Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CGDIS: de Wäert vun de Fräiwëllegen net ënnerschätzen
https://moien.lu/dating-a-female-with-borderline-personality-disorder/

CGDIS: de Wäert vun de Fräiwëllegen net ënnerschätzen

Mat der Reform vun de Rettungsdéngschter an der Schafung vum

https://moien.lu/futurescopes-dating-intj/
https://moien.lu/dating-a-female-with-borderline-personality-disorder/

revolution dating deerfield beach

Die Tanzenden ass no dem literareschen Debüt Fjorde vum norwegesch-lëtzebuergeschen

What the Fakt – internationale LEGO-Dag
https://moien.lu/dating-a-female-with-borderline-personality-disorder/

What the Fakt – internationale LEGO-Dag

Den haitegen Dag steet ganz am Zeeche vun de faarwege

Koalitiounsaccord: fir eng Legaliséierung vum rekreative Cannabis

Vill „blabla“ awer wéineg Konkretes – Wat drun, a wat méiglech ass

Koalitiounsaccord: fir eng Legaliséierung vum rekreative Cannabis

Déi dräi Koalitiounsparteien (DP, déi gréng an LSAP) hu bei der Annonce vum Koalitiounsaccord op d‘Méiglechkeet vun enger Legaliséierung vum Cannabis higedeit. Vun déi gréng konnt ee sech op laang Siicht esou e Schratt duerchaus erwaarden, an och déi jonk Liberal hu laang geseet, bis sech d‘Mammepartei net méi kategoresch géint eng Legaliséierung ausgeschwat huet.

Heizou hat et am Ländchen eng Petitioun ginn, déi enorm Zousproch erhalen hat, awer beim Debat um Krautmaart net op d‘Ënnerstëtzung vun der Politik gestouss ass. Mat der CSV ass et net ze maachen, an d‘ADR fuerdert eng europäesch Legislatioun. Bei de Sozialisten „weess een et net esou richteg“, an och bei deenen aneren si „gemëschte Gefiller“ Tromp. Wéi soll et weidergoen?

E Verspriechen dat net ze halen ass

Interessant un der Annonce, de Fait datt een sech – zumindest scheinbar – endlech bewosst ginn ass, datt déi joerzéngtelaang Repressioun, näischt, awer och glat näischt abruecht huet. Déi eenzeg déi sech de Verbuet zu Notze gemaach hunn, waren déi an der Illegalitéit operéierend Brigangen, déi sech d‘Täsche mat Geld vollgestoppt hunn. Dat ouni Qualitéitskontroll oder Steieren ze bezuelen.

D‘Asiicht vun – zumindest – der neier Koalitiounsregierung, iwwert eng Legaliséierung „de Maart ze berengegen“ an de Verkaf wéi de Konsum mat engem legale Kader ze versinn, muss begréisst ginn. Leider kënnt een net wierklech méi wäit. De Cannabis (Verkaf & Konsum) ze legaliséieren ass, reng juristesch, onméiglech wëll sech do d‘EU-Kommissioun queesch leet.

Bei der geneeër Analys vum EU-Dokument „Cannabis legislation in Europe“, trëfft een op eng Jurisprudenz, déi beseet, datt et sech beim Cannabis ëm eng „net verhandelbar Wuer“ handelt, firwat et engem EU-Memberland net méiglech ass, op dëst lëschtegt Kraut TVA ze erhiewen. Dat erkläert dann och firwat et Länner gëtt, déi sech fir eng „Toleréierung“ entscheet hunn.

Holland, Spuenien a Portugal hunn sech fir en Ëmgang mam Konsum, an der Form vun „Toleranz“ decidéiert, an esouguer Frankräich, wëll de Konsum nach just mat enger Forfait-Amende bestrofen. Dat gëtt vu konservative Käpp schonn als „Legaliséierung“ verkläert an ass faktesch nach net emol déi berühmte Plooschter op d‘hëlze Been. Et sinn ëmmer nach d‘Brigangen, déi de Goss maachen.

Et muss e gesellschaftlechen Debat ginn

Elo soll een awer uecht doen, an d‘Annonce vun der Koalitiounsregierung net ënnerbewäerten. Si beweist zumindest esou eppes wéi Wäitsiicht, a schéngt tatsächlech wëlles ze hunn de Ball an d‘Rullen ze bréngen. Woubäi esou eng Ukënnegung sech net mat engem Saz kann zefridde ginn, do ass vill Erklärung an Opklärung néideg, wann ee sech net mam Wieler wëll an d‘Hoer kréien.

Dat erkläert firwat et scho Stëmme gëtt, déi d‘Ausso bedaueren, an et léiwer gesinn hätten, wann an dësem Dossier eng déifgräifend Reflexioun stattfonnt hätt. D‘Annonce, ouni ze wësse wou d‘Rees hiféiert, kann net Ziilféierend sinn. Ass een éischter fir den hollännesche Modell, oder awer fir dee spueneschen oder portugiseschen? Wëll een e Modell wéi d‘USA oder Kanada? Et weess een et net.

Froe stellen sech och am Bezuch op den Ursprong vum Produit. Gett alles importéiert? Baue mir ënner staatlecher Opsiicht eist „Gras“ selwer un? Dierf een doheem Planzen halen, a wa jo wéi vill? An dat si grondsätzlech Froen, déi zu weidere Froe féieren: Wéi gëtt de Verkaf gereegelt? Wien dierf dat Kraut verkafen? Wéi eng Autoritéit ass zoustänneg fir déi sanitär Kontroll?

Heiru léisst sech erkennen, datt eng séier gemaachten Ausso, ouni den noutwennegen „Explikatif“ dem Hond hannen näischt daacht. Ze begréisse wier, datt et ganz rapid zur Erklärung kënnt wéi een dëser Ukënnegung eng Suite ka ginn. Méiglech wier e Pilotprojet, dee vun engem strenge Monitoring begleet gëtt, fir sécherzestellen, datt eng Legaliséierung Aussiicht op Erfolleg huet.

Dem „Schwaarzmaart“ d‘Handwierk leeën

Wann een elo eppes méi optimistesch un dësen Dossier erugeet, an et virstellbar ass, datt de Projet vun der EU-Kommissioun zougelooss gëtt, da wäert awer nach vill Waasser de Bierg ofgoen, iert déi éischt Geschäfter oder Coffeeshops hir Dieren zu Lëtzebuerg opmaachen. Well nieft dem legale Kader, muss et och e Kontrollorgan ginn, deen den Ubau an de Verkaf am A behält.

Sinn all dës Hürden iwwerwonnen, muss dem Schwaarzmaart d‘Handwierk geluecht ginn. Et wier dann och gutt a richteg, wann ee sech op eng lokal Produktioun géif konzentréieren. De Präis muss entspriechend „sozial“ gehale ginn, well sech de Konsument soss nees un de Stroosseverkaf hält. An et muss opgekläert ginn, dat iwwerall an net nëmmen do wou sech d‘Jugend ophält.

Wéi e feststelle kann, ass Lëtzebuerg nach wäit dovunner ewech, dem rekreative Cannabis dee legale Kader ze ginn, deen e verdéngt hätt. Et ass awer schonn emol gutt, datt sech déi nei Koalitiounsregierung mat enger Absichtserklärung fir de „fräie“ Konsum ausgeschwat huet. Si sollten um Krautmaart allerdéngs uecht doen, si wäerten un hiren Entscheedunge gemooss ginn.

Ähnlech Sujeten Cannabis, Koalitiounsaccord, Koalitiounsregierung, Legaliséierung, rekreative Konsum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel