Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Café Shabandar: de Mekka fir déi irakesch Intellektuell zanter engem Joerhonnert
solingen dating

De Café Shabandar: de Mekka fir déi irakesch Intellektuell zanter engem Joerhonnert

Am Häerze vun der Allee vun de Stroossenhändler zu Bagdad,

how to tell if you're dating a drug dealer
solingen dating

speed dating lennox

Säit der Muechtergräifung duerch déi populistesch Koalitioun an Italien, läit

Gebuertsdagskand: De Boy George gëtt 56
solingen dating

Gebuertsdagskand: De Boy George gëtt 56

Den George Alan O’Dowd, och bekannt ënnert dem Numm Boy

Koalitiounsaccord: D‘Positioun vum OGBL

Koalitiounsaccord: D‘Positioun vum OGBL

Wann net alles am Koalitiounsaccord vun der Regierung „gutt“ ass, esou ass ee beim Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg (OGBL) erfreet, datt et villes gëtt, wann an déi richteg Richtung geet. Et sinn och eng Rei „Virschléi“ déi den OGBL virun de Wahle virgeluecht hat, agefloss.

Den OGBL-President André Roeltgen huet en Dënschdeg awer op e puer Punkte missen hiweisen, déi enger Erklärung bedierfen, an anerer bei deenen et Gespréichsbedarf gëtt. Et gëtt natierlech an dësem Accord och muenches mat deem ee kengesfalls esou averstanen ass… A senger Analys ass den OGBL „konstruktiv-kritesch“, firwat et am allgemengen éischter „roueg“ hiergaangen ass.

Begréisst gëtt d‘Erhale vum Index, well déi automatesch Upassung vun de Gehälter un d‘Inflatioun, d‘Kafkraaft ofséchert. Erfreet ass een och iwwert d‘Ofschafe vum aktuelle Regime bei de Stock-Options, an iwwert d‘Baisse vun der TVA bei enger ganzer Rei Produiten an/oder Prestatiounen. Wat d‘Gratuitéit de Crèchen an de Maison Relais ubelaangt, ass een net ganz zefridden.

Hei stellt den André Roeltgen fest, datt och d‘Frontalieren e Recht op dëse Service hunn, well och si eng Famill hunn, an den OGBL keng Form vun Diskriminatioun toleréiert. Beim Recht Deelzäit-Aarbecht géif et Gespréichsbedarf, well esou wéi et am Accord festgehale ginn ass, misst et do och en Accord mam Patron ginn. Dat kann awer derzou féieren, datt och hei zu Diskriminatioun kënnt.

Do hätt ee nach e Wuert matzeschwätzen

Wou et mat Sécherheet nach Diskussiounsbedarf gëtt: bei der Aféierung vum REVIS, der Revisioun vun der medezinescher Nomenklatura an dem sozialen Dialog an den Entreprisen. Um Niveau vun der Tripartite misst de Kollektivvertrag gestäerkt ginn. Vill Theme sollen dann och am Kader vum Permanente Comité fir Aarbecht a Beschäftegung behandelt solle ginn.

Esou soll dëse Comité sech am Bezuch op d‘Sozialpläng, de beruffleche Reklassement, der Aféierung vun eng Deelzäitpensioun/Deelzäitaarbecht, an d‘Bestëmmunge fir d‘Stagen abréngen. Datt de legale Congé op 26 Deeg ugehuewe gëtt, kann d‘Gewerkschaft nach begréissen, an och mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport, ass een „eigentlech“ zefridden.

Eigentlech, well et stellt ee sech beim OGBL d‘Fro, op d‘Gratuitéit och fir d‘Frontaliere gëllt. Eng Fro déi sech esou eigentlech net stellt, zumindest net op Lëtzebuerger Territoire. Et sief, den OGBL verlaangt d‘Gratuitéit fir de Frontalier ab sengem Wunnuert, wat awer esou net wierklech am Sënn vum System ka geleeë sinn. A gratis dierft den ëffentlechen Transport jo awer ab der Grenz sinn.

Moossname fir de Klimawandel opzehalen

Den OGBL ënnerstëtzt am Kontext vum Anhale vun de Klimaziler d‘Regierung, wéi och déi Ziler déi sech bei Digitaliséierung gesat goufen. Heibäi dierf et awer net zu Verloschter oder Ofstrécher am Sozialberäich oder den Acquise vum Salariat kommen. D‘Koalitioun eng Revalorisatioun vum Mindestloun an Héicht vun 0,9% (100 Euro) zougestanen, Gefuerdert waren 10%.

Wat hei also als „gutt gemengt“ vun der Regierung an de Programm opgeholl ginn ass, geet der Gewerkschaft net wäit genuch. Onzefridden ass den André Roeltgen och mat der Feststellung, datt den OGBL net soll un den zukünftege Salariatsverhandlungen an der Fonction Publique bedeelegt ginn. Dobäi wier déi gréisste Lëtzebuerger Gewerkschaft awer „Representativ“.

Dat an nach villes méi wëll den OGBL an de nächste Wochen a Méint mat der Koalitiounsregierung verhandelen. Et dierft sech aktuell awer nach op d‘Sozialwahle vun 2019 konzentréiert ginn. Wann déi ofgeschloss, an déi éischt Punkte vum Regierungsprogramm bis ëmgesat sinn, kënnt et am Dezember 2019 zum Nationalkongress, wou dann déi grouss Richtlinne festgeluecht ginn.

Ähnlech Sujeten André Roeltgen, Koalitiounsaccord, Koalitiounsregierung, Mindestloun, Mobilitéit, OGBL, Regierungsprogramm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel