awer elo zu näischt gezwonge sinn, ass dann och gutt iwwerluecht. Eng Gemeng soll, esou de Serge Wilmes, net D’Geschäft maache mee et erméiglechen. Eng Epicerie, e Metzler, e Bäcker oder en Zeitungsbuttek sinn elementar fir de sozialen Zesummenhalt. Et ass do wou sech d’Leit aus dem Quartier, dem Duerf begéinen.

Zudeem, an dat ass am Text interessant, soll dat Virkafsrecht och eréischt da gräifen, wann e Geschäft veräussert oder net weidergefouert ka ginn. Esou soll verhënnert ginn, datt um lokale Plang kleng Enseignë verluer ginn an neier aus oft budgetären Ursaachen sech net kënnen néierloossen.

Esou besteet de Serge Wilmes dann och op de Fait, datt de Gesetzvirschlag sech an eng volontaristesch Politik aschreift. Et ass net rieds vun Interventioun, hei soll awer d’Méiglechkeet geschafe ginn eppes ze erhalen. Den Text enthält vill gutt Usätz déi enger Debat wierdeg sinn. Natierlech geet kee Gesetz esou ugeholl wéi et de Projet virgesäit. Hei hunn nieft de Parteien och nach de Staatsrot e Wuert matzeschwätzen. De Sujet selwer awer ass den Debat wäert.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics CSV, Geschäft, Gesetzvirschlag, Lokal, Serge Wilmes
Next post Previous post