Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Akademesch Sëtzung: 100 Joer Demokratie fir d’Fraen zu Lëtzebuerg!
Neiegkeeten

Akademesch Sëtzung: 100 Joer Demokratie fir d’Fraen zu Lëtzebuerg!

Am Kader vum 100. Gebuertsdag vum Fraewahlrecht zu Lëtzebuerg hat

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel
Neiegkeeten

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel

Wien sech bei dem Titel mäi lang ersehntent Cyber-Monster-Mystery-Buch vermutt,

Feier zu Iechternach – Schlëmmeres konnt verhënnert ginn!
Neiegkeeten

Feier zu Iechternach – Schlëmmeres konnt verhënnert ginn!

Um 17:08 Auer gëschter Owend huet den 112 d’Noriicht vun

De Knuedler ass erëm op Äis geluecht

De Knuedler ass erëm op Äis geluecht

Um Mëttwoch kuerz vru Mëtteg, huet de Stater Schäfferot, zesumme mat enger Hellewull u Notabelen, offiziell d‘Äispiste um Knuedler a Betrib geholl. Fir aus dem ganzen en Evenement ze maachen, gouf et och e flotte Kaderprogramm.

Knuedler

De Schäfferot a vill Gäscht hunn de Moment an de Chouer genoss. © Martine de Lagardère/moien.lu

D‘Erëffnung vun der Äispiste ass den éischte Volet vun enger ganzer Rei Begéinunge mam Schäfferot, deen nach am fréien Owend och de Chrëschtmaart op der Paräisser Plaz op mécht. D‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer, konnt sech dann och um Knuedler iwwerzeegen, datt den Undrang fir en Tour um Äis ze maache scho grouss ass.

Kaum datt um 11 Auer d‘Dieren opgaange sinn, haten sech déi éischt Krapperten op d‘Äispiste zu eege gemaach. Während sech déi eng e fiichte Pupes geholl hunn, huet e „gemëschte Chouer“ vun der Bouneweger Gellé-Schoul, ënnert der Direktioun vum Nathalie Nilles vun der INECC, den Invitéeën an dem Schäfferot e Ständche gesongen.

Knuedler

De gemëschte Chouer vun der Bouneweger Gellé Schoul, mat hirer Dirigentin, Nathalie Nilles (INECC) © Martine de Lagardère/moien.lu

Ugefaangen huet de Chouer mat „Chrëschtdag“ aus der Fieder vum Jean-Paul Majerus, fir mat enger Lëtzebuerger Versioun vun „Jingle Bells“, och arrangéiert vum Jean-Paul Majerus, de musikalesche Volet ofzeschléissen. Woubäi dat elo net ganz richteg ass. Eng vun de Knetzelen aus dem Chouer hat Gebuertsdag, a war awer net dat Eenzegt wat op engem 22. November liicht vun der Welt erbléckt huet.

Knuedler

Zwee Gebuertsdagskanner, d‘Emma aus der Bouneweger Gellé-Schoul an d‘Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad. Vun dëser Säit aus och alles Guddes gewënscht. © Martine de Lagardère/moien.lu

Nieft dem Emma aus dem Cycle 3 vun der Bounweger Gellé Schoul, huet och d‘Lydie Polfer, Gebuertsdag. Do huet en „Happy Birthday“ natierlech misse sinn, an esouvill dierf verrode ginn, déi Stater Buergermeeschtesch an d‘Emma hunn de Moment genoss. Mat groussem Applaus an natierlech de Gléckwënsch déi sech fir e Gebuertsdag gehéieren, ass den offiziellen Deel dann ofgeschloss ginn.

Wëssenswäertes zu „Knuedler on Ice“

D‘Äispiste direkt géinteniwwer dem Stadhaus ass 2017 eppes méi grouss ausgefall. Si huet eng Fläch vun 800 m², dovunner d‘Halschent ënner Daach. Besonnesch gutt geduecht, ass eng reservéiert Fläch vun 100 m² fir déi ganz butzeg. Déi sollen hei ganz a Rou an a Sécherheet hir éischt Ronnen um Äis dierfen dréinen.

Knuedler

Eng Ouverture mat engem Glühwäin, esou kann een de Mëttwoch genéissen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et gëtt natierlech wéi gewinnt och en Espace wou d‘Mammen a Pappen, awer och d‘Grousselteren oder d‘Frënn a Bekannten dierfen nokucken. Flott dorunner ass, datt et als „Village“ ugeluecht ass, an een hei tëscht engem waarmen „Kakao“ fir déi méi jonk, bis zum „Glühwäin“ fir déi méi erwuesse ka wielen an et engem bestëmmt net kal gëtt. Eppes fir tëscht d‘Rëppe gëtt et natierlech och. Zudeem muss ernimmt ginn, datt eng Ramp et och de léit mat reduzéierter Mobilitéit erlaabt Zougang ze hunn.

Knuedler

(v.l.n.r.) Sam Tanson, Fraktiounscheffin déi Gréng; Lydie Polfer, Buergermeeschtesch DP an de Patrick Goldschmit, Schäffen DP. Gutt Wieder, e gelongenen Optakt vun der Chrëschtmaart-Saison an vill zefridde Gesiichter, wat wëll e méi? © Martine de Lagardère/moien.lu

Erlaabt eis dann och nach drop hinzeweisen, datt fir déi ganz Dauer vun „Knuedler on Ice“ de Stater Tourismusbüro LCTO eng ganz Rei un Animatioune virgesinn huet. De „Sculpteur vu Ballone“ ass bis den 23. Dezember all Dënschdeg, Donneschdeg, Samschdeg a Sonndeg op der Plaz. Vum 27. Dezember bis de 7. Januar dann esouguer all Dag.

Fir déi wou et nach net esou mat de Schlittschong hunn, et awer onbedéngt wëllen an de Grëff kréien, un déi ass och geduecht ginn. Vun Donneschdeg bis Sonndeg tëscht 15 an 18 Auer steet hinnen op der Äispiste ee Moniteur zur Säit. Zudeem ass dofir gesuergt ginn, datt et net langweileg gëtt: all Owend ab 18 Auer a bis de 7. Januar gëtt „Beats“ vum DJ. Als klengen Héichpunkt ass dann den 13. Dezember um 20 Auer eng Show ugesot.

Déi ganz Ëffnungszäiten a wat ee soss nach wësse muss wëll mir et hei vergiess hunn ze schreiwen, datt fannt dir ënnert www.knuedleronice.lu an och op www.lcto.lu

Foto: Mat enger Äispiste um Knuedler kann een einfach näischt falsch maachen. D‘Krapperten an d‘Knetzelen hunn hir gelleg Freed. A wien dann emol op den Hënneschte fält, dee steet einfach nees op. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Ecole Bonnevoie-Gellé, Knuedler on Ice, LCTO, Lydie Polfer, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel