https://moien.lu/rome-ny-dating/
Bang! Bang! Maxwell’s silver hammer – dës Zeil misst quasi
Bang! Bang! Maxwell’s silver hammer – dës Zeil misst quasi
Nodeems den italienesche Staatsbudget vu Bréissel verworf ginn ass, huet
Um Spéide Freideg Owend ware mir informéiert ginn, datt et
Nach besteet kee Grond zur Panik, mee d‘Suergefale loossen sech mat deem bëssi Reen och net vun der Stir wëschen. Esou mussen d‘Waasserreserven a Wallounien weider observéiert ginn. Woubäi mam Reen d‘Feldkulturen an d‘Bëscher endlech nees „opootme“ konnten. D‘Grondwaasserspäicher hu vum Néierschlag awer net profitéiert.
Am Krisenzenter vun der Regioun versicht een Optimismus ze verbreeden. Esou wier d‘Situatioun zwar net bedreelech, mee et ass e gutt berode säi Verbrauch anzeschränken. E Motto deen dann och net méi eleng fir de Summer Gültegkeet huet. Laut den Autoritéite verhält et sech esou, datt den Nidderschlag deen am Wanter d‘Grondwaasserspäicher soll opfëllen, bedenklech ofgeholl huet.
Wat bedeit dat konkret? Laut dem Stéphanie Ernoux, Spriecherin vum wallounesche Service Public, ass d‘Zäit komm, wou een zu all Joreszäit méi Récksiicht op den eegene Waasserverbrauch muss huelen. Waasser och dann anzespuere wann et vermeintlech „vill“ reent, dréit derzou bäi datt een enger Dréchent besser begéine kann. Et vergréissert gewëssermoossen de Spillraum am Summer.
D‘Lag ass also nach net wierklech beonrouegend bei eisen Noperen, an awer gëtt et Dierfer déi net un e grousse Reseau ugeschloss sinn, wat si de Fluktuatioune vun den eegene Reserven aussetzt. An dat zwéngt se de Verbrauch anzeschränken. 8 Gemengen (Durbuy, Gouvy, Hamois, Havelange, Hotton, Nassogne, Rochefort an Tellin) hunn an der leschter Juliwoch Restriktiounen agefouert.
E Méindeg hunn d‘Autoritéite – nodeems en neie Bilan virgeluecht ginn ass – dës Moossnam och op d‘Gemengen: Beauraing, Ciney, Clavier an Ouffet missen auswäiten. An all dësen Dierfer an/oder Gemenge sinn d‘Leit ugehalen, mat beduecht d‘Waasser ze verbrauchen. Dat heescht den Auto sollt een net wäschen. Op dat ganzt dem Klimawandel geschëlt ass? Dozou kee Kommentar…
mat indymedia/bru
Foto: Eng Dëschtel déi a Wallounien verdréchent, ass kee gutt Virzeechen. Den Ament reent et nees mee et geet net duer d‘Reserven nees opzefëllen. Et ass ee gutt beroden säin Ëmgang mam Waasser ze iwwerdenken. An dat sollten och mir zu Lëtzebuerg behäerzegen.