Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ultrakonservativen Nationalist Favorit bei Parlamentswahlen an Israel
Neiegkeeten

Ultrakonservativen Nationalist Favorit bei Parlamentswahlen an Israel

Wann haut an Israel d‘Wahlbüroen hir Dieren opmaachen, an d‘Israelien

What the Fakt – De Gebuertsdag vum gefréissege Garfield!
Neiegkeeten

What the Fakt – De Gebuertsdag vum gefréissege Garfield!

Dës Kaz ass gefréisseg, déck an ëmmer op der Sich

surprise
Motivatioun an der Fonction Publique: „Alles eng Fro vun der Interpretatioun“
Neiegkeeten

Motivatioun an der Fonction Publique: „Alles eng Fro vun der Interpretatioun“

Um Méindeg huet den Inneminister Dan Kersch, zesumme mam Paulette

Nom Tanktourismus… den Tubaktourismus

Nom Tanktourismus… den Tubaktourismus

Wärend sech Energie- Finanz- an Aarbechtsminister drop ageschwuer hunn, de Lëtzebuerger Klimaplang iwwert den Ëmwee vun der Erhéijung vun den Accisen op Pëtrolspräisser ëm- an duerchzesetzen, gëtt et Mënschen, déi ganz wäit Weeër op sech huele fir hei Tubak ze kafen.

Ëmmer wa bei eisen Noperen de Präis op d‘Zigaretten an den Tubak gehéicht gëtt, geet am Lëtzebuerger „Grenzberäich“ den Ëmsaz duerch de Plaffong. Interessanterweis, besonnesch d‘Tankstellen – déi wéinst dem Tanktourismus ëmmer nees an d‘Kritik geroden – profitéieren enorm vun all Hausse, egal ob Belsch, Däitschland oder Frankräich.

Driwwer schwätzen ass net wierklech erwënscht, woubäi et muss erlaabt si festzestellen, datt wa beispillsweis an Däitschland de Präis um Pak je no Mark tëscht 5,60 a 7,00 Euro (fir 20 Zigaretten), an der Belsch tëscht 5,70 a 7,90 Euro, an am Frankräich bis 9,10 Euro ze bezuele sinn, sech dës „Vëlkerwanderung“ eigentlech vum selwen erkläert. Bei eis läit de Maximum ëm déi 5,70 Euro.

Eigentlech ass d‘Unzuel vun Zigaretten an Tubak nach ëmmer begrenzt, mee ugesiichts de Fakten, an de klägleche versich vun den Douanieren am ganze Grenzgebitt deem bäizekommen, steet fest datt sech keen drun hält. A bei enger Differenz vun deels iwwer 40 Euro pro Staang, muss ee sech just entspriechend „andecken“, fir dat esouguer en Aller-Retour Paräis-Lëtzebuerg sech rentéiert.

Klimaplang

Wann den Tubak och elo net direkt de „Klimakiller N°1“ ass esou dierf drop higewise ginn, dat nieft dem Fait datt en ongesond ass, deen duerch d‘Fëmme verursaachten Dreck, eiser Ëmwelt vill ofverlaangt. Esou en Zigarettefilter brauch Joerzéngte bis d‘Natur en zersat huet. (Bob Dmyt /Pixabay)

Esou ass et och net verwonnerlech, datt sech den „Dréi-Tubak“ direkt am Eemer verkeeft a fir vill Tankstelle schonn „existenzsécherend“ ginn ass. Woubäi een nach bemierke sollt, datt egal op Tankstell oder Tubaksbuttek, méi verdéngt gëtt, well méi verkaf gëtt an net wëll de Präis klëmmt. Bei den Zigarette wéi bei de Pëtrolsproduite sinn et d‘Accisen déi gehéicht ginn, net d‘Margen…

A wien op der Tankstell seng Zigarette keeft, hëlt och emol eppes Alkohol mat, och wann hei déi grouss Differenz net méi ginn ass, an fëllt – wat jo och logesch ass – säin Tank. A firwat erziele mir iech dat ganzt? Ma well am Kontext vun der Erhéijung vun den Accisen op d‘Pëtrolspräisser, och den Tanktourismus un de Pranger gestallt ginn ass. Et soll sech net méi loune bei eis ze tanken.

Den héije Konsum un Pëtrolsproduite schléit sech schliisslech negativ op eis Klimabilanz néier. Et soll also net méi zu Lëtzebuerg getankt ginn? Och wann dëse Schratt d‘Accisen ze héije Sënn géif maachen an esou manner Pëtrolsproduiten un der Pompel verkaf ginn, den Transit dee leeft weider, an d‘Ëmweltbelaaschtung bleift onverännert. Vun de ronn 300.000 Frontalieren net ze schwätzen.

Muss Lëtzebuerg dann elo och seng Präisser un de Nopeschlänner ausriichten? Wann et no strikte klimatesche Grondsätz soll goen, eigentlech schonn. Bezunn op deen duerch d‘Vente vun Tubak an Zigarette generéierte Verkéier an der unhänglecher Ëmweltbelaaschtung, wier et eng logesch an och vertrietbar Konsequenz. Mee esoulaang wéi et sech net op d‘Klimabilanz néierschléit…

Foto: StckSnap / Pixabay

Ähnlech Sujeten Accisen, Klimaplang, Klimawandel, Tubak, Tubaktourismus, Zigaretten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel