Interessant Fro: „Wat bréngen déi vill Investitioun-Euroen?“
(Intro: Well d‘Gefor grouss ass dat et onbemierkt bleift, de
(Intro: Well d‘Gefor grouss ass dat et onbemierkt bleift, de
Vum 25. bis de 27. Oktober fënnt op der Gemengeplaz zu
De Rapper Pablo Hasels beleidegt a rifft zur Gewalt géint
Wann déi jonk schwedesch Klimaaktivistin Greta Thunberg an den USA sécherlech net esouvill Zousproch erhält wéi an Europa, esou hunn sech him e freideg awer honnerte Jugendlecher fir d‘Demo beim Wäissen Haus ugeschloss. Et ass eng impressionnant jonk Damm…
D‘Greta Thunberg huet an den USA keen Hype ausgeléist. Bei zwou Protestaktiounen zu New York haten sech verhältnesméisseg wéineg Leit „ugeschloss“ an och d‘Demo zu Washington kann een als „iwwersiichtlech“ beschreiwen. Dat awer këmmert d‘Greta net, et geet schliisslech net ëm seng Persoun, mee ëm d‘Äerd, där hire Klima an folgerichteg ëm d‘Iwwerliewe vun der Mënschheet.
Opgestallt haten sech d‘Klimaaktivisten onwäit dem Gaart un der Südsäit vum Wäissen Haus. Hei huet d‘Greta Thunberg mat engem Megaphon eng kuerz Usprooch gehalen: „Et si vill Leit hei. Ech mengen et sinn der méi wéi iergendeen sech dat erwaart huet. Dat ass iwwerwältegend“.
Schonn um Virmëtteg haten sech eng 50 Aktivisten et op enger Wiss, net wäit ewech vum Wäissen Haus, gemitterlech gemaach. Lues a lues gouf de Grupp ëmmer méi grouss, Banner a Plakater sinn ausgebreet ginn, eng „gewëssen Organisatioun“ huet sech opgedoen. Wéi sech zortéiert hate sinn se du geschlossen op de Regierungssëtz duer gaangen. Dat ganz mat vill Disziplin a gudder Laun.
Dës Demonstratioun zu Washington, déi wuel éischter Symbolcharakter huet wéi datt si déi amerikanesch Ëffentlechkeet vun hiren Alldagssuerge kéint oflenken, huet sech direkt un den US-President gewannt. Deen ass jo bekanntlech iwwerzeegt, datt d‘Äerderwiermung „naturgewollt“ ass, a folglech net vum Mënsch ka provozéiert gi sinn. A vill Amerikaner gleewen deem dat och.
Vun do aus, an ugesiichts de villen „Aussoen“ déi den Donald Trump dozou gemaach huet, den US-President als „Ligener“ ze nennen, brauch et nëmmen e klenge Schratt. Esou war op engem Plakat ze liesen „De Planéit brennt, den Trump ass ee Ligener!“. An d‘Aktiviste leien domatter richteg.
Elo ass den Donald Trump awer matten am Wahlkampf, an iergendwéi kann ee mat Ëmweltschutz an Humanismus an den USA keng Wahle gewannen. Do geet et ëm Jobs, illegal Migratioun an de maximale Profit fir amerikanesch Konzerner. Dat weess och d‘Greta, firwat d‘Knetzel nach viru senger Rees an d‘USA gemengt hat, dat eng Entrevue mam US-President Zäitverschwendung ass.
Déi jonk Damm huet jo wiesentlech méi wichteg Terminer a wéineg Interessi dem Donald Trump eng Plattform ze bidden. Esou de Jugend-Klimasommet vun de Vereenten Natiounen zu New York. Net ze vergiessen datt d‘Greta beim UN-Klimasommet vun de Staats a Regierungscheffen optrëtt.
mat indymedia/was
Foto: © Greta Thunberg (official)