Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwernam vun ArcelorMittal Diddeleng duerch Liberty House
Neiegkeeten

Iwwernam vun ArcelorMittal Diddeleng duerch Liberty House

Eng Delegatioun vum OGBL, an der Personaldelegatioun vun ArcelorMittal Diddeleng,

EU-Naturschutzdirektiven: Lëtzebuerg muss noleeën
Neiegkeeten

EU-Naturschutzdirektiven: Lëtzebuerg muss noleeën

An engem neie Bericht zur Ëmsetzung vun den zwou EU-Direktive

Hotel Novotel Sevilla: Ee frëscht Konzept, wat iwwerzeegt!
Neiegkeeten

Hotel Novotel Sevilla: Ee frëscht Konzept, wat iwwerzeegt!

Dem faarwefrouen Andalusien an der räichhalteger Ëmgéigend vu Sevilla wollt

Klimaplang Lëtzebuerg: 20 Euro fir all Tonn CO² déi ausgestouss gëtt

Klimaplang Lëtzebuerg: 20 Euro fir all Tonn CO² déi ausgestouss gëtt

Genee eng Woch no der Virstellung vum Klimaschutzgesetz, huet de Regierungsrot elo och dem integréierten Energie- a Klimaplang – wéi vun der EU-Kommissioun gefuerdert – gréng Luucht ginn. Zil dovunner ass et d‘Zäregasemissioune bis 2030 ëm 55% ze reduzéieren.

Wann de Klimawandel zur gréisster Erausfuerderung vun der Mënschheet gëtt, muss ee sech och entspriechend ambitiéis Ziler setzen. Fir Lëtzebuerg heescht dat, bis 2030 d‘Zäregasemissiounen ëm 55% ze reduzéieren, eng energetescht Effizienz vu 40% bis 44% hierstellen an den Undeel vun den erneierbaren Energien op 25% ze hiewen. Dat an der Regierung duerchzesetze war net einfach.

Fir den Energieminister Claude Turmes (déi gréng) eng haart erkämpfte Victoire, ëmmerhin huet et missen e Konsens an der Koalitiounsregierung ginn. An dat dierft och keng einfach Affäre gewiescht sinn, well et steet net nëmme wirtschaftlech vill um Spill, och de sozialen Impakt vun engem Energie- a Klimaplang huet misse berécksiichtegt ginn. Elo awer steet de Plang…

Keng Zäit ze verléieren an awer net presséiert sinn

Interessant bei der Erkenntnis, datt et esou eppes wéi e Klimanoutstand, oder zumindest eppes wéi eng klimatesch Urgence gëtt: de Fait datt et an éischter Linn ëm Geld geet, statt der Ëmsetzung vu Moossnamen déi reell d‘Ressource schounen, manner Dreck maachen an Ëmweltverdréiglech sinn.

A well een Industrie a Wirtschaft zu näischt zwénge kann, de Mënsch seng Gewunnechten net gären ännert, gëtt de Leit an d‘Täsch gegraff. Esou ass dann och eng vun de Mesure déi kengem wäert entgoen, d‘Aféierung vun enger Karbonsteier. Déi sougenannt CO²-Tax soll ab 2021 am Kader vun der Steierreform zum droe kommen. Eng Tonn CO² soll da mat 20 Euro besteiert ginn.

Laut dem Claude Turmes géif esou de Prinzip vum „Pollueur-Payeur“ Rechnung gedroe ginn. Dës Tax betrëfft déi fossil Energien (Pëtrolsproduiten an de Gas). Fir en duerchschnëttlechen Haushalt kann dat e Montant vun 200 Euro/Joer ausmaachen, esou de Minister, deen direkt bäifüügt, datt et der Regierung wichteg ass uecht ze doen, keng sozial Ongerechtegkeeten ze schafen.

Mat dëser Karbonsteier sollen iwwer 100 Milliounen an d‘Staatskeess fléissen. Gutt d‘Hallschent vun dësem Geld soll a Konkret Hëllefsmoossname gestach ginn, déi et der Industrie an de Menage sollen erméiglechen, méi „Klimaneutral“ ze ginn. Déi aner Hallschent soll deenen Aarmen, déi vun dëser Tax am stäerkste betraff sinn, zoukommen. Do ass awer d‘Hoffnung de Papp vum Gedanken.

Den Transportsecteur an de Grëff kréien

Laut dem Energieminister wier de Secteur vum Transport an der Logistik deen, wou den Ausstouss un CO² am gréissten ass (64,4%), firwat dësem eng besonnesch Opmierksamkeet soll zoukommen. Elo kann een déi national Transporteure – déi jo iergendwéi konkurrenzfäeg bleiwe mussen – net widder de Kapp schloen, firwat de Claude Turmes dem Tanktourismus de Krich erkläert.

Nodeems schonn am Fréijoer d‘Accisen um Diesel (+ 2 Cent) a Bensin (+1 Cent) gehéicht goufen, soll et am Januar zu weidere Moossname kommen. An esou wéi sech de Minister ausgedréckt huet, wäert et net dobäi bleiwen. Wat do alles nach op eis an op d‘Tanktouristen zoukënnt gouf net gesot.

Nieft den Accisen, ass dann awer och eng Reform vun der Steier op d‘Gefierer geplangt. Wien sech en Auto keeft deen Null-Emissioun, oder nëmme ganz wéineg CO²-Emissiounen Opweises huet, dee soll steierlech profitéiere kënnen. Och dat soll an d‘Steierreform 2021 afléissen. Et gëtt awer net berécksiichtegt, wéi vill CO² ausgestouss gëtt fir esou ee proppert Gefier ze bauen.

Wann et och duerchaus gutt geduecht ass, d‘Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg ze entwéckelen, sollt ee sech bewosst sinn, datt dat op aner Plazen an der Welt, esouwuel klimatechnesch wéi och ëmwelttechnesch fir zolidd Problemer wäert suergen. Nëmmen „elektresch“ ass dann och keng Utopie, mee d‘Verlagerung vum Problem. Ganz ofgesinn, datt ee sech et och muss leeschte kënnen.

Fir ze reusséiere brauch et de gesellschaftleche Réckhalt

Wann den Energie- a Klimaplang soll erfollegräich ëmgesat ginn, da muss jiddereen sech un der Ëmsetzung bedeelegen. Dofir huet de Claude Turmes e besonneschen Appell un d‘Industrie, den Transportsecteur, d‘Proprietaire vu kommerziellen a residentielle Gebaier, d‘Offallwirtschaft, de Landwirtschaftssecteur geriicht, hiren Ausstouss un Zäregaser nohalteg ze reduzéieren.

Als Géigeleeschtung soll et fir d‘Entreprisen a Menagen, déi sech op erneierbar Energien aloosse, hir Masuttsheizung opginn, manner Offall produzéieren an/oder hir energetesch Effizienz an de Grëff kréien e „Bonus“ ginn. Dat awer kann nëmme gelénge wa sech déi ganz Gesellschaft – also och de Staat an d‘Gemenge – mobiliséiere loossen. Dat setzt awer nees de Konsens viraus…

Elo ass sech de Claude Turmes bewosst, datt et net einfach gëtt an nach vill Schluechte gewonne musse ginn. De Projet muss politesch wéi wirtschaftlech gedroen, jo eigentlech gefërdert ginn, wann een de Bierger net wëll d‘Gefill vermëttelen, datt si nees alles eleng ze stemmen hunn. Grad wann ee wéi de Minister seet: „Dëse Plang ass net fir 2025, mee fir direkt aktiv ze ginn“.

Foto: Envato

Ähnlech Sujeten Claude Turmes, CO²-Emissiounen, CO²-Steier, Elektromobilitéit, Energieminister, Klimaplang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel