Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ADR: e kontradiktoresche Koalitiounsaccord mat gudden Iddien
https://moien.lu/dating-my-daughter-android/ Neiegkeeten

https://moien.lu/consumer-affairs-online-dating-sites/

Wéi sech de Gast Gibéryen (ADR) e Mëttwoch an der

https://moien.lu/groupon-speed-dating-nyc/
https://moien.lu/dating-my-daughter-android/ Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XXVII: Et geet zum Enn hin…

Si waren de leschte Samschdeg schonn net méi „déi kritesch

Bojack Horseman ass depriméierend, an dat ass gutt esou
https://moien.lu/dating-my-daughter-android/ Neiegkeeten

Bojack Horseman ass depriméierend, an dat ass gutt esou

Et dierft een um Animatiounsmaart wuel kaum eng esou komesch

Klimaaktivistin trëfft op kanadesche Premierminister

Trotz dem verspriechen 2 Milliarde Beem ze planzen huet den Justin misse Kritik astiechen

Klimaaktivistin trëfft op kanadesche Premierminister

„Greta meets Justin“ war ee vu ville Spréch an de sozialen Netzwierker, déi e Freideg am Kontext vum „United for Climate Justice“ an Kanada ze liese waren. Zu Montreal hunn dann och gutt eng hallef Millioun Mënsche mam Greta Thunberg fir de Klima demonstréiert. Mee virun der Maniff hat d‘Greta Thunberg eng Entrevue mam Premierminister Justin Trudeau.

Klimaaktivistin

Eng hallef Millioun Mënschen hunn zu Montreal fir Klimagerechtegkeet demonstréiert. © Greta Thunberg Official

An deen hat sech d‘Gespréich mat dëser „Knetzel“ – déi jo awer mëttlerweil och un Erfarung derzou gewonnen huet – wuel eppes anescht virgestallt. Wéi och ëmmer, no der Entrevue huet d‘Greta an enger Pressekonferenz mat kanadeschen Urawunner erkläert, datt hat dem Justin Trudeau huet misse virwerfen, net konsequent genuch géint de Klimawandel virzegoen.

Klimaaktivistin

„Haut si mir fir eise Planéit marschéiert, fir eis Kanner a fir hir Zukunft“, Justin Trudeau © Office of the Prime Minister

De Justin Trudeau huet sengersäits och de Medie Ried an Äntwert gestanen. Hien ass matten dran am Wahlkampf a versprécht, datt sollt hien erëmgewielt ginn, hien 2 Milliarde Beem planze wëll. Iwwert d‘Greta seet de Premier, datt d‘Aktivistin eng ganz beandrockend Persoun ass, déi d‘Saach virubréngt an d‘Stëmm vun enger ganzer Generatioun ass, där een nolauschtere sollt.

E politiséierte Protest

No hirem privaten „Tête-à-tête“ hunn d‘Aktivistin an de Politiker sech dem Klima-Protest zu Montreal ugeschloss. Hei sollen sech laut dem Veranstalter bis zu 500.000 Mënsche versammelt hunn. D‘Greta Thunberg stellt hei fest: „Et ass einfach net ze gleewen, datt esou vill Mënsche fir eng an déiselwecht Saach vereent sinn“. Elo mussen „déi“ et awer och ëmsetzen.

An déi jonk Schwedin huet och nach emol ënnerstrach: „Schweden a Kanada wieren allebéid angeblech Leader a Saache Klimaschutz. A béide Fäll heescht dt absolut näischt. A béide Fäll sinn et nëmmen eidel Wierder“. An iergendwéi stëmmt dat och, béid Länner – ouni dofir mam Fanger op si weisen ze wëllen – hunn déi eege gesate Klimaziler ëm Längte verpasst…

Klimaaktivistin

Och zu Buenos Aires sinn d‘Kanner fir hir Zukunft demonstréiere gaangen. © Marian Ventura (via Twitter)

Dofir kann een den Dag vun „United for Climate Justice“ weltwäit als Erfollegräich betruechten. Millioune Mënschen hunn op der ganzer Welt fir „Klimagerechtegkeet“ demonstréiert. Esou och zu Lëtzebuerg, wou eng ronn 5.000 dem Opruff vun der Jugend an der Zivilgesellschaft nokomm war. En ausféierleche Bericht dozou gëtt et vun eis e Méindeg.

Foto: Merci dir, Greta Thunberg, datt s du eies Kanner inspiréiers, eis dozou fuerders méi ze maachen an e Mouvement op d‘Been ze stellen, deen dat méiglech mécht“, justin Trudeau © Office of the Prime Minister

Ähnlech Sujeten Extinction Rebellion, Fridays for Future, Greta Thunberg, Justin Trudeau, Klimaaktivistin, No Planet B, United for Climate Justice, Youth For Climate Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel