Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

IDEA beschäftegt sech mat eise Pensiounen
speed dating grimsby

IDEA beschäftegt sech mat eise Pensiounen

D‘Fondatioun IDEA, den „Think Tank“ vun der Handelskummer, déi sech

learning disabled dating
shinko hook up 190
speed dating grimsby

Déi ëffentlech Finanze sinn am Gläichgewiicht

E Freideg hat de Finanzminister, Pierre Gramegna (DP), der Finanz-

Online Cannabis kafen: an Israel e Nischemaart
speed dating grimsby

Online Cannabis kafen: an Israel e Nischemaart

Et brauch um een um Handy nëmmen e puer Klicks

Knock it out: Hei ginn et der an d‘Schnëss, awer fir de gudden Zweck

Knock it out: Hei ginn et der an d‘Schnëss, awer fir de gudden Zweck

Wann sech der zwee zerklappen da freet sech den Drëtten… esou wëll et de Volleksmond, a wéi et ausgesäit och deen een oder aneren Entrepreneur. Déi hunn elo scho fir dat zweete Joer a Folleg d‘Aluedung vun der „1COM Group“ ugeholl, an e puer „auserwielter“ sinn dann och bereet an de Ring ze klammen, fir sech mat engem Géigner ze moossen.

Den Event „Knock it out 2“ fënnt dann och statt an der Brauerei „Big Beer Company“ an de Rives de Clausen, den Donneschdeg 1. Februar. Dat ganzt am Kader vun enger grousser karitativer Box-Gala, déi ënnert dem Patronnage vum Gesondheetsministère steet. De Ministère gëtt am Ring vum Thomas Dentzer vertrueden. Den Erléiss vum Owend ass fir ALAN an den Televie bestëmmt.

„Knock it out“ war bei senger Première 2016 e grousse Succès. De Benefice vun der éischter Editioun war mat iwwer 2.000 Euro schonn net schlecht, a war un d‘ELA (Europäesch Vereenegung géint d‘Leukodystrophie) gespent ginn. Fir dës zweet Editioun erhoffen sech d‘Organisateuren an och déi bedeelegt „Sportler“ eppes méi an der Keess zu hunn.

Kee Feeler ass et gutt virbereet ze sinn

Dëse Challenge ass dann och fir jiddereen op, déi sech zoutraut der am Boxring sengem géinteniwwer der e puer ze tartellen, a gläichzäiteg amstand ass der och anzestiechen. Dat wier dann u sech och schonn déi eenzeg Viraussetzung déi ee misst matbréngen. Et muss en deemno weder sportlech nach Boxer sinn.

Well et sech awer net gutt géif duerstellen, wann een deen een oder anere mat der Drobier misst nees doheem ofliwweren, ass all „Kämpfer“ bis zu 12 Woche physesch vu professionellen Trainer a Form bruecht ginn. Hei huet sech am Beräich Ausdauer an Ernärung, d‘Séverine Labourel ëm d‘Kandidate gekëmmert. D‘Boxen huet den dräifache Weltmeeschter am „full contact“, de Kader Benzinia enseignéiert.

Et ass also wuel méi fir d‘Freed um matmaache, firwat sech déi Engagéiert sech der gudder Saach verschriwwen hunn, mee d‘Kämpf gi vun enger professioneller Jury begleet, déi och uecht deet, datt ee sech am Ring un d‘Reegelen hält. Zudeem versprécht et och ee ganz flotten Owend ze ginn, bei deem kaum en Aen sollt dréche bleiwen.

Informatiounen a Ticketing gëtt et ënner: www.knockitout.lu

Ähnlech Sujeten 1Com-Group, ALAN, Boxen, MixVoip, Televie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel