Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Operatioun Moukewanderung: Sitt virsiichteg op de Stroossen!
International Neiegkeeten

Operatioun Moukewanderung: Sitt virsiichteg op de Stroossen!

Naasst Wierder an Temperaturen, déi klammen ginn de Mouken den

De Flamenco: Andalusesch Liewensfreed an Häerzblutt
International Neiegkeeten

De Flamenco: Andalusesch Liewensfreed an Häerzblutt

Wa spuenesch Leidenschaft, immenst Temperament a rout-schwaarz Kostümer openeen treffen,

Ankara versicht et mat Zensur
International Neiegkeeten

Ankara versicht et mat Zensur

Ufank Juli hat sech den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan,

An der Belsch wëllen se de Fouss vum Gas huelen

Fir hir Klimaziler ze erreechen, misst d‘Regierung sech dem Verkéierswiesen unhuelen an d‘Vitesse op de Stroossen erofsetzen

An der Belsch wëllen se de Fouss vum Gas huelen

Wann et eescht gemengt ass, bis 2030 den Ausstouss vun Zäregaser ëm 35% ze reduzéieren, da muss sech an der Belsch op déi eng oder aner Manéier dem Transportsecteur allgemeng an der Mobilitéit am besonneschen ugeholl ginn.

Dat zumindest geet esou aus enger Etüd vum „Institut fir nohalteg Entwécklung“ (IDD) ervir. Déi schlau Käpp vun dësem 1996 gegrënnten Institut, roden der Politik – vu datt et an der Belsch nach keng funktionell Regierung gëtt – déi maximal Geschwindegkeet op de Stroossen erofzesetzen oder eng Tax op de gefuerene Kilometer ze erhiewen. Vläicht sollt een esouguer béides an d‘A faassen.

Esou gesäit et den Ekonomist vun der IDD, Philippe Defeyt. Hie weist drop hin, datt wann et zu enger wierklecher Baisse bei den Emissioune komme sollt, an dat an enger Gréisstenuerdnung vun 800 Milliounen Tonne CO²/Joer, wäert dat net ouni zolidd an och drastesch Moossname goen. Hei géif eis zudeem d‘Technik net retten, déi sech besonnesch duerch falsch Verspriechen ervirdeet.

Fir den Ekonomist ass kloer: „Esouguer wann eng Hallschent vun den neien Immatrikulatiounen hybrid- an déi aner reng elektresch Gefierer sinn, kann een déi gesaten Ziler net erreechen“. Dat stëmmt esouguer, well d‘Leit kafen sech ëmmer méi Fett – also méi schwéier – Gefierer, wat sech bei sougenannt „proppere“ Modeller negativ op de Verbrauch an esou op d‘Emissioun auswierkt.

Nodenke fält dem Mënsch 2.0 schwéier

Elo kéint jiddereen dem „Problem“ schonn eppes Léisungen zouféieren, andeems fir déi „kuerz Weeër“ déi „douce Mobilitéit“ (Vëlo, Trottinett, ze Fouss…) agesat gëtt, méi mam ëffentlechen Transport gefuer a ganz generell op Deplacementer verzicht géif ginn. Kléngt revolutionär an ass eppes gewot, firwat de Philippe Defeyt op – senger Meenung no – méi akzeptabel Léisunge setzt.

Déi éischt dovunner: d‘Vitesse vun de Gefierer ze begrenzen, respektiv erofzesetzen. „Wann een d‘Vitesse op de Stroosse mat véier Spueren ëm 20 Km/H an op de reschtleche Stroossen ëm 10 Km/H reduzéiert, kéint ee bis zu 10% vun den CO²-Emissiounen aspueren, an iwwert dëse Wee esouguer 3 Joer éischter déi gesaten Ziler erreechen“, esou d‘Berechnunge vum Ekonomist.

Et wier zudeem eng Moossnam déi keng Investitioune verlaangt an direkt ëmgesat ka ginn. Als weider Mesure kann sech de Philippe Defeyt virstellen, datt een eng „intelligent Taxatioun op de gefuerene Kilometer“ aféiert. Mat dëser Tax kéint ee géint de Stëllstand ma Verkéier virgoen. Dat mat der Tax gëtt iwwregens eeschthaft fir d‘Regioun Bréissel evaluéiert. Fir dat eppes fir eist Land?

mat indymedia/bru

Foto: © Martins Zemlickis / unsplash

Ähnlech Sujeten Belsch, CO²-Emissiounen, IDD, Kilometertax, Klimaziler, Philippe Defeyt, Vitesse-Limitatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel