Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

63 järege Journalist gëtt Nofolger vum Antonio Tajani
International Neiegkeeten

https://moien.lu/meeting-someone-on-a-dating-app/

De Manfred Weber ex konservative Spëtzekandidat a Fraktiounschef vun der

dating website pc
International Neiegkeeten

Japan: Organspend duerch Mëschwiesen?

Fuerscher aus Japan wëllen elo ee liewegt Mëschwiesen op d’Welt

462.000 Schmuggelzigarette séchergestallt!
International Neiegkeeten

462.000 Schmuggelzigarette séchergestallt!

Um Dënschdeg, den 11. Juni huet d’Fruechtkontrolleenheet vum Zoll 462.000

Klimaaktivistin gesond a glécklech zu New York ukomm

„Dat alles hei ass iwwerwältegend. De Buedem wackelt nach“, esou d‘Greta Thunberg

Klimaaktivistin gesond a glécklech zu New York ukomm

Zwou Wochen huet d‘Crew vun der Malizia fir d‘Iwwerfaart bis New York gebraucht. Hei gouf déi jonk schwedesch Klimaaktivistin Greta Thunberg vun honnerte „Virwëtzegen“, Aktivisten an de Medien empfaangen. Et ass fir d‘Éischt datt déi 16 järeg Knetzel US-Buedem betrëtt a schonn ee Freideg wëll et un enger Demo fir de Klima virun de Vereenten Natiounen deelhuelen.

KlimaaktivistinFir de Skipper Boris Herrmann war den Empfang – och wann e sech esou eppes erwaarde konnt – ongewinnt. „Dat ass e groussaartegen Empfang. Immens Staark… wierklech emotional“. Op seng „Passagéierin“ ass de norddäitsche Segelprofi awer zolidd houfreg: „Esou eppes hätten nëmme ganz wéineg Mënsche gepackt“. Och de Pierre Casiraghi (Co-Skipper) ass vum Greta begeeschtert.

Klimaaktivistin

© Greta Thunberg Official/UNFCCC

D‘Malizia – esou de Numm vun dëser Sportsegeljacht – war viru 14 Deeg vum britesche Plymouth gestart. Nieft de Skipper Boris Herrmann an Pierre Casiraghi, war net nëmmen d‘Greta Thunberg mat u Bord. Och de Papp Svante an en Dokumentarfilmer hunn d‘Iwwerfaart matgemaach an och iwwerstanen. Et war eng „sënnvoll“ Aventure, bei där d‘Message méi bedeit wéi d‘Rees selwer.

E Meedchen, e Schëld an eng Fuerderung

Um fréie Mëttwochmueren twittert d‘Greta Thunberg: „Land!! D‘Liichter vu Long Island an New York viraus“. E gudden ament méi Spéit huet d‘Malizia viru Coney Island den Anker gehäit fir déi üblech Douanesformalitéiten ze erleedegen. Duerno ass Manhattan ugesteiert ginn an d‘Greta huet ee Selfie vun sech an der New Yorker Skyline gepost. D‘Rees war iwwerstanen elo geet et Eescht.

KlimaaktivistinAn dës jonk Damm, déi an de sozialen Netzwierker net nëmme Supporter huet, hat knapps d‘Zäit u Land ze goen, datt sech d‘Medie mat all hire Froen op et gestierzt hunn. D‘Greta huet och dëse Moment gemeeschtert: „Dat war iwwerraschend gutt an ech war net emol Séikrank. (…) Dat alles hei ass iwwerwältegend. De Buedem wackelt nach“, esou dem Greta säin éischte Statement.

Elo géif et sech ee puer Deeg Rou gënnen an emol nees eppes „Richteges“ iessen. Natierlech hat d‘Greta, dat vum UN-Generalsekretär Antonio Guterres zum Klimasommet (23. September) ageluede gouf, säi Plakat „Skolstrejk för klimatet“ (Schoulstreik fir de Klima) ënnert dem Aarm. An dat ass mëttlerweil wäit méi wéi e Symbol. Et markéiert den Antrëtt an eng nei Ära…

KlimaaktivistinNom UN-Klimasommet, esou zumindest dem Greta Thunberg säi Plang, steet eng Visite vu Kanada a Mexiko un. Am Dezember wëll déi engagéiert Aktivistin zur UN-Klimakonferenz am Chile. Si ass et dat virun der Äerderwiermung warnt, sech dobäi vu kengem an näischt oflenke léisst an aner „Kanner“ op der ganzer Welt zu de „Fridays 4 Future“ inspiréiert huet. Dat gefält net jidderengem…

mat indymedia/nyc/sto

Foto: © Greta Thunberg Official/UNFCCC

Ähnlech Sujeten Fridays for Future, Greta Thunberg, Klimaktivistin, Malizia, UN-Klimasommet, Youth For Climate Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel