Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem US-President säi mysteriéist Telefonat
International Neiegkeeten

Dem US-President säi mysteriéist Telefonat

Enn Juli hat den US-President Donald Trump en Telefonat mam

Waasserverschmotzung vun der Uelzecht: Ee weidere Fall gouf confirméiert
International Neiegkeeten

Waasserverschmotzung vun der Uelzecht: Ee weidere Fall gouf confirméiert

Gëschter Nomëtteg ass d’Ekipp vun der Waasserverwaltung (AGE) op een

Greenpeace-Protest virun der belscher Ambassade
International Neiegkeeten

Greenpeace-Protest virun der belscher Ambassade

Haut de Moien hu 6 AktivistInne vu Greenpeace, equipéiert mat

Klimawandel: an Australien kraazt de Thermometer un de 50°C

Klimawandel: an Australien kraazt de Thermometer un de 50°C

Am Land vun de Koalabieren an de Kängurue leeft de Mënschen de Schweess an der Aarschfuer zesummen. Esou eng Hëtzt, wéi déi wou sech iwwert Australien geluecht huet, hat et nach net ginn. Scho kuerz no Chrëschtdag huet et ugefaangen, an en Enn vun der Hëtztwell schéngt net a Siicht.

Erënnere mir an dësem Kontext drun, datt d‘Australier grad Summer hunn, an datt Hëtzt u sech, do ganz normal ass. Wat sech allerdéngs den Ament am Südoste vum Land zoudréit, dat ass och fir déi Hëtztbestänneg Australier aussergewéinlech. Plazeweis huet den Thermometer un de 50°C gekraazt wat et säit der Opzeechnung vum Wieder, nach ni ginn huet.

Vum australesche meteorologeschen Déngscht (BOM) gouf Gemellt, datt déi lescht véier Deeg de Bundesstaat Südaustralien, successiv all Rekorder geschloen huet. Wëssenschaftler hunn d‘Regioun als déi wäermsten op der Welt bezeechent. Fir dat ze verdäitlechen, geet e Bléck op d‘Zuelen duer: gliddeg Waarm war et ënnert anerem zu Tarcoola (49°C) an zu Port Augusta (48,9°C).

Heatwave Australia

An der Wüstestad Coober Peby, wou d‘Mënschen hir Wunnengen eigentlech schonn ëmmer ënnert dem Buedem ugeluecht hunn, war et mat 47,4°C scho bal nees „agreabel“. D‘Autoritéite bieden d‘Leit vill ze drénken an vun ustrengenden Aktivitéiten am Fräien ofzegesinn. Iwwerhaapt wier ee gutt beroden, sech net dobaussen opzehalen, wann et net wierklech néideg ass.

Natur a Mënsch leide gläichermoossen

Déi fir eis onvirstellbar Hëtztwell féiert logescherweis zu enger Dréchent, déi en entspriechenden Impakt op d‘Ëmwelt huet. Am Oste vun Australien solle scho bis zu enger Millioun Fësch verreckt sinn, an déi Situatioun dierft sech nach verschlechteren. Am Bundesstaat South Wales soll Loft an d‘Waasserleef geblose ginn, fir de Fësch e minimum u Sauerstoff zouzeféieren.

Laut dem australesche Sender ABC, sinn d‘Fliedermais vun der unhalender Hëtzt därmoosse gestresst, dat si d‘Mënschen ugräifen. Et wier an de vergaangene Wochen zu Bäiss- a Krazattacke komm. Dat an engem wiesentlech gréisseren Ausmooss, wéi een et gewinnt ass. Hei ass d‘Gefor zudeem grouss, datt Mënschen Tollwut kréien, an déi vun der Fliedermaus kann déidlech sinn.

Wëssenschaftler bestätegen, datt déi fierchterlech Hëtzt, mat bestännegen Temperature vun iwwer 40°C fir d‘Fliedermais eng onbeschreiflech Belaaschtung duerstellt. Dat féiert bis dohinner, datt déi aarme Béischten entweder vëlleg erschëpft vum Bam falen, oder esou vum Rouleau sinn, datt si sech a Stroumleitunge verfänken. Wéini dës Hëtztwell eriwwer ass, kann den Ament kee soen.

mat Indymedia, Sydney

Ähnlech Sujeten Australien, Fliedermais, Hëtztwell, Känguruen, Klimawandel, Koalabieren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel