Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – De Weltdag vun de Mierer
Neiegkeeten

What the Fakt – De Weltdag vun de Mierer

Den haitegen 8. Juni steet ganz am Zeeche vun eise

Den Ernie Hammes mam „Regiis Ostium“ zum groussherzogleche Gebuertsdag!
Neiegkeeten

Den Ernie Hammes mam „Regiis Ostium“ zum groussherzogleche Gebuertsdag!

De Selektiounscomité huet den Ernie Hammes als Komponist vum musikalesche

What the Fakt – den Internationalen Dag vum Bësch
Neiegkeeten

What the Fakt – den Internationalen Dag vum Bësch

Pünktlech zum Ufank vum Fréijoer gëtt d’Natur geéiert a virun

Koalitiounsgespréicher: Wie kritt wéi e Ministère?

Koalitiounsgespréicher: Wie kritt wéi e Ministère?

Wou sinn se drun d‘Koalitiounsgespréicher a wie kënnt mat an d‘Regierung? Froen déi d‘Land brennend interesséiert, an op déi d‘Medien nach ëmmer keng Äntwert kënne liwweren. Wann een déi concernéiert Acteure bei de Koalitiounsparteie freet, gëtt och weiderhi behaapt, datt sech d‘Froen zur personeller Besetzung nach gestallt hunn…

Et zitt sech awer elo, d‘Vollek ass ongedëlleg, a wann de politeschen Trio (DP – déi gréng – LSAP) näischt zu Sujet bäidroe kann (oder wëll) muss et erlaabt sinn eppes ze spekuléieren. Datt sech bei der „Neibesetzung“ vun der Ministère villes wäert änneren, ass net unzehuelen. Sécher mussen déi gréng méi a besser berécksiichtegt ginn, ëmmerhi konnten déi sech ëm dräi Mandater verbesseren.

Bezitt ee sech reng op d‘Zuelen, esou wier et duerchaus méiglech allen dräi politesche Fraktiounen, jee sechs Portefeuillen zouzeweisen. Dat eleng awer ka scho bei deem engen oder anere fir Kappzerbrieches suergen, well – an dat ass net nëmmen an der Politik esou – Muecht ofzeginn ass esou schwéier. An awer mussen dës Kéier Affer erbruecht ginn…

Zum aktuelle Stand

Während der leschter Legislaturperiod haten déi gréng, dräi Ministerposten an e Staatssekretär an der Regierung. D‘Sozialisten an d‘Demokraten hate jee sech Ministeren an ee Staatssekretär. Elo, nom 14. Oktober, sinn d‘Kaarten nei verdeelt. Woubäi een net ënnerschloen dierf, datt e puer vun de Ministeren sech bei de Walen duerchaus konnten ervirdoen, anerer batter bestrooft goufen.

Et sti schwiereg Decisiounen am Raum, virun allem emol bei den Demokraten. Wann de Pierre Gramegna (deen 2013 net Kandidat war) dem liberale Süde konnt op d‘Spréng hëllefen, esou huet d‘DP am Norde 6% verluer. Op een dat eleng um Depart vum Charles Goerens ka fest maachen, oder op net awer déi gréng mat besseren Argumenter ugetruede sinn, doriwwer léisst sech streiden.

Dobäi kéint ee sech denkbar einfach eens ginn: am Kontext vu Gambia 2.0 kéint all Partner an der Koalitioun fënnef Ministere a jee ee Staatssekretär zougewise kréien. Wat iwwreg bleift sollten déi erhalen, déi et sech verdéngt hunn. An et sollt een net aus den Ae verléieren, datt et nächste Mee Europawahle gëtt, wat de Parteien e gewësse politesche Spillraum bitt, wann et ëm Belounung geet.

Gläichberechtegt Bezierker?

Loosse mir eis dann emol op dës Léisung vun 3x (5+1) an, wat natierlech bedeit, datt esouwuel d‘Sozialiste wéi d‘Demokraten op ee Mandat verzichte mussen. Dat wier logesch a géif dem Wahlresultat Rechnung droen, wann et do net och nach de Wonsch engem Equiliber tëscht de Bezierker géif ginn. Hei gëtt et elo richteg Interessant, bezunn op Gewënn a Verloscht vu Stëmmen.

D‘LSAP huet am Zentrum ee Mandat an 3% vun de Suffrage verluer, an eigentlech ass nach just den Etienne Schneider sécher sech an der Regierung erëmzefannen. Do gëtt et schwiereg fir engem weideren Zentrumskandidat e Ministère oder Staatssekretär zouzeschousteren. Schued fir de Marc Angel, deem et op e neits schéngt verwiert ze sinn, sech un enger Regierung ze bedeelegen.

En ähnlecht Bild gëtt et bei der DP. Och si huet am Zentrum e Sëtz verluer, woubäi d‘Ministeren Arendt, Bettel a Cahen bei de Wahle ganz gutt ofgeschnidden hunn, a folglech och eng Plaz an der neier Koalitiounsregierung verdéngt hätten. D‘Demokraten hunn allerdéngs de Problem, datt hir Leit am Oste méi wéi gutt Resultater erziilt hunn, an een dem Lex Delles misst eng Plaz halen.

Kee Wonschconcert

Wahlen si kee Wonschconcert, an nom Ausziele vun de Stëmme gëtt et der ëmmer déi eppes méi enttäuscht si wéi anerer. Dat dierft de Fall vun der LSAP an der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch sinn, déi „esou“ net méi an d‘Chamber gewielt gouf, also de facto net méi an der neier Koalitiounsregierung sollt optauchen. Iwwerhaapt hat et d‘LSAP am Süden dës Kéier net einfach.

Sollt sech d‘LSAP elo awer derzou entscheeden, dräi Kandidaten aus dem Süde mat an d‘Regierung ze huelen, da wier se quasi gezwongen, e Mandat aus dem Zentrum, ze afferen. Als „Ersatz“ fir d‘Lydia Mutsch gëtt iwwregens d‘Taina Bofferding gehandelt, woubäi et Rumeure gëtt, no deenen déi gréng och Interessi un dësem Ministère hätten.

Déi gréng dierften ugesiichts hirem exzellente Wahlresultat zudeem den Usproch op e weidert „Zentrumsmandat“ an der Regierung erhiewen. Dat géif bedeiten, datt een dem Sam Tanson misst e Ministère zougestoen, wat eis nees zu de Rumeure betreffend de Gesondheetsministère féiert. Hei stellt sech awer d‘Fro, op dës Plaz an der Regierung net och engem „Süd-Kandidat“ zousteet.

Kuerz notéiert

Alles an allem ass, och wann a punkto Koalitiounsgespréicher näischt op en Dissens verweist, et um Enn net esou einfach wéi een sech dat nom bekannt gi vun de Resultater geduecht huet. D‘Poste vum Premier a Vizepremier, wéi och d‘Mandat vum Finanzminister dierften onverännert bleiwen. Och d‘Ministère: Justiz, Ëmwelt, Infrastruktur a Verkéier, dierften esou bleiwe wéi bis ewell.

Ëmstridde sinn den Aarbecht-, Sozial- a Gesondheetsministère. Déi waren der LSAP zougefall, an et misst hei zu Changementer kommen. Zumindest wann een déi perséinlech Resultater vun de Ministere berécksiichtegt. Gespaant dierft ee sinn, wéi e Ministère d‘Demokrate bereet sinn ze afferen. De Kulturministère, mee och de Landwirtschaftsministère wieren denkbar.

Mee nach ass et net esouwäit, an et wäert ee sech nach eppes musse gedëllege bis gewosst ass wien wéi ee Ministère behält oder iwwerhëlt. Erfreelech bis heihinner, de Constat datt d‘Gespréicher a gudder Atmosphär stattfannen. Dat kann och erklären, firwat d‘Oppositiounsparteien – den Ament wéinstens – d‘Koalitiounsgespréicher nach net weider kommentéiert hunn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Gambia, Koalitiounsgespréicher, Koalitiounsregierung, Ministeren, Regierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel