Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?
free hookup clearance id

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?

Riedensaarte ginn et an eiser Sprooch der vill. Do kann

camilla from love island dating history
s dating sites
free hookup clearance id

Asselborn: “Si hunn eis den Handelskrich erkläert”

No der Bedreeung duerch den Donald Trump, Douanestaxen op Stol

Sinn déi klassesch Parteien duerch kleng, nei Beweegungen bedroht?
free hookup clearance id

Sinn déi klassesch Parteien duerch kleng, nei Beweegungen bedroht?

Wien sech, dem Spiegel Journalist Henrik Müller no, an Europa ëmkuckt,

De Koalitiounsprogramm fir d‘Stad Lëtzebuerg steet

De Koalitiounsprogramm fir d‘Stad Lëtzebuerg steet

Et huet eppes gedauert bis de Koalitiounsaccord tëscht der DP an der CSV an dréchen Dicher geleeën ass. Um Freideg war deem esou an eng wierklech Iwwerraschung gëtt et dann och net. D‘Lydie Polfer (DP) bleift Buergermeeschtesch an de Serge Wilmes (CSV) kritt wéi erwaart de Posten als éischte Schäffen.

Insgesamt gëtt et dann nach fënnef Posten als Schäffen ze besetzen, an déi ginn un: Simone Beissel (DP); Colette Mart (DP); Patrick Goldschmidt (DP); Isabel Wiseler (CSV); Laurent Mosar (CSV). Déi grouss Linne vun der Stater Politik, esou wéi se an de sechs Joer sollten ëmgesat ginn, gi bei der Schäfferotserklärung an der Gemengerotssëtzung vum 4. Dezember virgestallt.

Logement a Mobilitéit

Bis dohinner ass awer scho gewosst wou d‘Prioritéite wäerte leien. Do ass natierlech de Logement, dee ganz uewen seng Plaz anhëlt. Op et ka geléngen e bessert Gläichgewiicht, tëscht Unzuel vun Aarbechtsplazen a Wunnengen hinzekréien, dierft déi grouss Erausfuerderung vum Schäfferot ginn. Et muss méi Wunnenge gebaut ginn, an hei dierf de bezuelbare Wunnraum net aus den A verluer goen.

D‘Mobilitéit, an hei besonnesch den Tram, wäert d‘Stadbild grondleeënd veränneren. Dee soll emol d‘Kockelscheier mam Findel verbannen an och de Süde vun der Stad iwwert d‘Porte de Hollerech bedéngen. De Busreseau soll reorganiséiert, déi douce Mobilitéit méi sécher ginn. Dat ouni den Individualverkéier ze benodeelegen.

Urban Entwécklung a Soziales

Fir datt et mat de Wunnengen och klappt, muss den neie PAG ëmgesat ginn. Hei soll dann och d‘Attraktivitéit vun der Stad als Wirtschafts- a Finanzzentrum erhale bleiwen. Wéi béides ënnert een Hutt ze kréien ass, dat dierft interessant ze observéiere sinn. Zugläich soll d‘Liewensqualitéit an de Quartiere besser ginn.

An de 24 Quartiere soll dann och Schoul, Foyer a Sport zesummegefouert ginn. Ganzdagsschoul an Hausaufgabenhëllef sinn dann och eng Erausfuerderung déi op der Lëscht vun de Prioritéiten hir Plaz fonnt huet. Mat enger dynamescher Integratioun sollt et erméiglecht ginn, méi Bierger um politesche Geschéie vun der Stad ze bedeelegen.

Ëmwelt a Sécherheet

No 12 Joer Koalitioun mat déi gréng, ass et erfreelech, datt sech de Schäfferot och den Naturschutz als Prioritéit erhalen huet. Pestiziden bleiwe weiderhin „Tabu“, d‘Qualitéit vun der Loft an de Kaméidi gi weiderhin am A behalen. Dem Dreck gëtt de Krich erkläert an eng besser Gestioun vum Offall muss méiglech gemaach ginn.

Fir sécherzestellen, datt d‘Stad och muer nach eng Plaz ass wou ee sech zu jidder Zäit sécher fillt, muss et méi Police ginn. Se gëtt gebraucht an de Quartieren, besonnesch natierlech op de Brennpunkte, mee och ganz generell fir dem Bierger zur Säit ze stoen. D‘Police Reglement muss dann och iwwerduecht ginn.

Domatter bleift een dann och eigentlech drun un den Haaptsuergen déi de Stater Bierger huet. Vläicht wier méi „Konsequenz“ beim Individualverkéier ubruecht, woubäi de ganze Projet Tram jo och nach e gutt stéck Gedold erfuerdert. Am Dezember dann den Detail, et dierf ee gespaant sinn.

Foto: © Charles Soubry/Fotothéik Stad Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten CSV, DP, Koalitioun, Lydie Polfer, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel