Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Héich Infektiounszuelen si schlecht fir den Tourismus
International Neiegkeeten

Héich Infektiounszuelen si schlecht fir den Tourismus

Säit dem Deconfinement mat senge Gesetzer déi kee Mënsch versteet

150 Joer Philharmonie Dikrech – Wat eng musikalesch Geschicht!
International Neiegkeeten

150 Joer Philharmonie Dikrech – Wat eng musikalesch Geschicht!

Gëschter Owend war de Vernissage fir „150 Joer Philharmonie Municipale

Doudesstrof a Saudiarabien: Kanadesche Premierminister besuergt
International Neiegkeeten

Doudesstrof a Saudiarabien: Kanadesche Premierminister besuergt

De kanadesche Premierminister, Justin Trudeau, huet en Donneschdeg am Bezuch

US-Milliardär besicht verkuelte Westküst

US-Milliardär besicht verkuelte Westküst

Den Donald Trump huet sech a Kalifornien e Bild vum Ausmooss vun de Bränn gemaach an och séier festgestallt, datt déi schlecht Gestioun vun den Demokraten, déi d‘Bëscher verkomme loossen an och soss näischt op d‘Rei kréien, um ganze Misär Schold ass. Datt et kéint en Zesummenhang mam Klimawandel ginn, konnt den US-President däitlech zeréckweisen…

A Kalifornien gëtt et tatsächlech esou eppes wéi eng „Feiersaison“, woubäi sech déi an de leschte Joren an eng éischter dramatesch Richtung entwéckelt huet. Wärend d‘Fuerscher, d‘Meteorologen an aner Experten drop hiweisen, datt dës „Entwécklung“ dem reell existéierende Klimawandel muss zougeschloe ginn, huet dee gréisste President an der US-Geschicht et vill méi profan Erklärung.

Et kéint een net de Klimawandel verantwortlech maachen, well dee gëtt et net. Hei wéilten eng Rei Demokraten – déi zanter Jore fir ee schrecklech schlechte Bëschmanagement d‘Verantwortung ze droen hunn – dat eegent politescht Versoe vertuschen. Tëscht dem Trump an dem Gouverneur vu Kalifornien, Gavin Newsom, eng Wiel ze treffen, hänkt also ganz vum eegene Standpunkt of.

An den US-President weess jo och Bescheed. Hien huet déi grouss Zesummenhäng am Bléck, déi sech dem kalifornesche Gouverneur an de Wëssenschaftler aus verständleche Grënn entzéien. Den Donald Trump huet dem kalifornesche Minister fir natierlech Ressourcen, Wade Crowfoot, gesot: „Et wäert ufänke méi kill ze ginn, kuckt einfach no“, wat dësen éischter manner lëschteg fonnt huet.

Hien huet dem US-President entgéint, datt hie sech géif wënschen, datt d‘Wëssenschaft deem géif zoustëmmen, wourop de Locataire aus dem Wäissen Haus äntwert: „Gutt ech mengen net datt d‘Wëssenschaft et wierklech weess“. Domadder ass dann elo gewosst, datt den Donald Trump an dësem Liewen de Klimawandel an d‘Meenung vun der Wëssenschaft net méi wäert unerkennen.

Per Dekret ofschafen?

Dat dommt um Klimawandel, deen d‘Wëssenschaftler als erwise gesinn, e léisst sech och net mat engem presidentiellen Dekret ofschafen. Datt elo awer extreemst Wieder d‘Hëtzt an déi dorausser resultéierend Dréchent verschäerft, léisst sech net méi vun der Hand weisen. Datt den US-President do éischter skeptesch ass, weess d‘Welt zanter sengem Réckzuch aus dem Paräisser-Ofkommes.

Woubäi den Donald Trump elo net deen eenzege Mënsch ass, deen erhieflech Zweiwel dorunner huet, datt et esou eppes Klimawandel iwwerhaapt gëtt, an falls deem esou wier, datt dësen eng Folleg vum mënschlechen Handelen a Wierke kéint sinn. Jo et ass gewosst, datt dem Mënsch seng éischt Suerg de Schutz vun Natur an Ëmwelt ass, grad wéi de Fridde geheegt a gefleegt muss ginn.

Dem Joe Biden, demokratesche Géigekandidat bei de Presidentschaftswahle vum 3. November, ass esou ee klore Positionnement natierlech wëllkomm. Hien huet dem geniaalsten Diplomat zanter Mënschegedenken, seng Wierder beim Wahlkampfoptrëtt zu Wilmington (Delaware) genësserlech zerluecht an den Donald Trump op schänterlech Aart a Weis ee Klimaleugner genannt. Schrecklech.

„Anstatt sech op wëssenschaftlech Erkenntnisser ze stëtzen, betätegt sech den Donald Trump als Brandstëfter. (…) Obwuel de Weste wuertwiertlech a Flame steet, verleegent den Trump weider de Klimawandel“, esou den Joe Biden, dee den Amerikaner versprécht, datt sollt hien den nächsten Häuptling ginn, hien als éischt nees dem Paräisser Ofkommes bäitriede wäert. Klengt iwwerzeegt…

De Leit sollt gehollef ginn

Ob de Klimawandel oder schlicht nëmme „schlecht Karma“ fir déi onmoosseg Bränn a Kalifornien verantwortlech sinn, dat dierft alle deenen déi grad den Ament voll betraff sinn, eppes egal sinn. Et jo och ëm esou Banales wéi Besëtz an dat eegent Liewen. Et geet ëm iwwerfuerdert Pompjeeën, mee och ëm Prisonéier, déi laang net esou fräiwëlleg wéi behaapt gëtt, an den Asaz geschéckt ginn.

19.000 Quadratkilometer si verbrannt, dovunner eleng 4.000 am Bundesstaat Oregon (datt ass scho wäit méi wéi dat duebelt an engem „normale“ Joer) a mëttlerweil sinn iwwer 30.000 Männer a Fraen am Asaz, vill dovunner net fräiwëlleg, ouni datt een erkenne kéint, si hätten dem Feier eppes entgéintzesetzen. An et léisst sech noweisen, datt all Joers schlëmmer gëtt. Wourunner läit et?

Fir Washington ass kloer, datt et déi ganz schlecht Gestioun vun de Bëscher ass, déi hei derzou bäigedroen huet, datt sech déi Feier esou groussflächeg ausbreede konnten. Dat stëmmt zum Deel, well d‘Budgeten si knapp bemooss, wéi generell wann et ëm Natur- an Ëmweltschutz geet. Da gëtt et awer och nach wirtschaftlech Interessen an eben och dee verleegente Klimawandel.

Den Ament kënnen sech d‘Amerikaner nëmmen enger Saach sécher sinn, et sinn net déi grouss Entreprisen a Konzerner aus dem Agrarsecteur, déi wéi se et mam Amazonas-Reebësch maachen, hei d‘Feier geluecht hunn. Datt d‘Flamen nieft dem Besëtz och d‘Gesondheet bedreeën, ass net esou schlëmm, zanter dem Covid19 weess ee jo datt de Gesondheetssystem beschtens opgestallt ass…

mat indymedia/sfo

Foto: E Bléck op San Francisco, hei ass den Damp deraart déck, datt d‘Sonn sech net méi duerchgesat kritt an déi ganz Ëmwelt an een beängschtegend Orange zappt. © V (Jeran Pavic)

Ähnlech Sujeten Bëschbränn, Donald Trump, Joe Biden, Kalifornien, Klimawandel, US-Wahlkampf 2020, USA, Westküst
Nächsten Artikel Virrechten Artikel