Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Wann‘s de wierklech eppes kanns dierfs de kommen
International Neiegkeeten

hong kong matchmaking

D‘Awanderungsgesetzer an den USA sinn ëm déi 30 Joer al

survival guide to dating your boss
International Neiegkeeten

Uecht gedoen: ab muer sinn zwee nei Radaren operationell

Ab muer Dënschdeg dem 22. Mee ass jiddereen deen aktiv

Op Silvester mam ëffentlechen Transport ënnerwee!
International Neiegkeeten

Op Silvester mam ëffentlechen Transport ënnerwee!

Wéi all Joer gëtt nees den ëffentlechen Transport fir Silvester

Éisträich: ÖVP an FPÖ stellen de Regierungsprogramm vir

Éisträich: ÖVP an FPÖ stellen de Regierungsprogramm vir

Déi national-konservativ Koalitiounsregierung vun Éisträich en 180 Säiten ëmfaassenden Aarbechtsprogramm virgestallt, aus deem ervirgeet, datt een d‘Migratioun begrenze, Europa awer net de Réck zouwenne wëll.

Siwe Wochen hunn déi nei politesch Partner gebraucht, fir sech op „alle“ Punkten eens ze ginn. Elo steet de Programm, an den ÖVP-Parteichef an zukünftege Kanzler Sebastian Kurz, gesäit doranner eng gutt Basis fir déi nächst fënnef Joer ze Regéieren.

Hie war et, deen et bedauert huet, datt Éisträich an de leschte Joren innerhalb vun Europa „zréckgefall“ ass. Dobäi ass de Sebastian Kurz iwwerzeegt: „Éisträich kann et besser“. Dat ass eng Ausso déi een esou ka stoe loosse, och wann et meeschten eng Fro vum Standpunkt ass.

Op wat sech d‘Éisträicher astelle sollen

Zu den Eckpunkte vun der Regierungsaarbecht gehéieren: d‘Reform vun der Mindestsécherung (ähnlech wéi eise RMG/REVIS) méi flexibel Aarbechtszäiten an eng Dereguléierung fir de Standuert Éisträich. Zudeem sollen et net méi Reegele ginn, mee manner, an déi sollten dann och zolidd agehale ginn.

Vun neie Steieren hält de neien éisträichesche Kanzler och net vill, mee hie wëll innerhalb vum System spueren. Steieren an Taxe sollten a Richtung 40% erofgoen. E bessere Schoulsystem inklusiv der Chancëgläichheet wier genau esou wichteg, wéi beherrsche vun der däitscher Sprooch iert een an d‘Schoul geet.

Méi Sécherheet ass och en Thema. D‘Koalitiounsregierung setzt sech an a versprécht eng Verstäerkung vun der Police. Och der illegaler Migratioun wëll ee sech stellen. Hei solle gläichfalls méi Moyene zur Verfügung gestallt ginn a méi repressiv agéiert ginn.

Europa

Wat Europa, also méi genau d‘europäesch Unioun, ugeet, esou soll Bréissel déi grouss Froe léisen an sech bei klenge „Saache“ zréckhalen. Zudeem bekräftege béid Parteien den Ausbau vun der direkter Demokratie. En inhaltlech schwierege Punkt deen der FPÖ awer um Häerze geleeën huet.

Fir de Rietspopulist Christian Strache war dat ee wiesentleche Punkt. Ëmmerhin hunn sech d‘Populisten dozou verflicht, net weider iwwert den Austrëtt aus der EU ze diskutéieren. E Wonsch deen d‘FPÖ der ÖVP net ofgeschloen huet, an de Käpp vun der Basis awer nach ëmmer dierft Bestand hunn.

De Vizekanzler Christian Strache ass dann och mam Ausgang vun der Verhandlungen zefridden. Béid Parteien hätte 75% vun hirem Wahlprogramm am Koalitiounsaccord ënnerbruecht. Zudeem hätt een et bei der FPÖ ëmmer am A behalen, datt et ëm Éisträich geet.

Migratioun

Beim FPÖ-Chef hält de Spaass awer spéitstens dann op, wann iwwer Migratioun oder Flüchtlinge geschwat gëtt. Fir de Christian Strache ass et wichteg, datt ee sech bewosst gëtt, datt Asyl an d‘Recht op dësen Asyl zäitlech begrenzt ass. Hie schéngt jiddefalls entschloss de Kampf géint illegal Migratioun an Asylmëssbrauch opzehuelen.

D‘Regierung vum Kanzler Sebastian Kurz besteet aus aacht Minister vun der ÖVP, a sechs Minister vun der FPÖ. Hei muss een allerdéngs berécksiichtegen, datt d‘FPÖ fir de Posten als Ausseministesch d‘Karin Kneissl, Parteilos, virgeschloen huet. Politesch betruecht e gudde Schachzuch.

Net esou gutt drop war den éisträichesche Bundespresident Alexander van der Bellen, dee bekanntlech net vill iwwreg huet fir déi „schwaarz-blo“ Regierung vum 31 järege Sebastian Kurz. De Bundespresident huet sech dann och duerchgesat kritt, a verhënnert datt de Justiz- an Inneministère un d‘FPÖ vergi goufen. D‘Justiz kritt den ÖVP-Minister Josef Moser, am Inneministère agéiert fir d‘FPÖ de Herbert Kickl (dat ass deen Här deem dem verstuerwene Jörg Haider seng Riede geschriwwen huet N.v.d.R.).

mat AFP

Foto: Den zukünftege Kanzler vun Éisträich, Sebastian Kurz (l) an de Vizekanzler, Christian Strache (r) hunn de Regierungsprogramm vun der Koalitioun virgestallt. Vill Neies, an awer näischt dat ee sech net erwaart hätt. © Alex Halada/AFP

Ähnlech Sujeten Christian Strache, Éisträich, FPÖ, ÖVP, Sebastian Kurz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel