Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
D’Unhänger vum Mélenchon fuerderen de Macron eraus
Neiegkeeten

speed dating cognac

De Leader vun der „radikaler“ Lénker, Jean-Luc Mélenchon huet seng

demi lovato dating august 2017
Neiegkeeten

Äerdbiewen am Iran

Déi iranesch Noriichtenagentur IRNA huet de Mueren en Äerdbiewe mat

Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären
Neiegkeeten

Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären

D’Nuecht ass fir eis all nach ëmmer een däischtere Mysterium.

Klimaschutz: Zu Lëtzebuerg setzt „Youth for Climate“ Akzenter

Ronn 16.000 Schüler a Studente bedeelegen sech um „Global Strike For Future“

Klimaschutz: Zu Lëtzebuerg setzt „Youth for Climate“ Akzenter
© Martine de Lagardère/moien.lu
Klimaschutz: Zu Lëtzebuerg setzt „Youth for Climate“ Akzenter
Global Strike For Future © Martine de Lagardère/moien.lu

Während an aner Länner, Schüler a Studenten sech längst e feste „Streikdag“ geneemegt hunn, war gëschter zu Lëtzebuerg déi éischt grouss Studente-Maniff fir de Klimaschutz, mam Motto: „Global Strike For Future“ vun „Youth for Climate Luxembourg“ organiséiert ginn. Et war en Erfolleg…

Eng 10.000 Participanten haten sech d‘Organisateuren erhofft, an gutt 16.000 Schüler a Studenten hu sech hirem Opruff ugeschloss. Et war keng Aktioun, déi sech op „Schoulschwänze fir eng sécher Zukunft“ konzentréiert huet, mee och vun Ateliere begleet ginn ass, déi Grond an Ursaach, wéi och d‘Noutwennegkeet, vun dëser (éischter) Maniff fir de Klimaschutz, erkläert a bestätegt hunn.

Klimaschutz

Eng strukturéiert Maniff mat ronn 16.000 Schüler a Studenten ass net nëmme méiglech mee och nach beispillhaft. © Martine de Lagardère/moien.lu

Hei kann een da schwéierlech behaapten, se hätte „Blo“ gemaach, a béis Zonge behaapten, datt ugesiichts dem Educatiounsminister senge ganze Reformen, op dësem Freideg tatsächlech eppes „fir d‘Liewe“ geléiert“ ginn ass. Dat ass elo awer weder den Organisateuren nach de Participanten hir éischt Suerg. Si wëllen datt déi Erwuessen an d‘Politiker se eescht huelen, an dat ass gutt esou.

Scho beim Rassemblement um Glacis war, trotz (pardon) Schäisswieder war engem ersiichtlech, datt et der Jugend och drëms geet Verantwortung net nëmmen anzefuerderen, mee och selwer ze iwwerhuelen. Eis ass keen iwwert de Wee gelaf, deen den Unterrecht ausfale gelooss huet, just fir sech e relaxen Dag ze maachen. Nee hei sinn Engagement an Zesummenhalt bewise ginn.

Hannergrondgeräischer

Interessant: Am Virfeld zur Maniff „Global Strike For Future“ haten sech déi meescht politesch Jugendorganisatiounen a ganzer dräi Parteien hannert d‘Organisateure gestallt, an de Protest mat aller Däitlechkeet begréisst. Dat selwecht gëllt och fir d‘Ëmwelt- an eng Rei Jugendorganisatioune firwat et och e gesamtgesellschaftleche Mouvement ass, dee sech gëschter presentéiert huet.

Klimaschutz

Däitlech, fir net ze soen „onmëssverständlech“ Messagen waren Tromp. © Martine de Lagardère/moien.lu

Déi „Grouss“: vu Greenpeace bis Natur & Ëmwelt, ouni de Mouvement (MECO) ze vergiessen, hu sech solidaresch erkläert, a si waren och op der Plaz. Si hunn eis virun allem duerch „Zréckhalen“ iwwerzeegt, an deene Jonken d‘Feld iwwerlooss. Mee d‘Begeeschterung bei hinne war ersiichtlech, an och soss Erwuessener déi dem Dreiwen nogekuckt hunn, ware vun der Aktioun iwwerzeegt.

Fir den Deputéierte Sven Clement (Piratepartei) ass dës Aktioun, nieft dem Fait datt déi zukünfteg Generatiounen hiert Recht afuerderen, op engem Liewenswäerte Planéit ze liewen, och e Signal ass, datt politescht Engagement a Jugend sech net ausschléissen. Si hunn Erwaardungen a Fuerderungen déi berechtegt sinn, an déi d‘Politik ze berécksiichtegen huet. Kann se dat, dréit se Verantwortung…

Kee politesche Blabla, mee e klore Message

Vum Glacis bis op de Knuedler, wou d‘Riede „geschmass“ goufen, war et e wäite Wee an dat mannst wat ee behaapte kann: „Si sinn opgefall a waren net ze iwwerhéieren“. Dat ganz erstaunlech gutt koordinéiert, wat sécherlech derzou bäigedroen huet, datt et zu kengem Ament iergend ee Stress mat de Sécherheetskräfte ginn huet, déi d‘Maniff encadréiert hunn. Och dat muss gesot ginn.

Klimaschutz

Si wësse ganz genee wat se wëllen, an d‘Gesellschaft wier gutt beroden hinnen emol nozelauschteren. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et ass natierlech zum gewollte Verkéierschaos um Boulevard Royal komm, well déi „Erwuessen“ vun deenen sech déi Jonk erwaarden de Problem eescht ze huelen, zwar gewarnt waren, awer och hei d‘Ae verschloss haten, wéi et hir Gewunnecht ass. Mee et ass Fakt, datt och d‘Politik (mat Ausnamen) d‘Jugend net eescht hëlt, an eigentlech nëmme beweist näischt verstanen ze hunn.

An dës Jugend, där hir Vertrieder sech um Podium geäussert hunn, hat dann och kee politesch encadréierte Message am Gepäck. Nee si hunn hir Fuerderungen an hirer Sprooch zum Ausdrock bruecht. Si hu gesot wat all erwuessene Mënsch, deem dem Liesen a Schreiwe mächteg ass, längst bewosst ass: „wann et esou viru geet schafe mir eis selwer of“. A si wäerten et net dobäi beloossen.

Wat nach kënnt a komme muss

Ugesiichts dësem „Erfolleg“ an dem Wëssen, datt de Spektakel vun der Politik zwar opmierksam verfollegt ginn ass, awer beschtefalls mat politeschem Geschwätz iwwergaange gëtt, dierft et net bei dëser Aktioun bleiwen. Et ass wuel net dovunner auszegoen, datt wéi an der Belsch, am Frankräich oder der Schwäiz elo all Freideg an der Stad de Chaos ausbrécht, mee si wäerte keng Rou ginn.

Klimaschutz

Si haten sech eppes Zäit geholl, fir vum Glacis op de Knuedler ze marschéieren. Eng gutt Entscheedung: et konnt een se einfach net iwwersinn oder iwwerhéieren. © Martine de Lagardère/moien.lu

Gewosst ass, och wann et dozou keng Detailer gëtt, datt si deene politesch Verantwortlechen net wäerten erlabe weiderzemaache wéi bis ewell. Do dierften dann och d‘Jugendorganisatiounen hire Beitrag leeschten. Wat am Kontext vun der Legaliséierung vum Cannabis méiglech ass, sollt et och beim Klimaschutz an den néidege Moossnamen dofir sinn. Et kënnt also nach eppes op eis duer.

Mee och d‘Zivilgesellschaft sollt dëse „Mouvement“ opmierksam verfollegen. Sécherlech kann net all Fuerderung erfëllt ginn, a vläicht gëtt et och e puer utopesch Iddien, mee am grousse ganzen hu se natierlech Recht. Et sollt een si ënnerstëtzen a sech e Beispill um Ëmgang mat Plastik an CO²-Emissiounen huelen. Oder si mir esou iwwerhieflech, datt eis hir Zukunft „hanne laanscht“ geet?

mam Shari Pleimelding, moien.lu

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten #FridaysForFuture, Äerderwiermung, Editorial, Ëmwelt- a Klimapolitik, Greta Thunberg, Manifestatioun, Youth for Climate
Nächsten Artikel Virrechten Artikel