Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

120 Milliounen Euro Hëllef fir eis Imker!
https://moien.lu/why-traditional-dating-is-better-than-online-dating/

120 Milliounen Euro Hëllef fir eis Imker!

D’EU-Kommissioun huet ugekënnegt, datt Finanzhëllefe fir déi europäesch Imker ëm

big ditch speed dating
https://moien.lu/why-traditional-dating-is-better-than-online-dating/

Verschäerft d’EU den Toun géintiwwer der Tierkei?

Et soll ee „staarke Message“ gewiescht sinn, deen déi europäesch

What the Fakt – Den éischten Terminator kennt viru 34 Joer eraus
https://moien.lu/why-traditional-dating-is-better-than-online-dating/

What the Fakt – Den éischten Terminator kennt viru 34 Joer eraus

Hasta la vista baby! Dëse Satz misst jiddwerengem bekannt sinn

De Knauf ass e Symbol fir déi ongefouert Debatt iwwert d’zukünfteg Wirtschaftspolitik

Lëtzebuerg hätt keng wirtschaftspolitesch Strategie, esou de Mouvement Ecologique

De Knauf ass e Symbol fir déi ongefouert Debatt iwwert d’zukünfteg Wirtschaftspolitik

D’Steewollfabrik vun der Entreprise Knauf hat sech an de leschte Méint zu engem Kärstéck vun der Wuesstemsdebatt entwéckelt. Nodeems gëschter bekannt ginn ass, datt d’Entreprise elo hannert der franséischer Grenz seng Dieren op mécht, huet et u Kritik säitens vum Etienne Schneider (LSAP) net gefeelt. D’Meenungen ginn awer auserneen, esou constatéiert de Mouvement Ecologique, datt dëst Opreegung Symptom ass fir eng Diskussioun, déi net richteg gefouert gëtt.

De Mouvement Ecologique mengt, datt zwar gäre Begrëffer wéi “Rifkin-Konform” a “gréngt Wuesstem” géingen an de Mond geholl ginn, mee do nach laang kee Konsens existéiere géif, wéi eng Ausriichtung eis Wirtschaftpolitik sollt hunn. Déifgräifend Analysen an Aussoen, souwéi konkret Ziler géingen grad esou feelen, wéi Instrumenter, fir dës ze erreechen.

D’Ëmweltbelaaschtunge spillen an dësem Dossier eng grouss Roll

Et hätt gutt Grënn ginn, fir d’Opmaache vun dëser Fabrick ze kritiséieren. D’Gutachte vun de Gemenge Suessem an Déifferdeng hätte vill potentiell Ëmweltbelaaschtungen opgewisen. Dëst an engem Gebitt, wat scho virbelaascht wier. An och um Produit misst een sech stéieren, wier et bei wäitem net dat zukunftsweisend Isolatiounsmaterial, wéi et gäre mol duergestallt gëtt. D’Entrepris huet ëmmer nees doropper higewisen, datt d’Hierstellung vu Steewoll net ëmweltschiedlech wier.

D’Analys fält zimlech eendeiteg aus: Déi ganz Diskussioun wier en Hiweis doropper, datt mer eis net eens sinn, a wéi eng Richtung eis Wirtschaftspolitik goe soll. Ausserdeem misst een d’Fro opwerfen, wéi eis Politik fir d’Groussregioun géing ausgesinn. De Mouvement Ecologique mengt, datt en sech och fir d’franséischt Grenzgebitt freeë sollt, vue datt do elo Aarbechtsplazen entstinn.

Et sollt een dës Geleeënheet laut der Organisatioun duerchaus notze, fir e puer Denkustéiss ze starten. Alle viru wier doriwwer nozedenken, wéi eng Kritäre festgeluecht solle ginn, fir eng nohalteg an zirkulär Wirtschaft ze schafen. Och wat d’Verdeelungsgerechtegkeet an der Groussregioun ugeet, misst een sech emol Gedanke maachen.

Den Etienne Schneider hat gëschter op der Antenne vun RTL gemengt, datt dëst en immensen Imageschued fir Lëtzebuerg géing duerstellen. Dozou seet de Mouvement Ecologique, datt den Dossier Knauf dorunner keng Schold géing droen. Et wier éischter d’Feele vun enger wirtschaftspolitescher Strategie.

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Lëtzebuerg, Mouvement Ecologique, Steewoll
Nächsten Artikel Virrechten Artikel