Géigewand um Fluchhafen
Mat engem eechthaft ze erwaardende Streik vun de Kontroller vun
Mat engem eechthaft ze erwaardende Streik vun de Kontroller vun
Et ass Freideg an um 9 Auer verléisst ee gepanzert
Well de fréieren italieneschen Inneminister a Patron vun der faschistescher
No der Manifestatioun um 15. Mäerz 2019, bei der dausende Schüler an der Stad géint de Klimawandel protestéiert hunn, gëtt d’Regierung elo der Jugend d’Wuert. Als Äntwert op hir grouss Mobiliséierung solle jonk Leit aktiv an der Sich an der Entwécklung vu Léisungen zum Schutz vum Planéit mat abezu ginn.
De Premierminister Xavier Bettel hat kuerz nom Protest d’Delegatioun vu Youth for Climate Luxembourg getraff, fir esou den Dialog mat de Jonke ronderëm de Klimawandel ze verdéiwen. Fir den Erwaardungen an de Propositioune vun de Schüler aus dem Lycée nozegoen, huet den Educatiounsministère, den Ëmweltministère an de Landwirtschaftsministère a Kooperatioun mat der Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg (CNEL) entscheet, 5 regional Echangen ze organiséieren.
Op der Plaz wäerten d’Ministere Claude Meisch, Carole Dieschbourg a Romain Schneider sinn. Atelieren zu folgenden Theme wäerte geleet ginn:
D’Resultater vum Echange sollen dozou bäidroen den nationalen Energie- a Klimaplang vun der Regierung weider ze dreiwen. Ufanks 2019 hu si nämlech een éiergäizege Plang opgestallt mat nationalen Ziler a Saache Reduktioun vum Zäregas, erneierbar Energien an energetesch Effikassitéit. Déi aktuell Echangë mat den Acteuren aus der Gesellschaft – dozou gehéieren och d’Schüler – erméiglechen et, dës Ziler konkret ëmzesetzen.
Folgend thematesch Echangë gi mat de Schüler organiséiert:
D’Schüler, déi heirun deelhuele wëllen, hu sech am viraus missen umellen, fir am Cours entschëllegt ze ginn.
Opmaacherbild: © Elsa Palito / Greenpeace