Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bass de prett fir den éischten Trailer zu Avengers: Infinity War?
ed sheeran dating past International what advice would you give to the person dating your ex funny

online dating on mobile

Ënnert all de Superheldefilmer sinn d’Avengers-Filmer ëmmer nach eppes ganz

nct dating ban
ed sheeran dating past International what advice would you give to the person dating your ex funny

Eng Ekotax fir all d‘Territoiren

Vill Stëmmen erhiewen sech, well et der zukünfteger europäesch Kollektivitéit

D‘Reform vun de Gemengefinanzen dréit éischt Friichten
ed sheeran dating past International what advice would you give to the person dating your ex funny

D‘Reform vun de Gemengefinanzen dréit éischt Friichten

Hie konnt den Houfert um Freideg net verstoppen, eisen Inneminister

dislike

Kobalt a Mënscherechter: Amnesty bewäert déi grouss Firmen

Kobalt a Mënscherechter: Amnesty bewäert déi grouss Firmen

Amnesty International huet haut e Rapport verëffentlecht, an deem eng drësseg international Konzerner, déi sech hire Kobalt aus der Demokratescher Republik Kongo komme loossen, am Zesummenhang mat de Mënscherechter bewäert ginn.

„Déi industriell Gigante maachen net dat wat néideg wier, fir Kanneraarbecht an der Liwwerkette vum Kobalt fir d‘Batterien ze verhënneren“ bedauert d‘ONG an hirem Resumé vun der Enquête iwwert d‘Filière vum Kobalt an der Demokratescher Republik Kongo, deem afrikanesche Land dat 50% vun der weltwäiter Nofro bedéngt.

An et ass dann och den Automobilsecteur deen an engem Kapitel „Déi däischter Säit vun der grénger Technologie“ schwéier ugegraff gëtt. Dat zu engem Zäitpunkt d‘Nofro fir Kobalt explodéiert. „D‘Hiersteller vun Elektroautoen si wäit hannen dra géintiwwer anere Secteuren, besonnesch wat d‘Praxis betrëfft, déi mat der Hierstellung vun de Batterien zesummenhänkt“.

Ganz konkret: „Daimler a Renault si besonnesch schlecht bei de Resultater“, esou Amnesty International, déi „donkel Geschäfter“ bei hirem Akaf vu Kobalt denoncéiert. D‘ONG huet da vu Renault gefuerdert „hire soziale Verflichtungen an dem Respekt vun de Mënscherechter an der Demokratescher Republik Kongo“ nozekommen.

Eng Fuerderung, déi se mat engem oppene Bréif un de Carlos Ghosn, PDG vu Renault, bekräftegt hunn. „Dat ass et firwat mir vun iech erwaarden déi gefroten Informatiounen zäitno ze erhalen“, esou Amnesty International Frankräich, déi dëse Bréif ënnerschriwwen huet.

Et geet och anescht

Besser ewech kommen déi Entreprise aus der Informatikbranche. Esou beispillsweis Apple: „Ugangs 2017 huet sech Apple, déi éischt Entreprise aus dem Secteur, entschloss all seng Fournisseure vu Kobalt ze ernimmen“. Dell an Hewlett Packard (HP) wieren um „gudde Wee“.

Amnesty International ass dann awer vu Microsoft enttäuscht. Déi Entreprise ass eng vun de 26 Multinationalen déi refuséieren hir Fournisseuren ze verëffentlechen. Dobäi wieren esou Informatioune kee Betribsgeheimnis. D‘ONG geet dann och éischter dovunner aus, datt een fäert bekannt ze ginn, Kobalt vun zweiwelhafte Quellen ze bezéien.

Mam neie Rapport wollt Amnesty International dann de Progrès evaluéieren, deen déi grouss Entreprisë gemaach hunn. Eng Logesch Suite zu de Recherchen déi am Rapport vum Januar 2016 verëffentlecht gi waren.

Hand- a Kanneraarbecht

Gutt 20% vum kongolesesche Kobalt gi mat der Hand an artisanale Minière ofgebaut. „Amnesty International huet Informatiounen zesummegefouert, aus deenen ervirgeet, datt Kanner an Erwuessener de Kobalt aus enken Tunnellen, déi mat den Hänn gegruewe gi sinn, eraushuelen. De Risiko verschott ze ginn ass permanent a Longekrankheete gi bewosst a Kaf geholl.

Amnesty International huet sech och de Praktike vum wichtegste Kobalt-Fournisseur am Kongo ugeholl. Déi chinesesch „Huayou Cobalt“ där hir kongolesesch Filial Äerz am fréiere Katanga akeeft an op de Marché bréngt, huet laut der ONG gutt Fortschrëtter säit dem Rapport vun 2016 gemaach. Dat notamment duerch eng Verbesserung vun der Transparenz bei de Geschäfter. Leider gëtt et och hei nach vill Lacunen.

Déi Demokratesch Republik Kongo verfüügt iwwer grouss Ressourcen, mee bleift eent vun den äermsten an ënnerentwéckelte Länner op der Welt. De Buedemräichtum ass eng vun de Geldquelle fir eng ganz Rei u bewaffente Konflikter, déi säit iwwer 20 Joer den Oste vum Land a Leed a Chaos halen. Besonnesch d‘Provënze vum Nord- a Südkiwu, wou vill Gold, Zënn, Koltan a Wolfram ausgegruewe gëtt, si vun dëse Konflikter betraff.

mat AFP

Foto: Zur Illustratioun, hei e Mann deen emol wéinstens eng Schëpp huet fir Kobalt ofzebauen. (Archivbild vum Mee 2015 aus enger artisanaler Mine an der Géigend vu Kolwezi) © Frederico Scoppa/AFP

Ähnlech Sujeten Amnesty International, Demokratesch Republik Kongo, Kanneraarbecht, Kobalt, Mënscherechter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel