Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Streik a Manifestatiounen uechtert d‘Welt fir d‘Rechter vun de Fraen
Neiegkeeten

Streik a Manifestatiounen uechtert d‘Welt fir d‘Rechter vun de Fraen

Vum Frae-Generalstreik a Spuenien, bis hin zum feminine Marathon an

dislike
Bei der Aarbechtsinspektioun geréit de Bausecteur an de Fokus
Neiegkeeten

Bei der Aarbechtsinspektioun geréit de Bausecteur an de Fokus

D‘Aarbechtsinspektioun (ITM) gëtt sech och 2018 d‘Moyene fir senge Missioune

Schéisserei zu Las Vegas: 58 Doudeger
Neiegkeeten

Schéisserei zu Las Vegas: 58 Doudeger

Um Sonndegowend huet zu Las Vegas e Mann d‘op d‘Besicher

Kommt och dir an entdeckt den éischte Senior-Kohabitatiounsprojet zu Luerenzweiler

Dag vun der oppener Dier: dëse Sonndeg 19. Mee vun 11 bis 17 Auer

Kommt och dir an entdeckt den éischte Senior-Kohabitatiounsprojet zu Luerenzweiler

Zu Luerenzweiler entsteet grad den éischten „écohabitat senior“. Hei kënnen d‘Senioren iwwert de Genoss vun engem ausstafféierte privaten Appartement (Kummer, Salon, Kichen a Buedzëmmer) eraus, och vun de Gemeinschaftsraim profitéieren, wou si sech an der Grupp beschäftege kënnen.

Esou behalen d‘Senioren hir Autonomie. Während der ganzer Dauer vum Projet, der Acquisitioun, dem Bau an dem eraplënneren, ginn d‘Interessente vu NOUMA begleet. Ze bemierken ass, datt déi spéider Bewunner vum Haus gemeinsam iwwert de Kader vum alldeegleche Partage entscheeden.

Iwwert de Fait eraus, datt et sech heibäi ëm e Projet vum sougenannte „participative Wunnen“ handelt, gëtt d‘Haus no ekologesche Kritäre gebaut. Vum Plang bis zum bau, gëtt besonnesch op Materialien an déi ugewannten Techniken opgepasst. Gewollt ass eng LENOZ Zertifizéierung.

Luerenzweiler

Fir de Leit ze erméiglechen sech mat eegenen Aen e Bild ze maachen, gëtt dofir dëse Sonndeg 19. Mee vun 11 bis 17 Auer en Dag vun der oppener Dier ugebueden. Wien interesséiert, oder einfach nëmme virwëtzeg ass wat et mam participative Wunnen op sech huet, ass häerzlech agelueden.

Esou kann een de Projet a sech, wéi och de Site besichen; sech mat de Residenten ënnerhalen an eppes wieder gewuer ginn, wat et mam participative Wunnen zu Lëtzebuerg an am Ausland op sech huet. Zudeem léiert een d‘Asbl Beienhaus besser kennen an et kann e sech am duerf ëmkucken.

De Rendez-vous ass op 97, Lëtzebuerger-Strooss zu 7373 Luerenzweiler

Illustratioun: CoDur

Nächsten Artikel Virrechten Artikel