Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi nei ULC-Broschür zum „Wunne fir jonk Mënschen“
Neiegkeeten

Déi nei ULC-Broschür zum „Wunne fir jonk Mënschen“

D’Këschten si gepaakt, eng nei Etapp fänkt un: Déi éischt

UNO brauch Geld fir Libyen
Neiegkeeten

UNO brauch Geld fir Libyen

Den héije Kommissariat fir d’Refugiéë vun der UNO (HCR) huet

KPL: d’Arméi muss ofgeschaaft ginn!
Neiegkeeten

KPL: d’Arméi muss ofgeschaaft ginn!

Haut de Moien huet d’Kommunistesch Partei KPL d’Protestaktioun „Ofrëschten, amplaz

Ab e Mëttwoch lackelt de Knuedler mam Food Village

Ab e Mëttwoch lackelt de Knuedler mam Food Village

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt ab e Mëttwoch, de 7. August 2019 ee Food Village um Mëttwochs-Maart um Knuedler wäert organiséiert ginn. A gemitterlecher Atmosphär kënnen d’Visiteuren op der Plaz all Mëttwoch vun 9:00 bis 14:00 Auer zuelräich kulinaresch Spezialitéite bei de verschiddene Stänn schmaachen.

Déi mobil Gastronomie ass elo och am Stadkär ukomm: Mat asiateschen an thailännesche Leckereien, Wraps, Bio-Fritten, Saumon, Zaloten, Hamburger a villem méi gëtt dem Mo-Grommelen elo een Enn gesat. Mat Gedrénks, wéi beispillsweis frëschem Jus, Wäin, Cremant oder Kaffi gëtt déi lecker Offer perfekt ofgerënnt. Natierlech kann ee säin Iessen och fir matzehuele bestellen.

Folgend Stänn huelen um Food Village deel:

  • Asia’s Touch – Tasty Street Food
  • T-Wraps Food Truck
  • Brasserie Guillaume
  • Deluxepress sarl
  • CafeTree
  • Tartinerie sarl
  • Lëtzeburger

Mat Respekt géigeniwwer der Ëmwelt

Wou Iessstänn, Fester a Foire sinn, do fält och Dreck un. Fir der Verknaschtung vum Knuedler entgéint ze wierken, encouragéiert d’Stad all Persoun ekoresponsabel ze handelen a lokal, sou wéi saisonal Produiten ze kafen. Donieft gëtt jiddweree gebieden, Behälter mat op de Maart ze bréngen, déi een nees verwende kann, sou datt guer net eréischt den übleche Plastik a Kartong ufält.

An dësem Kader ginn Informatiounsfichen ausgehaangen, déi ekoresponsabel Manifestatiounen ukënnegen.

Ähnlech Sujeten Food Village, Iessen, Knuedler, Maart, Mëttwoch, Place Guillaume II
Nächsten Artikel Virrechten Artikel