Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Wéi eng Serie solls de haut nach ufänken ze kucken?
Stories

Wéi eng Serie solls de haut nach ufänken ze kucken?

Et ginn esou vill Serien, datt et oft schwéier ass,

De schwaache Versuch zum Glyphosat e Kompromëss ze fannen
Stories

De schwaache Versuch zum Glyphosat e Kompromëss ze fannen

Et ass vun der EU-Kommissioun alles dru gesat ginn, d’Notzung

Chamberwahlen: Eng Zukunft déi lëtzebuergesch schwätzt a keng Steiere méi bezilt
Stories

Chamberwahlen: Eng Zukunft déi lëtzebuergesch schwätzt a keng Steiere méi bezilt

E Méindeg huet déi Demokratesch Partei (DP) hire leschte Volet

Wa Klimaanlagen de Klimawandel virundreiwen

Wa Klimaanlagen de Klimawandel virundreiwen

Bei grousser Hëtzt huet zimlech all Mënsch de Besoin sech ofzekillen, mee net jidderee kann de ganzen Dag beim Waasser verbréngen oder sech soss eng kill Plaz sichen. A wie schaffe muss, gesäit den Asaz vun enger Klimaanlag als „Optioun“ mat engem gudden A.

Hei muss een awer uecht doen, datt een net ze kuerz denkt, wëll esou eng Klimaanlag, déi wuel kuerzfristeg hëlleft, ass net nëmmen ee „Stroumfrësser“ mee zudeem eng reell Bedreeung fir de Klima. D‘Experte warnen dann och virum onkontrolléierten Asaz vu Klimaanlagen.

Aus dem Beriicht vun der internationaler Energie-Agence (IEA) „The future of cooling“ geet ervir, datt sollte weiderhi massiv Klimaanlagen installéiert ginn, esouwuel de Verbrauch vu Stroum „explodéieren“ wäert, wéi och d‘Emissioune vu klimaschiedleche Gasen exponentiell zouhëlt.

All Sekonn ginn 10 Klimaanlage verkaf

Laut der IEA géifen an den nächsten 30 Joer all Sekonn 10 Klimaanlage verkaf, wat derzou féiert, datt een 2050 op der Welt 5,6 Milliarden dëser Maschinne wäert am Asaz hunn. Experten, déi sech d‘Zuele vun der internationaler Agence méi genee ugekuckt hunn, gi vu wäit méi Klimaanlagen aus.

Dat huet domatter ze dinn, datt sech d‘IEA an hirem Bericht op de Besoin vun den emergente Länner wéi China, Brasilien an Indien bezitt, hei awer net déi sech widderhuelend Hëtztwellen iwwer Europa an d‘Berechnungen ageschloss huet.

Klimaanlagen

D‘Klimaanlagen si verantwortlech fir bis zu 20% vum Stroumverbrauch vun engem Gebai.

Europa huet wirtschaftlech betruecht d‘Mëttel Klimaanlagen anzesetzen. Wat dat ka bedeiten, kann et engem „kal de Réck eroflafe loossen“. Gi keng Alternative fonnt, da verbraucht Europa bis 2050 esouvill Stroum wéi China. Den Impakt op de Klimawandel ass deemno evident.

Laut dem Rapport vun der IEA vum 15. Mee, bedréit de Besoin un Energie fir all déi Klimaanlagen ze bedreiwen, aktuell 10% vum der weltwäite Stroumverbrauch. D‘Experte weisen drop hin, datt haut ronn 20% vum Stroumverbrauch fir e Gebai, op de Kont vu Klimaanlagen a Ventilatore geet.

Wou dréckt de Schong?

Datt den Asaz vu Klimaanlagen do am héchsten ass, wou et am wäermsten ass, läit op der Hand. An awer ass et bis ewell nach esou, datt manner wéi en Drëttel Menagen op der Welt iwwert eng Klimaanlag verfügen. An héich industrialiséierte Länner, wéi beispillsweis Japan oder d‘USA, sinn iwwer 90 % vun de Menage mat enger Klimaanlag ausstafféiert.

Am Verglach: vun den 2,8 Milliarde Mënschen déi op de wäermste Plaze vun der Welt liewen, hu grad emol 8% Menagen eng Klimaanlag. Datt stellt dann och esouwuel eng wirtschaftlech Opportunitéit duer, wéi och eng reell Bedreeung fir de Klima duer. Hei besteet Handlungsbedarf.

Den Direkter vun der IEA, Fatih Birol, stellt fest: „D‘Zounam vun der Demande no Stroum fir déi Klimaanlagen ze bedreiwen, ass ee vun de kriteschste Punkten an der haideger Energiedebatte. Mat der Evolutioun vum Akommes, kënnen sech ëmmer méi Mënschen eng Klimaanlag leeschten, a während déi zu enger besserer Liewensqualitéit bäidroen, muss mat Récksiicht op de Klimawandel eng besser Effizienz erziilt ginn“.

„Mat engem effizienten Zeenario, dee kompatibel mat de Klimaziler vu Paräis ass, kann een, ouni datt op Klimaanlage muss verzicht ginn, de Problem an de Grëff kréien“, esou d‘IEA. Dofir mussen déi Apparater méi effizient ginn, wouduerch bis zu 2,9 Trilliounen US-Dollar gespuert kënne ginn.

Den Denkfeeler

Déi mannste maachen sech Gedanken doriwwer, besonnesch wann et engem bei dësen Temperature gemitterlech kill ass. Et ass awer erwisen, datt wat een d‘Gebaier banne méi ofkillt, et dobaussen ëmmer méi waarm gëtt. An deem een also op der Sich no Keelt ass, dréit een (oft onbewosst) zum Klimawandel bäi.

Dobäi si Klimaanlagen net onnëtz, wéi beispillsweis am Spidol- oder Fleegesecteur, mee och an den Altersheimer. Eng Erkenntnis déi aus de 60 Jore staamt an déi d‘Amerikaner gemaach hunn. Duerch den Asaz vu Klimaanlage sinn an de Südstaaten manner Leit un tropesche Krankheete gestuerwen.

An och wann een an Europa, am Géigesaz zu de Klimaanlagen a China oder den USA, ronn 25% manner Energieverbrauch huet, well se méi effizient sinn, esou dréit all Anlag zum Klimawandel säin Deel bäi. A wierklech „Gesond“ sinn se zudeem och net. Esou kann eng falsch Notzung och matten am schéinste Summer zu Sinusitten oder, am schlëmmste Fall, zu enger Longenentzündung, féieren.

Sinn Datenzenter déi nei Klimagéigner?

Mat der Entwécklung vun der sougenannter „digitaler Ära“ klëmmt de Besoin un Datenzenter, an déi verbiergen e klengt Geheimnis. Weltwäit entsti stänneg nei Datenzenter, esou och bei eis, a wann et jidderengem kloer ass, datt déi Server iwwert déi eis Daten uechtert d‘Welt verstreet ginn, Stroum brauchen, esou muss gewosst sinn, datt déi Maschinnen och musse gekillt ginn.

Klimaanlagen

Datenzenter brauche vill Stroum fir d‘Server operationell ze halen. Déi entwéckelen enorm vill Hëtzt, firwat hei d‘Klimaanlage besonnesch intensiv agesat ginn.

Aus enger franséischer Etüd geet ervir, datt en Datenzenter mat enger Fläch vun 10.000 M² den energetesche Besoin vun enger Stad wéi Esch-Uelzecht huet. An dësem Kontext kann een op de Projet vum Google-Datenzenter zu Biissen hiweisen, deen op enger Fläch vu 37 Hektar entstoe soll.

Woubäi bei dësem Projet den effektive Stroumverbrauch, an d‘Hëtzt déi duerch dëse Verbrauch generéiert gëtt, e Problem duerstellt. Hei soll zwar, esou de Plang, nëmme „grénge Stroum“ agesat ginn, wat net awer net realistesch ass, well Lëtzebuerg guer net esouvill grénge Stroum produzéiert.

Bedenkt een, datt an de leschte Méint vill iwwert den Impakt op d‘Ëmwelt, vun der Steewollfabrick zu Suessem oder der Jughurtsfabrick zu Beetebuerg geschwat ginn ass, esou ass séier wéineg vum Afloss op d‘Natur an d‘Ëmwelt vun dësem Datenzenter rieds gaangen. Duerch d‘Hëtztwell déi ganz Europa am Grëff huet, sollt ee sech dësem Sujet unhuelen…

mam Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Hëtztwell, IEA, Klimaanlagen, Klimawandel, Stroumverbrauch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel