De Kosovo feiert den 10. Jubiläum vu senger Onofhängegkeetserklärung
Am Kosovo ginn um haidege Sonndeg d‘Zeremonië weidergefouert, mat deenen
Am Kosovo ginn um haidege Sonndeg d‘Zeremonië weidergefouert, mat deenen
Alles Guddes fir de Gebuertsdag, Här King (wann och nodréiglech)!
Um Mëttwoch haten sech an der hollännescher Haaptstad d‘Regierungscheffe vun de Benelux-Länner zu engem klenge Sommet afonnt. Zweck vun dëser Entrevue tëscht dem Xavier Bettel (L), dem Mark Rutte (NL) an dem Charles Michel (B) war et ze definéieren, wéi een de Benelux als Virreider am Beräich vun der nohalteger Entwécklung an der Innovatioun ka stäerken.
Bei de Gespréicher stoung natierlech och déi politesch Aktualitéit op der Dagesuerdnung, zentrale Sujet war dann awer d‘Zesummenaarbecht op Benelux-Niveau. Hei hunn déi dräi Premierministeren sech fir eng Stäerkung vun der Kooperatioun tëscht de Länner ausgeschwat. Gewënscht si Synergië bei der nohalteger Entwécklung an der Innovatioun, mee och d‘Zesummenaarbecht bei der Digitaliséierung soll verdéift ginn.
„De Benelux ass wäit méi, wéi nëmmen eng Communautéit vu Wäerter. Säit senger Grënnung 1944, war de Benelux ëmmer de Virreider a villen Domänen an der Mëtt vun der europäescher Unioun“, esou de Premierminister Xavier Bettel no der Entrevue.
„Et ass déi gutt Zesummenaarbecht, déi et méiglech gemaach huet zanter laangem op Grenzen tëscht eise Länner ze verzichten. Zesumme schaffe mir fir d‘Prosperitéit, méi Sécherheet a wirtschaftleche Wuesstem a ginn uecht op eng nohalteg Entwécklung um Gebitt vun de Benelux-Länner (…) Mir hunn eis och entscheet déi Zesummenaarbecht auszebauen an och d‘Roll vum Benelux als consultativ Plattform innerhalb de EU ze stäerken“.
Bei der Entrevue hunn d‘Regierungscheffen sech och fir eng erweidert Zesummenaarbecht vun der Police ausgeschwat. D‘Kooperatioun an den Austausch vun Informatioune soll et den Autoritéiten erméiglechen der grenziwwerschreidender Kriminalitéit wierksam entgéint ze trieden.
mam SIP
Foto: (v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister Lëtzebuerg; Mark Rutte, Premierminister Holland; Charles Michel, Premierminister Belsch © ME/SIP