Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D‘Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a China steet op méi wéi engem kommerzielle Fundament
International Neiegkeeten

D‘Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a China steet op méi wéi engem kommerzielle Fundament

En Donneschdeg ass op der Handelskummer um Kierchbierg dat chinesescht

Katalounien: den Artikel 155, erkläert
International Neiegkeeten

Katalounien: den Artikel 155, erkläert

Déi spuenesch Regierung wëll mat aller Gewalt d‘Kontroll iwwert dat

dislike
Editorial: Tëscht Clientelismus an guddem Wëllen
International Neiegkeeten

Editorial: Tëscht Clientelismus an guddem Wëllen

Den Aarbechtsministère war ee Méindeg Géigestand vun enger Pressekonferenz, bei

Klimawandel: Firwat a wéi bei 1.5°C bleiwen?

Klimawandel: Firwat a wéi bei 1.5°C bleiwen?

Bei 1,5°C oder 2°C ass d‘Welt net méi déi selwecht, warnt den IPCC (Intergouvernementale Grupp vun Experten zur Entwécklung vum Klima) a beschreift zouhuelend Risike fir d‘Aarten an fir d‘Wirtschaft. Hei déi grouss Conclusioune vum „Spezial Bericht“, deen e Samschdeg vun de Regierungen ugeholl ginn ass, an haut verëffentlecht gëtt.

Schonn 1°C huet en Impakt

Den Ausstouss vun Zäregaser duerch de Mënsch, huet d‘Welttemperatur, säit der industrieller Revolutioun, schonn ëm 1°C gehuewen. Et ass dovunner auszegoen, datt d‘Äerderwiermung, wann et esou weider geet, datt sech d‘Welttemperatur tëscht 2030 an 2052 ëm 1,5°C erhéicht. A gewësse Regioune klëmmt d‘Temperatur (beispillsweis an der Arktis) zwee bis dräimol esou séier.

Säit dem leschten hallwe Grad Temperaturerhéijung, hunn déi extrem meteorologesch Phänomener zougeholl. Dat geet aus den Opzeechnungen ervir. Den Ausstouss vun Zäregaser, an der Vergaangenheet wéi och nach haut, droen derzou bäi, datt, egal wéi mir eis ustellen, de Mieresspigel weider wäert klammen. Dat huet Konsequenzen, déi nëmme schwéier virstellbar sinn.

+1,5°C oder +2°C?

D‘Ënnerscheeder sinn däitlech tëscht haut 1,5°C an 2°C. Mat enger Erhéijung vu +2°C, géif et a ville Géigenden zu Hëtztwelle kommen. Zuel vun de „waarmen“ Deeg wäert zimlech iwwerall zouhuelen, besonnesch betraff wieren hei d‘Tropen – eng sensibel Zon, déi wéineg Variatioune kennt. De Nidderschlag a Verbindung mat Zyklonen, hëlt awer extreemst zou.

Wat d‘Unhiewe vum Mieresspigel betrëfft: bleift et bei +1,5°C, esou klëmmt dësen tëscht 26 a 77 Zentimeter bis 2100 (jee no Projektioun). Bei +2°C, wieren et op mannst nach emol 10 Zentimeter méi. Zeg Millioune Mënsche wieren dovunner direkt betraff, wat massiv Migratiounsbeweegungen zur folleg hätt.

Op Laang Siicht, kéint d‘Instabilitéit vun der Äisschicht an der Antarktis an/oder de Verloscht vun där vum Grönland, scho bei +1,5°C/2°C ausgeléist ginn. Doduerch géif iwwert déi nächst Joerhonnerten, de Mieresspigel ëm ee puer Meter ugehuewe ginn. Op d‘Aarten huet en Erhéijung vu +1,5°C och en Impakt: zweemol manner Bëscher, Verloscht vu Gebidder, avm…

Ab +1°C, ännert sech op 4% vun der Äerduewerfläch den Ökosystem, bei +2°C sinn et 13%. +1,5°C limitéiert d‘Iwwersaierung vum Ozean (verbonne mat de CO²-Konzentratiounen) wat d‘Iwwerliewe vu villen Aarten a Fro stellt, an en Impakt op dem Mënsch seng Ressourcen huet. Bei +1,5°C gëtt et an der Arktis pro Joerhonnert, mindestens ee Summer ouni Mieräis.

„D‘Baisse vun der Produktivitéit – am asiatesche Südosten oder Latäinamerika – vum Mais, Räis oder Weess ass bei +1,5°C méi begrenzt wéi bei +2°C“, heescht et am Rapport, deen zudeem d‘Risike beschreift, déi d‘Ressourcen u Waasser, Liewensmëttelsécherheet an d‘Gesondheet betreffen. Dovunner wieren da scho Milliarden u Mënsche betraff…

De CO²-Ausstouss begrenzen! Elo!

Fir datt et iwwerhaapt bei „1,5°C“ bleift, muss den Ausstouss vu CO² wäit virun 2030 reduzéiert ginn, an dat konsequent (-45% bis 2030, géintiwwer dem Niveau vun 2010) fir dann, bis 2050 déi noutwenneg „Karbon-Neutralitéit“ ze erreechen. Dat heescht, datt de Mënsch bis 2050 net méi CO² dierf an d‘Atmosphär blosen, wéi hien es ofbaue kann.

„Neutralitéit“ implizéiert, datt een nach just déi „Rescht-Emissiounen“ behält, vun deenen sech bestëmmte Secteuren net befreie kënnen (beispillsweis de Loftverkéier). Dëse CO²-Iwwerschoss muss dann „opgefaange“ ginn (dat bezeechent een als negativ Emissiounen). Déi aner Zäregasen (bsp. Methan) mussen och reduzéiert ginn, obwuel déi keng Prioritéit duerstellen.

Wat d‘Méiglechkeet betrëfft, d‘Kap vun de +1,5°C ze iwwerschreiden, fir dann d‘Temperatur am nächste Joerhonnert nees „erofzedrécken“, esou ënnersträicht d‘IPCC d‘Risiken – verschiddener onëmkéierbar – déi domatter verbonne sinn. Ganz ofgesinn dovunner, datt d‘Effikassitéit vun der CO²-Extraktioun op groussem Niveau, nach ze beweise bleift.

Sech op Verännerungen astellen

Fir datt et zu enger massiver Reduktioun vun den Emissioune ka kommen, brauch et eng rapid Transitioun, wéi och eng däitlech Ëmstellung am Ëmgang mat den Energien, der Notzung vun de Biedem, dem Transport an industrielle Systemer. Iwwerhaapt muss et zu engem ni do gewieschte Changement kommen, well zimlech all Secteur vun dëser Moossnam betraff ass.

Dat heescht och, datt d‘Benotze vun den erneierbaren Energien zur Stroumproduktioun, vun aktuell 20% op mindestens 70% muss erhéicht ginn. Den Asaz vu Kuel muss carrement agestallt, an och d‘Nofro fir Energie, muss drastesch reduzéiert ginn. D‘Industrie muss säi CO²-Ausstouss bis 2050 ëm mindestens 75% (géintiwwer 2010) reduzéieren. Beim Transport ass eng Baisse vu 65% d‘Zil.

Laut dem Rapport vun der IPCC, sinn, fir dës Ziler ze erreechen, bis zu 2.400 Milliarden US-Dollar Investitioune pro Joer noutwenneg (nëmme fir den Zäitraum 2016-2030). An dat betrëfft och just d‘Transformatioun vun den energetesche Systemer. Et entsprécht dofir, 2,5% vum globale BIP. E Präis deen ee mat de vill méi héijen Ausgabe muss vergläichen, wann een näischt mécht.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Äerderwiermung, CO2-Ausstouss, Energetesch Transitioun, IPCC, Klimawandel, Mieresspigel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel