Mir sinn dach all bësse futti?!
No neie Statistike vun Eurostat ass all 4.Persoun, ab dem
No neie Statistike vun Eurostat ass all 4.Persoun, ab dem
Fir zéngdausende Kölner a Karnevalsbegeeschterter huet um 11.11. pünktlech um
Loscht eppes iwwert de Beruff vum Schmadd ze léieren? Eventuell
Blummen an enger Wiss ze séinen, ass net nëmmen eng schéi Saach. Si huet och e konkreten Notzen: Domat hëlleft ee ganz direkt de Beien. Well während d’Hunnegbei sech an de leschte Joren erëm liicht erkritt huet, geet et de Wëllbeien net esou gutt. Hinne feelen oft déi néideg Blummewisen, fir ze iwwerliewen. Grad dowéinst sinn Aktiounen wéi déi vun Greenpeace an Natur&Ëmwelt esou wichteg. Si sinn de leschte Weekend ausgezunn, fir op der Kockelscheier esou eng Wiss ze séinen.
Dëst ass mëttlerweil néideg ginn. D’Landschaft gouf ëmmer méi zersidelt an d’Landwirtschaft ëmmer méi intensiv. Et gëtt méi gedüngt a Grieser dominéieren, stellen déi zwou Organisatiounen an hirer Pressematdeelung fest. A bekanntlech ass den Asaz vu Pestiziden e grousse Problem, wann et ëm d’Erhale vun der Biodiversitéit an de Beie geet.
D’EU huet zum Gléck mëttlerweil d’Neonicotinoiden am Fräilandgebrauch verbueden. Dës Gëfter waren eng immens Gefor fir d’Beien. Och wann dëst e positiivt Zeeche wier, kann een dowéinst nach laang net vun enger Berouegung vun der Lag schwätzen. Well aner toxesch Stoffer géinge weider benotzt ginn. De Verbuet wier, esou d’Organisatiounen, ebe keen Allheelmëttel. Mee esou Aktioune wéi dës vun natur&ëmwelt a Greenpeace setzen e faarwegt Zeechen.