Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Monumenter zu Lëtzebuerg halen eis Geschicht lieweg! Mee wéi gutt schneits du an eisem Quiz of?
Neiegkeeten

D’Monumenter zu Lëtzebuerg halen eis Geschicht lieweg! Mee wéi gutt schneits du an eisem Quiz of?

D’Lëscht vun de Monumenter, déi klasséiert sinn, wiisst. An dat

Och am Mee siche manner Leit no enger Aarbecht
Neiegkeeten

Och am Mee siche manner Leit no enger Aarbecht

D’Situatioun um Aarbechtsmarché bleift stabil, wat u sech positiv Noriichte

Editorial: Wat e Gedeessems mat deem Brexit
Neiegkeeten

Editorial: Wat e Gedeessems mat deem Brexit

Zu Salzburg, beim informellen EU-Sommet vun de Staatscheffen, do huet

rout-rout-gréng Koalitioun: Eng kloer Fuerderung un d‘Sozialisten an déi gréng

rout-rout-gréng Koalitioun: Eng kloer Fuerderung un d‘Sozialisten an déi gréng

E Sonndeg ass et esou wäit, da gëtt gewielt. Fir datt engem net langweileg gëtt bis dohinner, hunn déi Lénk sech nach eng Kéier d‘Tableronde vun en Dënschdeg zu Gemitt gefouert. Hei hat de Guy Foetz, Member vum Staater Gemengerot, direkt zwee mol d‘Perspektive vun enger „rout-rout-grénger“ Koalitioun ugeschwat.

Et wier och tatsächlech eng Méiglechkeet deene Bloen de Schäfferot ze stibitzen. Gutt, dofir mussen déi Lénk mindestens hir Sëtzer bestätegen an d‘Sozialisten oder déi gréng sollten nach ee gewannen. Déi Lénk hunn awer gemierkt, datt de Marc Angel vun der Propositioun am ëffentleche Raum net wierklech begeeschtert war.

Mee déi Lénk si formell: sollt sech eng „rout-rout-gréng“ Majoritéit erginn, esou wieren si ganz kloer bereet sech der Verantwortung ze stellen. An et dierften och ganz konstruktiv Koalitiounsverhandlunge ginn, also, säitens déi Lénk.

Wann et also de Sozialiste wierklech eescht domatter ass, 47 Joer blo Dominanz an der Stad Lëtzebuerg zu Enn ze bréngen, da wier dat elo d‘Geleeënheet. Fir déi Lénk jiddefalls wier et un der Zäit, nodeems déi liberal Ideologie en desastréise Fangerofdrock op der Stad hannerlooss huet. Schlecht geplangte Quartieren, déi owes esou „eidel“ sinn dat ee kéint mengen et wier een an der Wüst.

Ze vill Aarbechtsplazen, net genuch Awunner

Mee och d‘Ongläichgewiicht tëscht Awunner an Aarbechtsplaze, déi wéineg Wunnengen an ëffentlecher Hand, de natierlechen an architektonesche Patrimoine deem béis zougesat gëtt, an de Verkéier sinn d‘Resultat vun enger liberaler Politik.

Déi Lénk wëllen also der schlechter Gestioun, déi se der DP virwerfen, net nëmmen déi rout Kaart virhalen, mee se riicht eraus op d‘Oppositiounsbänk verdreiwen. An et ass net nëmmen déi schlecht Gestioun, et wier och d‘Inkompetenz an d‘bevirdeelege vu Promoteuren a Proprietären déi muss ausgebremst ginn. D‘CSV wier sécherlech keng Optioun, hätten se dach ähnlech Interesse wéi déi demokratesch Partei.

Eenzeg Alternativ

Eenzeg an eleng eng „rout-rout-gréng“ Koalitioun kéint, esou déi Lénk an hirem Communiqué, den demokratesche Wandel, eng sozial an ökologesch Verbesserung garantéieren. Eng Koalitioun déi massiv an de Wunnengsbau géif investéieren, ëffentleche Logement, deen d‘Leit sech dann och leeschte kéinte.

D‘Koalitioun wier dann och staark genuch eng ökologesch urban Planifikatioun ëmzesetzen, déi den Numm och verdéngt hätt. Déi kleng Geschäfter, déi an de Quartieren esou wichteg sinn, kéinten erhalen a gefërdert ginn. D‘Mobilitéit kéint voll op den ëffentlechen Transport an déi „douce“ Mobilitéit ausgeriicht ginn. D‘Bildung wier Inklusiv an d‘Kultur (mam Patrimoine) säi verdéngte Stellewäert nees zréck kréien.

Dat an nach villes méi aus dem Programm vun déi Lénk, wier an der Stad Lëtzebuerg realiséierbar. Si, esou de Communiqué, wiere voll a ganz bereet d‘Erausfuerderung vun enger „rout-rout-grénger“ Koalitioun unzehuelen. Op dat awer elo och am Sënn, ganz besonnesch vun déi gréng ass, dat dierf een elo op dëser Plaz bezweiwelen. Der LSAP wier esou eng Koalitioun awer zouzetrauen.

Ähnlech Sujeten déi gréng, déi lénk, DP, Gemengewahlen 2017, LSAP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel