Search

You may also like

Den Ernie Hammes mam „Regiis Ostium“ zum groussherzogleche Gebuertsdag!
Neiegkeeten

Den Ernie Hammes mam „Regiis Ostium“ zum groussherzogleche Gebuertsdag!

De Selektiounscomité huet den Ernie Hammes als Komponist vum musikalesche

money
Europa: Feindschaft statt Partenariat (Analys)
Neiegkeeten

Europa: Feindschaft statt Partenariat (Analys)

Europa, esou déi traureg Bestätegung vun engem laange Verdacht, ass

FICOS plënnert wäit erop – an zwar op Ëlwen!
Neiegkeeten

FICOS plënnert wäit erop – an zwar op Ëlwen!

Am Joer 2018 huet d’Lëtzebuerger Bank BNP Paribas ugekënnegt, datt

Loosst d‘Knupperte fir Silvester op der Säit

Loosst d‘Knupperte fir Silvester op der Säit

Nodeems elo gewosst ass, datt sech un den Aschränkunge bis zum 15. Januar näischt méi wäert änneren, a ganz besonnesch d‘Spärstonn vun 23 bis 6 Auer bäibehale gëtt an ee streng geholl och kee bei sech sollt invitéieren, bréicht et dëst Joer keng Knupperte fir d‘Noperen un de Joreswiessel ze erënneren. Eigentlech wier et dat bescht et ganz ze loossen, mee dat wäert net geléngen.

Dobäi ass datt Gespills mat de Knupperten zu Lëtzebuerg eigentlech generell verbueden, zumindest aus juristescher Siicht, woubäi dank Gemengenautonomie, de Buergermeeschter senge Leit schonn nach dierf erlabe Knascht, Kaméidi a Gestank ze maachen. Ganz vill Gemengen hunn dann och am Virfeld zu méiglechen Diskussiounen hir Richtlinne verëffentlecht. Déi meescht hunn et verbueden.

Elo ass et awer ee Verbuet un dee sech leider ni, esou wierklech ni gehale gëtt, an wien da géint dës Unuerdnung verstéisst, muss een och nach bei der Dot erwëschen. An esou huet d‘Stad Lëtzebuerg och keng formell Interdictioun ausgeschwat. Et wier jidderengem iwwerlooss op sengem Terrain Knupperten zur Explosioun ze bréngen, et sollt een awer d‘Sécherheet vun den aneren am A hunn.

An de Minettemetropol Esch-Uelzecht geet een den anere Wee, an huet fir de ganzen Territoire ee generelle Verbuet ausgeschwat. Et wier ee sech awer bewosst, datt de Verbuet eleng d‘Zünde vu Feierwierkskierper net wäert verhënneren, an et mat Sécherheet Rabbelkäpp wäert hunn, déi sech wéi all Joer de Batti wäerte stellen. Dobäi gëtt et vill gutt Grënn d‘Fangere vum Dreck ze loossen.

Déieren- an Ëmweltschutz

Natierlech steet hei d‘Argument am Raum, datt et eng Traditioun ass (wuel am gläiche Mooss wéi a südleche Länner d‘Stéieren an d‘Arena gedriwwe ginn, fir déi mënschlech „Gréisst“ ënner Beweis ze stellen) an iwwerhaapt, dat ganzt Geknupps laang net esou schiedlech wier, wéi behaapt géif ginn. Datt et awer Traditioune gëtt, op déi een aus „Erkenntnis“ kéint verzichten, gesinn se net an.

Dobäi gëllt et längst als erwisen, datt d‘Knupperten an/oder d‘Feierwierk nieft dem Dreck, deen se an der Noperschaft verdeelen, och zolidd Feinstëbs an d‘Loft blosen. Gläichfalls ass erwisen, datt d‘Geknupps eisen Hausdéieren – an natierlech och d‘Wëlldéieren – net bekënnt. Jo et dierft déi berühmten Ausname ginn, déi sech net dru stéieren, mee am Allgemengen ass eng Belaaschtung.

Et wier doriwwer eraus wuel och eppes Intelligenz, Anstand a Respekt gewisen, et sinn ze loossen. Dat si bedauerlecherweis Attributer, déi een an der haiteger Gesellschaft schonn eppes vermësst, an esou muss ee sech näischt virmaachen, och de Joreswiessel 2020/21 wäert sech net „ouni“ feiere loossen. Et wäert och nees zu Verletzungen an aneren onerwënschten „Niewewierkunge“ kommen.

An dësem Kontext wäerten déi „Verstänneg“ et begréissen, datt sech vill Baumäert dozou entscheet hunn, dës Produktpalett aus hirem Assortiment ganz a virun allem endgülteg ze sträichen. Si géifen dat maachen, well si sech hirer Verantwortung géintiwwer der Natur an den Déiere bewosst wieren. Dat ass wuel éischter gelunn, mee et kann et esou stoe loossen, wëll jo d‘Resultat dat wichtegst ass.

Illustratioun: Gerhard Kienzle / Pixabay

Related topics Déiereschutz, Ëmweltschutz, Knupperten, Naturschutz, Sylvester, Traditioun
Next post Previous post