Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wäibau zu Lëtzebuerg: kee Grond do sech verréckt maachen ze loossen
Kultur Neiegkeeten

Wäibau zu Lëtzebuerg: kee Grond do sech verréckt maachen ze loossen

Vill waren der ageluede ginn, sech dem Frëndschaftspatt am Wäibauinstitut

Spärung um Echangeur Helfenterbréck
Kultur Neiegkeeten

Spärung um Echangeur Helfenterbréck

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt ee weidere Chantier virgesinn ass. Duerch

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen
Kultur Neiegkeeten

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen

E Samschdeg ass de amerikanesch-tschechesche Realisateur Milos Forman am Alter

Kockeldiko – Wann de 25. Gebuertsdag grouss gefeiert gëtt!

Kockeldiko – Wann de 25. Gebuertsdag grouss gefeiert gëtt!
© Shari Pleimelding/moien.lu

Um vergaangene Weekend gouf et bei der Kockelscheier eppes Gréisseres ze feieren. D’Haus vun der Natur huet nämlech 25. Joer kritt an dofir wärend zwee Deeg de Kockeldiko organiséiert. Mat spannenden Atelieren, Workshops, Iessen a Gedrénks a villem méi kruten net nëmmen d’Kanner, mee och déi Grouss een immens informativen an ofwiesslungsräiche Programm gebueden.

Et kann een nëmme bewonneren, wéi d’Haus vun der Natur sech ëmmer nees eppes Neies afale léisst, fir seng Fester interessant ze gestalten. Um Kockeldiko ass – duerch d’Panoplie u Stänn – all eenzele Visiteur op seng Käschte komm: Ob een elo selwer d’Äppel fir ee frësche Jus ausgepresst, de Projet 2000 m² fir eist Iesse besicht huet oder och méi zur Bei gewuer ginn ass an uschléissend selwer eng Käerz aus Beiewuess mat Heem huelen duerft, iwwert esou Initiative kann ee sech jo nëmme freeën!

D’Rou vun der Natur

Och wann d’Kockelscheier an d’Haus vun der Natur esou no um Stadkär leien, kann een an dësem gréngen Eck entspaant vum Alldag ofschalten an d’Natur genéissen. An dësem Sënn ass et net verwonnerlech, datt d’Gebuertsdagskand e risege Succès erzile konnt. Pünktlech um 15:00 Auer ass, a Presenz vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an dem Schäffe Patrick Goldschmidt, de Kuch opgeschnidde ginn – ee richtege Genoss!

Kockeldiko

© Haus vun der Natur

D’Kombinatioun aus den interaktive Stänn, der Offer u lokale Produiten an dem Ofschnëtt mat verschiddenen Déieren, huet um ganze Weekend Leit aus allen Ecker vum Land ugezunn. Souguer d’Ekippe bei de Stänn hu sech positiv iwwerrascht gewisen an hätten net mat dësem Ustuerm gerechent.

D’Stad Lëtzebuerg an d’Waasser

Direkt nieft dem Gebai vum Haus vun der Natur huet een den attraktive Stand vun der Stad Lëtzebuerg zum Waasser fonnt. An der éischter Partie krut een emol erkläert, wou dës Flëssegkeet, ouni déi mir net liewe kënnen, iwwerhaapt hierkënnt. An dësem Kader konnt ee souguer extra eng Wollek afänken, déi op Knappdrock gereent huet. Uschléissend ass d’Waasser duerch déi verschidde Gestengsschichte gelaf, wouduerch et gefiltert a gespäichert ginn ass.

Viru gaangen ass et bei déi zweet Partie, wou Kleng a Grouss duerch eng Maquette gesi konnten, wéi d’Waasser aus der Quell gezunn, virugepompelt an nees fir den alldeegleche Gebrauch gespäichert gëtt. Mat der spannender an interessanter Opmaachung ass ee gären een Ament méi laang stoe bliwwen an huet aktiv nogelauschtert.

Kockeldiko

© Shari Pleimelding/moien.lu

Nach ka Lëtzebuerg sech – wat d’Waasser ugeet – gutt selwer versuergen. Mam Bevëlkerungswuesstem an de steigenden Temperature muss een allerdéngs an den nächste Joerzéngten nei Strategien entwéckelen, fir all Individuum versuergen ze kënnen. Mat dësen Informatioune sollt ee sech och virun Aen halen, wéi wäertvoll dës natierlech Ressource eigentlech ass.

Nieft dem Fest vun der Natur, wat all Joer organiséiert gëtt, géife mir eis freeën, wann och de Kockeldiko nach eng weider Editioun erliewen dierft. Mir felicitéieren dem Haus vun der Natur fir säi risege Succès a 25. Joer Bestoen!

Ähnlech Sujeten 2000 Quadratmeter, 25. Gebuertsdag, Fest vun der Natur, Haus vun der Natur, Kockeldiko, Kockelscheier, Waasser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel