Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Broschtkriibs frei genuch erkennen
first message to a girl on a dating website Neiegkeeten

suzy dating rumors

Och a Frankräich ass Broschtkriibs de meescht verbreeten an déidlechst

https://moien.lu/best-dating-chat/
first message to a girl on a dating website Neiegkeeten

Neikaledonien wiert sech géint de Plastik

Neikaledonien huet entscheet, bis 2020 progressiv all Plastik fir den

APERAM S.A.: zwou linear Erhéijungen dank dem neie Kollektivvertrag
first message to a girl on a dating website Neiegkeeten

APERAM S.A.: zwou linear Erhéijungen dank dem neie Kollektivvertrag

E Méindeg huet den LCGB matgedeelt, datt et de 15.

Klimakonferenz: Déi kleng Fidschi gesi grouss

Klimakonferenz: Déi kleng Fidschi gesi grouss

Et ass de Premierminister vun de Fidschi, deen d‘Welt bei der Klimakonferenz un déi haart Realitéit vun de Folge vum Klimawandel, dat säi Vollek muss erdroen, wäert erënneren. De Klimawandel ass reell, seng Auswierkunge sinn desastréis an d‘Géigemoossnamen dréngend gebueden.

Vun haut un fënnt déi 23. vum der UNO organiséiert Klimakonferenz (COP23) zu Bonn statt. Presidéiert gëtt d‘COP23 vum Frank Bainimarama. De Regierungschef vum klengen Archipel ass dann och gutt placéiert fir ze erklären, datt déi kleng Inselstaaten am Pazifik, bei der Äerderwiermung an der éischter Rei sëtzen.

Als Virbereedung op seng Roll als President vun der COP23, huet de Frank Bainimarama den Tour vum Planéit gemaach. Hien hat sech déi lescht Méint iwwer drop konzentréiert, d‘Leit am Bezuch op d‘Problemer déi d‘Awunner vun dëse Mikro-Natiounen hunn, ze sensibiliséieren.

„D‘Waasser dat klëmmt, déi extrem meteorologesch Situatiounen oder d‘Verännerunge fir d‘Landwirtschaft (…) bedréien eis Liewensweis an a verschiddene Fäll d‘Existenz selwer“ betount de Premierminister vun de Fidschi. „Mir sinn déi verwonndbaarst an als déi musse mir gehéiert ginn“.

An et gëtt dann och Wëssenschaftler déi virdru warnen, datt kleng Inselstaaten mat wéineg Héicht vum Mier kéinte geschléckt ginn. De Baueren hir Felder an d‘Séisswaasserquellen si vum Mierwaasser kontaminéiert. Op de Marshallinselen sinn scho Kierfechter duerch d‘Klamme vum Mier, verluer gaangen.

Matten dran an net just derbäi

De Frank Bainimarama erënnert drun, datt säi Land vu ronn enger Millioun Awunner, am Februar 2016 vum Zyklon Winston verwüst ginn ass. Ee vun de gréisste Stierm – mat Wandspëtzte vun 325 Km/Hdee – dee jeemools am Südpazifik op Land gestouss ass. D‘Katastroph hunn 44 Mënschen net iwwerlieft a eng 40.000 Haiser goufe glat ewechgerappt. D‘Land hat iwwer Nuecht en Drëttel vu senger Wirtschaftskraaft verluer.

Fréier huet dësen Typpe vu Super-Zyklon emol all zéng Joer ginn. Mee virum Winston, hat 2015 schonn den Zyklon Pam eelef Mënschen op Vanuatu aus dem Liewe gerappt. D‘Fidschi liewen haut an der Angscht, datt esou Stierm stänneg op d‘Insele lassginn.

„Mir mussen eis enger Situatioun stellen, an där een eenzegt Evenement dat direkt d‘Fischi géif treffen, Jore vun Entwécklung géif zerstéieren a mir ëmmer erëm op e neits mussen ufänken“, erkläert de Frank Bainimarama de Journalisten.

„An d‘Beweiser leien op der Hand, se si Weltwäit ze gesinn. Op et ëm d‘Pakäis an der Arktis geet dat eis bannent 40 Joer ka verluer goen, Stied wéi Miami a 50 Joer vum Mier geschléckt ginn oder an der selwechter Zäit dräi ganzer Natiounen – Kiribatu, Tuvalu an d‘Marshallinselen – am Pazifik ersaufen“.

D‘Zil: 1,5° Celsius

Zu Bonn muss et dem Premierminister vun de Fidschi seng éischt Prioritéit sinn „eng grouss Koalitioun mat de Regierungen, der Zivilgesellschaft an dem Privatsecteur opzebauen. Déi eenzeg Chance de Paräisser Accord vun 2015 ëmzesetzen. Hei haten sech 190 Länner engagéiert d‘Äerderwiermung ënner 2° Celsius ze halen.

Dat gëtt net einfach, wann ee bedenkt, datt den Erik Solheim, Direkter vum UN-Programm fir d‘Ëmwelt (UNEP) huet misse kloerstellen: „datt den Ënnerscheet tëscht de Verspriechen zu der Begrenzung vun den Dreiwhausgas-Emissiounen an de Mesuren, déi ee wierklech misst huele fir dat Zil ze erreeche schlicht katastrophal ass“.

„Ee Joer nom Akraafttriede vum Paräisser Klimapakt, si mir wäit dovunner ewech dat ze maache wat misst gemaach gi, fir honnerte Millioune Mënsche virun engem Liewen a Misär ze schützen“, betount den UNEP-Direkter.

Et sollt also verständlech sinn, datt d‘Fidschi an all déi aner Inselstaaten hoffen, déi grouss „Verschmotzer“ kënnen ze iwwerzeegen, datt ee vill méi wäit muss goen, an d‘Äerderwiermung op maximal 1,5° Celsius géintiwwer der virindustrieller Ära muss begrenzen.

Fir de Frank Bainimarama ass et déi gréissten Erausfuerderung där d‘Mënschheet ausgesat ass. Et wäert sech musse mobiliséiert ginn, grad ewéi wann ee géif an de Krich zéien. Hie versicht dann awer och Optimismus ze verbreeden, a wett drop, datt sech d‘USA net, esou wéi et den Donald Trump versprach huet, aus dem Paräisser Accord erauszéien.

mam Joshua Kuku/AFP

Foto: De Frank Bainimarama, Premierminister vun de Fidschi, hei beim Klimadialog vu Petersberg zu Berlin am Mee 2017. © Kay Nietfeld/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Bonn COP21, COP23m, Fidschi, Frank Bainimarama, Klimakonferenz, UNEP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel