Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EuroBirdwatch Day – Déi fléiend Faszinatioun um 5. a 6. Oktober
confused dating quotes billing format for online dating

https://moien.lu/uber-dating-app/

Den EuroBirdwatch Day (Internationalen Dag vum Vullenzuch) gëtt zënter 26

my time senior dating
confused dating quotes billing format for online dating

What the Fakt – d’Geschicht vum Van Gogh sengem Ouer

Et war den Dag virun Helleg Owend, wou déi bekannte

What the Fakt – Box erof! Et ass Feierdag!
confused dating quotes billing format for online dating

What the Fakt – Box erof! Et ass Feierdag!

Dëst Uso war kee Witz, obwuel een et scho mat

Koalitiounspoker op italienesch

Movimento 5 Stelle ka seng Kaarten am Spill behalen, de Partido Democratico lenkt an

Koalitiounspoker op italienesch

Nodeems et zu Roum bei de Verhandlungen tëscht dem Movimento 5 Stelle (M5S) an dem Partido Democratico (PD) kuerzzäiteg zum Stëllstand komm war, hu béid Parteien sech besënnt. De Veto géintiwwer dem Giuseppe Conte huet de PD zréckgezunn, an de Staatspresident Sergio Mattarella huet de Parteie méi Zäit zougestane fir d‘Verhandlungen ofzeschléissen.

KoalitiounspokerDen Dissens hat mat der Ofso vum M5S fir déi um Virmëtteg geplangte Gespréicher ugefaangen. Si wollten duerchsetzen, datt den Giuseppe Conte och déi méiglech Koalitioun tëscht M5S a PD sollt uféieren. No liichtem Ramouers huet de Fraktiounschef vum PD, Graziano Delrio, awer annoncéiert datt een net um Veto géint de Giuseppe Conte festhält an d‘Gespréicher séier nees opgeholl ginn.

Interessant dann d‘Wuertmeldung vu Washington. De Giuseppe Conte schéngt beim G7-Sommet vu Biarritz dem Donald Trump gutt gefall ze hunn. Deen huet getwittert: „Ee ganz talentéierte Mann, deen hoffentlech Ministerpresident bleift“. An et gëtt och net wierklech Handfestes dat een dem Giuseppe Conte zum Virworf maache kéint. De PD ass nach emol a sech gaangen an huet noginn.

KoalitiounspokerBeim Partido Democratico hat ee Bedenke well de Giuseppe Conte „Parteilos“ ass. Anersäits huet de PD och en Interessi drun eng funktionell Koalitioun op d‘Been ze stellen. Géif et zu Neiwahle kommen, kéimen aktuelle Sondage no, déi dräi rietsextrem Parteien: Lega Nord, Forza Italia an d‘Fratelli d‘Italia; op iwwer 50% vun de Stëmmen. Dat soll duerch déi nei Allianz verhënnert ginn.

Tëscht de Populiste vum Movimento an de Faschiste vun der Lega war et zum Broch komm, well de M5S sech géint Infrastrukturprojete vun der Lega gestäipt huet. Do ënnert anerem déi séier Eisebunnsverbindung Turin-Lyon. Den eigentleche Grond awer dierften d‘Resultater vun den EU-Wahle sinn. Hei hat d‘Lega Nord immens vill Zousproch erhalen, wat och zu „Uspréch“ féiert.

KoalitiounspokerDe Matteo Salvini, deen ëmmer den Job als Ministerpresident ugestrieft huet, hat no der EU-Wahl esou gutt Laun, datt hien iwwerzeegt war, an Italien d‘Muecht iwwerhuelen ze kënnen. Sondagen a soss Ëmfroe ware ganz a sengem Sënn. Sollten de Movimento an de PD eng liewensfäeg Koalitioun hikréien, da geet dem (nach) Inneminister a Lega-Chef seng Rechnung net méi op…

mat indymedia/rom

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Giuseppe Conte, Italien, Koalitiounspoker, Movimento 5 Stelle, Partido Democratico, Sergio Mattarella
Nächsten Artikel Virrechten Artikel