Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nordkorea gëtt keng Rou
International Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-someone-who-doesnt-want-to-work/

„Rakéit! Rakéit! Eng Rakéit schéngt vun Nordkorea ofgeschoss ginn ze

another word for dating a girl
International Neiegkeeten

An der Tierkei ass den Ausnamezoustand op en Enn gaangen

Den Ausnamezoustand, deen an der Tierkei nom Putsch vum Juli

Klimakonferenz: Déi kleng Fidschi gesi grouss
International Neiegkeeten

Klimakonferenz: Déi kleng Fidschi gesi grouss

Et ass de Premierminister vun de Fidschi, deen d‘Welt bei

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere

1,6 Milliounen Ënnerschrëfte fir e Recours géint de franséische Staat

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere

Eng Online-Petitioun zur Ënnerstëtzung vun engem juristesche Recours géint de franséische Staat, déi vu véier ONGe lancéiert gouf, a wou et drëms geet d‘Regierung viru Geriicht ze zitéieren, wou si der „Klima Inaktioun“ beschëllegt gëtt, huet 1.619.626 Milliounen Ënnerschrëften erhalen.

Den Text zur Petitioun, deen um Site „laffairedusiecle.net“ verëffentlecht ginn ass, viséiert zwou Milliounen (plus X) Ënnerschrëften. Op Initiativ vun: Greenpeace, Oxfam, der Stëftung fir d‘Natur an de Mënsch (FNH) an der Associatioun „Notre Affaire à Tous“, war d‘Petitioun de 17. Dezember lancéiert ginn. D‘Unzuel vun Ënnerschrëften, déi bannent fënnef Deeg erhale goufen, ass e Rekord.

Zum Verglach: 2016 war eng Online-Petitioun géint e Gesetzprojet zur Reform vum Aarbechtsrecht lancéiert ginn. Si hat bannent 14 Deeg eppes iwwer 1 Millioun Ënnerschrëften erhalen.

„Kee vun eis hat sech op esou e Succès, an esou séier agestallt“ gesteet sech d‘Direktesch vun Oxfam Frankräich, Cécile Duflot an. „Dës Mobiliséierung weist, datt d‘Froen déi mat der Äerderwiermung duerch de Klimawandel an der Biodiversitéit verbonne sinn, am Mëttelpunkt vun de Bedenke vun de Bierger ukomm sinn“, betount d‘Presidentin vun der FNH, Audrey Pulvar.

D‘ONGen hunn e Méindeg eng virleefeg Kloschrëft un d‘Regierung adresséiert, déi elo zwee Méint huet fir eng Äntwert ze ginn. D‘ONGen hunn an engem zweete Schratt virgesinn (viraussiichtlech am Mäerz) e juristesche Recours virum Verwaltungsgeriicht vu Paräis anzeleeden. Dat wier eng Première a Frankräich, zemools et eng Rei juristesch Experte gëtt, déi gutt Chance gesinn.

Fir de Jean-François Julliard, Generaldirekter vu Greenpeace Frankräich, ass et kloer, datt „d‘Bierger wëllen zur Aktioun iwwergoen. Dat bestäerkt eis Hoffnung datt d‘Regierung eis net ouni Äntwert léist“.

„Et ass demokratescht Zréckerueweren: d‘Generatioun ‚Klima‘ wëll säi Schicksal an d‘Hand huelen. D‘Zäit vun den eidele Rieden ass eriwwer! Mir wëllen eis Zukunft selwer bestëmmen. Wat de Klima betrëfft, esou wäert et ni méi si wéi fréier“, erkläert d‘Presidentin vun der Associatioun „Notre Affaire à Tous“, Marie Toussaint.

De Minister fir déi ekologesch Transitioun, François de Rugy, huet d‘ONGen agelueden, sech um groussen nationalen Debat ze bedeelegen, dee no der Aktioun vun de giele Gilete versprach ginn ass. Mee fir d‘Verbänn an d‘Associatiounen ass d‘Zäit vun den Debatten eriwwer, elo muss aktiv agéiert ginn.

Géintiwwer de klimateschen Dereguléierungen, heefen sech d‘Recoursen an der Welt. Et gëtt sech gewiert, well einfach net genuch Moossnamen ergraff ginn, déi der Entwécklung Rechnung droen.

An Holland huet e Geriicht, dat vun der ONG Urgenda a Numm vun 900 Bierger saiséiert gouf, 2015 de Staat per Uerteel operluecht huet, d‘Emissioun vun Zäregase bis 2025 ëm 25% ze reduzéieren. En Uerteel dat am Oktober bestätegt ginn ass.

Den Zäitpunkt fir de Lancement vun der Petitioun war gutt gewielt. Si ass een Dag nom Ofschloss vun der UN-Klimakonferenz zu Katowice (COP24) verëffentlecht ginn. Et muss een bedaueren, datt op e neits, näischt erreecht ginn ass, well geopolitesch an national Interessen eng noutwenneg Zesummenaarbecht verhënneren.

D‘Kläger ënnersträichen dann och nach, datt Frankräich, deem seng Zäregas-Emissioune säit 2015 nees zolidd zouhuelen, déi eege kuerzfristeg Ziler net respektéiert a folglech net anhale kann. Den Drock vun Industrie a Wirtschaft, déi global Vernetzung an de sozialen Impakt (deen duerch néideg awer drastesch Moossnamen entsteet) mussen hei berécksiichtegt ginn.

Op de Mouvement „Rise for Climate Lëtzebuerg“, deen déi lescht Woch der Regierung eng Rei Revendicatiounen zougedroen huet, och fir esou eng Prozedur gerëscht ass, oder op si hei aner ONGen an Associatioune federéiere kann, ass net gewosst. Sécher ass bis ewell nëmmen, datt och zu Lëtzebuerg déi sech selwer gesaten Ziler net erreecht ginn…

mat AFP

Ähnlech Sujeten Äerderwiermung, FNH, Frankräich, Greenpeace, Klima, Klimaofkommes, Klimawandel, Notre Affaire à Tous, Online-Petitioun, Oxfam
Nächsten Artikel Virrechten Artikel