Rekordausgabe werfen en laange Schied op de Stater Budget
Bei der Presentatioun vum Iwwergangsbudget, huet de neie Schäfferot vun
Bei der Presentatioun vum Iwwergangsbudget, huet de neie Schäfferot vun
Hie kann och schonn emol eppes méi granzeg drakucken. Riets
De leschte Weekend huet zu Barcelona, am Kader vun der
E Familljemember oder Frënd an der Klinick leien ze hunn, ass net flott. Et ass nëmme normal, datt een e besiche wëll. Schliisslech ënnerstëtzt och dat seng Heelung. Mee vill wëssen net, datt dat richteg deier ka ginn. Bis zu 27€ an engem Dag berappt een do, schreift d’Union Lxembourgeoise des Consommateurs (ULC).
D’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch (LSAP) huet RTL vis a vis erkläert, datt d’Präisser den eenzele Spideeler hir Verantwortung wieren. D’ULC empfënnt dës Präisser allerdéngs vir eng Ofzock a veruerteelt dës Praxis op d’schäerfst. Weider gesinn si d’Ministesch an der Verantwortung, hei eppes ze ënnerhuelen. Et misst méi staatlech Ënnerstëtzung fir d’Klinicke kommen, esou den ULC. Eng finanziell Ënnerstëtzung fir d’Instandsetzung vun de Parkingen wier do eng Méiglechkeet.
D’ULC léisst weider net d’Argument gëllen, datt een och op den ëffentlechen Transport kéint zeréck gräifen, géing de Gesondheetszoustand vun de Patienten dat net zouloossen. Wéi dëst géif d’Besicher – op déi sech d’ULC hei bezitt – aschränken, erklären se allerdéngs an hirer Stellungnam. Vir Opportunisten, déi kee besiche kommen, awer belleg parke wëllen, ofzeschrecken, géif et och Méiglechkeete ginn.
Wéi bei deene meeschten Diskussiounen ass Lëtzebuerg hei keng Insel: D’Berliner Charité hëlt am Joer 250.000€ op dee Wee an. [Berliner Morgenpost] Do ginn dann 2€ Stonn no enger kuerzer Zäit fälleg. Mi no gekuckt: Zu Tréier bezilt een am Krankenhaus der barmherzigen Brüder Trier vir déi éischt hallef Stonn näischt. Duerno sinn all 50 Minutten 1,5€ fälleg, mat engem Maximum vu 14€ den Dag. Wien als Patient do ass, kritt e besseren Tarif: Do sinn et der dann 7€ den Dag.