Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den oppene Bréif un d‘Ambassade vun den USA a Russland
Meenung Neiegkeeten

Den oppene Bréif un d‘Ambassade vun den USA a Russland

Nodeems et zu Lëtzebuerg no enger (laanger) Paus nees zu

Wanteraktioun: Zäit de Bilan ze maachen
Meenung Neiegkeeten

Wanteraktioun: Zäit de Bilan ze maachen

D‘Wanteraktioun, déi zanter 2001 eng fest Plaz als humanitär Aktioun

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Déifferdeng aus?
Meenung Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Déifferdeng aus?

  Et ass d’Stad vum Stol a wuel eng vun

Knupperte-Verbuet: ma dat huet jo exzellent geklappt (Kommentar)

Knupperte-Verbuet: ma dat huet jo exzellent geklappt (Kommentar)

Eigentlech bréicht et eng Autorisatioun vum Buergermeeschter fir Knupperten a Freedefeier anzesetzen, och zu Silvester. An deene meeschte Gemenge gëtt et déi net. Woubäi do wou et méiglecherweis eng hätt kënne ginn, och keen eng gefrot huet. U sech jo och egal, mir liewe schliisslech an engem Land wou ee maache ka wat e wëll. An hënt war deem och esou…

Dobäi gëtt et Reegelen an eigentlech, wann eng Gesellschaft gutt funktionéiert, hält ee sech drun. Mee Reegele ginn zuweile vu ville Mënschen als eng „flexibel Richtlinn“ betruecht, firwat et da scho viru, während an och laang no Mëtternuecht, an allen Ecke vum Land „geknuppt“ huet.

Esou och zu Esch, wou et besonnesch an den Alentoure vum Spidol hefteg a laang ugehalen huet. Huele mir einfach en Ament Ofstand vum Fait datt dat net erlaabt war a stellen eis d‘Fro, ob een intolerant ass, wann een de Leit déi de Joreswiessel mat Knupperte feiere mussen, an d‘Gewësse riet a verlaangt et ze loossen. Fakt ass jiddefalls, datt d‘Patienten hënt net begeeschtert waren.

Firwat et dann awer gemaach gëtt – well d‘Auteure vun dësem iwwerflëssegem Kaméidi wësse scho wou se wunnen an hirer „Passioun“ fräie Laf loossen – huet esouvill individuell Grënn wéi et eben och Mënsche gëtt. Fir déi eng ass eben „Traditioun“, fir déi de Beweis datt ee Regele brieche kann.

Traditioune maachen dës Welt awer net besser a sech iwwer Reegelen ewechsetze just „well een et kann“ och net. Elo kann een awer froe wien ee wëll, jiddereen ass der Usiicht, datt d‘Welt muss besser ginn, wann een am Fridden an am géigesäitege Respekt zesummeliewe wëll. An dat trëfft och op all déi Mënschen zou, wou de Joreswiessel net op d‘Knupperte verzichte „konnten“.

Verhënnere léist et sech net. Wou sollt een och all déi Leit hierhuelen, déi sech deem entgéintstelle sollten? Sécher et kéint deen een oder anere „gepléckt“ an exemplaresch bestrooft ginn, woubäi dat wéineg „populär“ ass, an vun de politesch Verantwortleche gehofft gëtt, dat alles ee gutt Enn hëlt.

Mee wat, wa wéi an der Nuecht zu Hagenau (Elsass) e 27 järegen duerch e Knuppert säi Liewe verléiert? Wat wann, wéi zu Stroossbuerg, Colmar a Moulhouse iwwer 20 Persounen, deels ganz schwéier blesséiert goufen, jo esouguer en Handicap erlidden hunn? Eleng sechs Leit, dorënner dräi Kanner hu missen un den Hänn noutoperéiert ginn. Spaass definéiert sech eendeiteg anescht.

Foto: Markus Distelrath / Pixabay

Ähnlech Sujeten Autorisatioun, Freedefeier, Knupperten, Policereglement, Silverster, Toleranz, Verbuet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel