Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Premier ernimmt Personalchef fir den Haff
Neiegkeeten

Premier ernimmt Personalchef fir den Haff

Eise Premierminister läit net am Sträit mam Haff, mee kann

money
Bei der SES gëtt sech op eng „aner“ Zukunft virbereet
Neiegkeeten

Bei der SES gëtt sech op eng „aner“ Zukunft virbereet

Déi Europäesch Satellittegesellschaft (SES) mat Sëtz zu Betzder ass net

Washington ermahnt den UN-Sécherheetsrot eng Resolutioun zum Jemen ze verschiben
Neiegkeeten

Washington ermahnt den UN-Sécherheetsrot eng Resolutioun zum Jemen ze verschiben

En Dënschdeg hunn d‘USA den UN-Sécherheetsrot drop higewisen, datt e

Koalitiounsgespréicher: eng reng Formalitéit?

Koalitiounsgespréicher: eng reng Formalitéit?

Gëschter hunn d‘Koalitiounsgespréicher, nodeems de Xavier Bettel dem Groussherzog Henri seng Demissioun presentéiert huet, ugefaangen. Deen huet dem Regierungschef den Optrag erdeelt, bis zur Formatioun vun der neier Regierung sech ëm déi lafend Geschäfter ze këmmeren.

Uschléissend huet de Groussherzog d‘General-Procureure Martine Solovieff als „Informateur“ ernimmt. Si huet den Optrag ze préiwen, wéi eng politesch Parteien sech kéinten zesummendoen, fir eng nei Regierung ze bilden. Esou zumindest d‘Informatioun aus dem Palais.

Erënnere mir also kuerz drun, datt no de Walen, d‘CSV trotz Stëmmeverloscht, mat 28% nach ëmmer déi stäerkste politesch Fraktioun zu Lëtzebuerg duerstellt. Dat nach virun de Sozialisten an de liberalen. Eng Koalitioun vun der CSV, mat enger vun dëse Formatiounen ass rechneresch dran.

Eigentlech ass alles kloer

Wann ee sech dann d‘Zuelen awer am Detail ukuckt, da gëtt ersiichtlech, datt déi aktuell dräi Koalitiounspartner genuch Mandater zesummekréien, fir hire „Ménage à Trois“ weiderzeféieren. Woubäi d‘LSAP „Plomme“ gelooss huet, an déi gréng, déi dräi verluere Mandater kompenséieren.

D‘CSV, zanter 2013 an der Oppositioun, bleiwe mat 21 Sëtz an der Chamber déi gréisste Fraktioun. Dat virun der DP vum Premierminister Xavier Bettel (12), an der LSAP vum Vizepremier Etienne Schneider (10). Mat den 9 Sëtz vun déi gréng, hätt „Gambia“ also eng kleng awer sécher Majoritéit.

„Den Duerchbroch vun déi gréng ass interessant, well deen zäitgläich mam Duerchbroch vun ‚die Grüne‘ a Bayern passéiert ass“, kommentéiert de Philippe Poirier vun der UNI-Lëtzebuerg déi elo amtlech Resultater.

„Déi wierklech Iwwerraschung ass den Anzuch vun de Piraten an d‘Chamber“ esou de Politolog, deen nach drop hiweist, datt dës politesch Partei, knapp 9 Joer no senger Grënnung, an dat grousst Anzitt. Déi politesch Landschaft zu Lëtzebuerg verännert sech, an déi „Grouss“ mussen uecht doen.

Just aus Prinzip

De Politolog vun der UNI-Lëtzebuerg stellt fest, datt streng arithmetesch betruecht, d‘DP, d‘LSAP an déi gréng hir Koalitioun kënne weiderféieren. Si verléiert bei dëse Walen nëmmen ee Sëtz, wat si awer fragiliséiert. Esou zumindest d‘Analyse vum Philippe Poirier.

Hie mécht säi Constat um Fait fest, datt de President vun der Chamber, dee jo och vun der Majoritéit gestallt gëtt, dëse Sëtz beusprocht. Wëll heeschen, datt d‘Majoritéit um Enn genee esouvill Parlamentarier huet wéi d‘Oppositioun, also 30. Kléngt interessant, ass et och…

Fir de Poste vum Premier ze behalen, huet de Xavier Bettel e Virdeel géintiwwer de Konkurrenten. Hien huet dee bessere „perséinleche Score“ (mat iwwer 30.000 Stëmmen) virzeweisen. Nëmmen zur Informatioun, de Spëtzekandidat vun der CSV, Claude Wiseler, krut der eppes iwwer 27.000.

D‘Membere vun der Koalitioun haten allerdéngs schonn um Wahlowend duerchblécke gelooss, datt si et als de Wielerwonsch gesinn, dës „erfollegräich“ Dräierkoalitioun weiderzeféieren. E Méindeg hunn d‘Exekutivcomitéë vu LSAP an déi gréng, sech favorabel fir eng weider Ronn ausgeschwat.

Grafik: © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, déi gréng, DP, Koalitiounsgespréicher, LSAP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel