Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Astronaute-Besuch: Lëtzebuerg empfängt de Buzz Aldrin!
International Neiegkeeten

Astronaute-Besuch: Lëtzebuerg empfängt de Buzz Aldrin!

Den amerikaneschen Dag vun der Onofhängegkeet, dee gëschter stattfonnt huet, huet

dislikesurprise
Däitschland: D‘SPD-Basis ass géint eng GroKo, an CDU/CSU mécht Drock
International Neiegkeeten

Däitschland: D‘SPD-Basis ass géint eng GroKo, an CDU/CSU mécht Drock

Bei eisen däitschen Nopere sinn d‘Sondéierungsgespréicher tëscht de Sozialisten an

Opfuerderung zum Areeche vu Virschléi
International Neiegkeeten

Opfuerderung zum Areeche vu Virschléi

Zur Occasioun vum Internationalen Dag zur Opklärung vu Liewensmëttelverschwendung an Offall (IDAFLW),

Klimastreik: D‘Greta schwätzt an d‘Masse lauschteren no

Ënner Jubel an Applaus huet déi jonk Klimaaktivistin zu Manhattan zur Verännerung opgeruff

Klimastreik: D‘Greta schwätzt an d‘Masse lauschteren no

Mat senger Ried huet d‘Greta Thunberg an engem Park am Süde vu Manhattan (New York) déi weltwäit Klimademonstratiounen als eng „Well vun der Verännerung“ gefeiert. „Mir sinn net nëmmen e puer Jonker déi d‘Schoul schwänzen, oder ee puer Erwuessener déi net op d‘Schaff gaange sinn – mir sinn d‘Well vun der Verännerung. Zesummen si mir net opzehalen!“.

Klimastreik„Wann dir zu der klenger Grupp vu Mënsche gehéiert déi sech vun eis bedreet fillen, dann hunn ech eng schlecht Nouvelle fir iech, well dat eleiten ass nëmmen den Ufank. Et wäert Verännerunge ginn, ob dir dat gutt fannt oder och net“, esou déi schwedesch Knetzel um Freidegnomëtteg. An wann ee den Organisateure gleewe kann, dann hunn eng 250.000 Mënschen dëser Ried zougestëmmt.

KlimastreikVun den Autoritéiten heescht et, datt et beschtefalls 60.000 Manifestante waren, woubäi och dat fir New York net grad wéineg wier. Et huet sécherlech scho gréisser Manifestatiounen am „Big Apple“ ginn, a wéi esou oft, dierft sech d‘Wourecht iergendwou tëscht de genannten Zuelen. Getraff haten sech d‘Aktiviste virum Stadhaus vu wou aus si zum Battery Park zu Manhattan marschéiert sinn.

Strofe fir Schoulschwänze falen aus

Interessant an dësem Kontext: d‘Schoulverwaltung vun New York hat am Virfeld annoncéiert, datt all „Feelen“ (an der Schoul) op dësem Dag „entschëllegt“ ass. Notéiere mir nach datt net eleng zu New York demonstréiert ginn ass. Och a villen anere Groussstied, wéi Washington, Boston a San Francisco dem Opruff „#climatestrike“ an erhieflechem Mooss zougesprach gouf. Et war eng lass…

Klimastreik

Esou huet alles eng Kéier ugefaangen… ee klengt Meedche wiert sech stellt sech eleng awer selbstbewosst géint d‘Diktat vun Industrie, Wirtschaft a Politik zur wier. D‘Knetzel kritt dofir net nëmmen Zoustëmmung, Schléi ënnert de Rimm sinn an de sozialen Netzwierker d‘Äntwert vun onmanéierlechen Negationisten op e berechtegte Protest deen si net verstinn. Wierder, esou déi geleefeg Argumentatioun, géif sech nu emol stänneg veränneren… © Greta Thunberg official

Et war dann och eng weltwäit Aktioun an et dierfte Millioune Mënschen, jonk oder eppes eeler, gewiescht sinn déi sech d‘Stroossen ugëeegent hunn, fir Politik a Wirtschaft op e noutwennege Paradigmewiessel hinzeweisen. Esou hunn déi „Jonk“ esouguer an der terroriséierter Haaptstad vun Afghanistan, Kabul, demonstréiert a gefuerdert d‘Waffen néierzeleeën an op de Vëlo ze klammen.

KlimastreikGestart gouf den Aktiounsdag an Australien, wou sech offiziellen Zuelen no bis zu 300.000 Schüler a Studente géint de Klimawandel demonstréiert hunn. D‘Jugendbeweegung „Fridays for Future“ hat zu dëser Aktioun opgeruff, déi an iwwer 2.900 Stied an iwwer 160 Länner ëmgesat ginn ass. Si haten zudeem och déi Erwuessen opgefuerdert sech dësem „Klimastreik“ unzeschléissen.

Däitschland „beispillhaft“

Bei eisen däitschen Nopere war den Zoulaf immens. Zu Berlin sinn – jee nodeems wou d‘Zuelen hierkommen – tëscht 100.000 an 270.000 Mënsche bei der Demo um Start. A ganz Däitschland, esou d‘Organisateuren, sollen sech bis zu 1,4 Milliounen um Klimastreik bedeelegt hunn. An hei gouf et deels och ganz interessant Sloganen, wei och d‘Argumenter bei de Rieden iwwerzeegt hunn.

KlimastreikEsou war op engem Plakat ze liesen: „Dir hutt et verpennt a mir sinn erwächt“. Verschiddentlech ass et zu „Stau“ komm, well Gruppe wéi „Extinction Rebllion“ d‘Stroosse wuertwiertlech „Zou gesat“ hunn. E Bild datt et och zu Lëtzebuerg op der Gar oder dem Boulevard Royal ginn huet. Zu Paräis war et mat ronn 10.000 Schüler a Studenten dogéint verhältnesméisseg „roueg“ bliwwen.

KlimastreikZum globale Klimastreik hunn d‘Aktiviste vun „Scientists for future“ op wëssenschaftlech Fakten zur Äerderwiermung higewisen. Esou wier weltwäit d‘Duerchschnëttstemperatur schonn ëm 1°C geklommen (relativ zum Zäitraum 1850-1900). Et ass och erwisen – allen Negationisten zum Trotz – dat déi vergaange véier Joer déi wäermst waren, zanter et Wiederopzeechnunge gëtt.

Klimastreikmat indymedia/nyc/kbl/ber

Foto: Manhattan e Freideg an der Mëttegstonn: 60.000 oder awer éischter 250.000? U sech egal, de Message ass ukomm an ëmmer méi Leit stellen sech hannert Fakten. Ob et zu enger Verännerung bäidréit ass natierlech net gewosst, mee et wier ubruecht eppes méi „séier ze denken“ an ee puer „Gewunnechten“ ofzeleeën, wann eis tatsächlech eppes um Planéit geleeën ass. Et gëtt – och dat ass Fakt – fir de Mënsch keen aneren. © Greta Thunberg Official

Ähnlech Sujeten Fridays for Future, Greta Thunberg, Klimanoutstand, Klimastreik, Youth For Climate Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel