Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm
Neiegkeeten

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm

De Start vun der neier Nationalbibliothéik (BnL) hätt net kënne

GouvAlert.lu – Presentatioun vum Warnungs- an Informatiounssystem
Neiegkeeten

GouvAlert.lu – Presentatioun vum Warnungs- an Informatiounssystem

Gëschter huet den Inneminister Dan Kersch d’Applikatioun GouvAlert.lu virgestallt. Duerch

Tacheles: CGFP: Déi sozial Dimensioun vun Europa elo stäerken
Neiegkeeten

Tacheles: CGFP: Déi sozial Dimensioun vun Europa elo stäerken

An erëm geet e Joer zu Enn. Laut dem Statec

LSAP: Eng kohärent Politik fir Lëtzebuerg

LSAP: Eng kohärent Politik fir Lëtzebuerg

D‘parlamentaresch Rentrée ass fir d‘LSAP mam Hibléck op déi läscht Mandatsperiod an déi vehement Kritik säitens der CSV, eng gutt Geleeënheet verschiddene kloer ze stellen. Bis zur Campagne zu de Chamberwahle läit jo och nach genuch Aarbecht um Dësch.

Mat enger Rekordzuel u Gesetzestexter, wéi dat de Fraktiounschef Alex Bodry gäre betount, deem e Minus-Rekord u Gesetzvirschléi vun der Oppositioun géinteniwwer steet, wier erwisen, datt d‘Koalitiounsregierung eng Politik fir d‘Land a seng Bierger mécht.

An der leschter Phas vun der Legislaturperiod ass de Wëllen dann och do de Rhythmus bäizehalen. Villes wier héich aktuell a sollt och endlech zum Ofschloss bruecht ginn. Esou d‘Gesetz zu der Policereform, Justizwiesen, Familljerecht an nach villes méi.

Den Alex Bodry gesäit de politesche Géigner dann och um falsche Wee. D‘Krisenzäit wier gutt gemeeschtert ginn, de Chômage läit déif. Et ass ee gutt virukomm mat der Koalitiounsregierung, an do wou d‘CSV Kritik ausüübt géif se keng Alternative virleeën. Iwwerhaapt vermësst een an der LSAP-Fraktioun konstruktiv Virschléi säitens der Oppositioun.

D‘Hausaufgabe gemaach

A bei aller Kritik déi ubruecht wier, esou den LSAP-Fraktiounschef, 80% vun deem wat ee sech an de Regierungsprogramm geschriwwen hat ass ëmgesat ginn. An dat éischt wat dann och elo muss an Ugrëff geholl ginn, wier de Budget. An dësem gëtt sech och fir 2017/18 erwaart, datt d‘Investitiounen héich bleiwen.

D‘Léin si gutt, d‘Kafkraaft bléift stabil an d‘EU-Kritäre ginn agehalen. Dat wier engersäits enger gutt gemaachter Steierreform geschëlt, anersäits dem wirtschaftleche Wuesstem. An den Debat zur Zukunft ass lancéiert. E Prozess dee sécherlech ee puer Joer dierft unhalen, a sech am besonneschen ëm d‘Qualitéit an d‘Form vum Wuesstem wäert dréinen.

Hei ass d‘Informatioun vum Alex Bodry dann och wichteg, well hien dovunner ausgeet, datt zu Lëtzebuerg bei engem Wirtschaftswuesstem vun ënner 3%, och de Chômage nees zouhuelen deet. Stagnatioun wier eng konjunkturell Katastroph.

An deem Kontext muss da wuel och d‘Diskussioun iwwer d‘Rifkin-Studie, d‘Landesplanung an d‘Plans sectoriels och gefouert ginn. Bis dohinner wäerte mir da schonn 2018 hunn, an do soll jo och d‘Reform vun der UNI finaliséiert ginn.

Nei Verfassung

Datt Lëtzebuerg seng Verfassung den Ufuerderunge vun der Zäit muss ugläichen, dorunner besteet keen Zweiwel. Bei de Sozialisten ass een dann och zouversiichtlech, datt d‘nächst Joer, méiglechst schonn am Fréijoer, en Text ka virgeluecht ginn. Et ass en sech dann och an der Fraktioun bewosst, datt et hätt dierfen eppes méi schnell goen.

A wann d‘CSV sech elo als „Affer“ géif presentéieren, esou erënnert den Alex Bodry drun, datt si et waren, déi sech nach virum engem Joer der Ofstëmmung verweigert haten. D‘Verfassungsreform bannent der Mandatsperiod wier der Oppositioun aus politesche Grënn net entgéint komm.

Iwwerhaapt wier d‘CSV méi oder wéineger am permanente Wahlkampfmodus verfaangen. D‘LSAP-Fraktioun hätt awer seng Aarbecht gemaach an géif et begréissen, wann d‘Oppositioun dann och zumindest de Courage hätt zu sengen Decisiounen ze stoen. Datt et 2018 nach kee Referendum zur Verfassung wäert ginn, kéint jiddefalls net der Regierung zum Virworf gemaach ginn.

Richteg Optiounen

Eng vun den aktuell gréisste Suergen, de Logement an d‘Mobilitéit, kann e nëmmen an de Grëff kréien, wann et e parteiiwwergräifende Konsens gëtt. Sech géigesäiteg d‘Schold zouzeweise bréngt keen der Léisung méi no. A Léisunge wieren awer néideg. De Pakte Logement wier vum Usaz gutt gewiescht, leider huet et mat der Ëmsetzung net geklappt.

Méi Wunnengen, an dat virun allem schnell, kënnen nëmmen entstoen, wann all d‘Acteuren zesummeschaffen. Déi ëffentlech Hand an de Privatsecteur mussen hei hirer Verantwortung nokommen an déi Opportunitéiten notzen déi do sinn. An natierlech muss d‘Regierung hei beweisen dat si u Léisungen interesséiert ass.

Den Alex Bodry ass sech dann och bewosst, datt de Plan Sectoriel Logement „direktivistesch“ Mesure mat sech bréngt, mee déi Grondlag wier wichteg. Keng Partei kéint zudeem eng eegen a ëmsetzbar Léisung op de Dësch leeën, et géif een der Entwécklung stänneg hannendrun lafen.

Bei der Trennung vu Kierch a Staat, wier een dogéint um beschte Wee. Do dierft een dann och esou lues zum Enn kommen, zemools wou sech elo all d‘Parteien eens sinn. D‘Opwäerte vum Ombudsmann, an zousätzlech Mëttel sinn an engem Gudden Text verankert, an dee gëtt an de nächste Wochen an d‘Chamber bruecht.

Méi Europa

De Marc Angel huet dann och nach emol drop higewisen, datt ee bei dem ganzen net d‘EU-Politik sollt vergiessen. Déi wier enk verknäppt mat der Nationalpolitik an als Chamber sollt ee sech hei méi abannen. Aktuell misst een dann am Bléck halen: d‘Sozialrecht an d‘Entsenderichtlinn. Heifir ass eng Administratioun gefuerdert déi d‘EU-Aarbechtsrecht kontrolléiert.

Natierlech steet d‘Migratioun an Europa uewen op der Agenda an et muss ee sech agestoen, datt d‘Ofkommes vun Dublin gescheitert ass. Hei misst et Léisunge ginn déi och ëmgesat kënne ginn. Bei der LSAP ass ee frou, mam Jean Asselborn en Ausseminister ze hunn, dee mat gudde Proposen opfält.

Kritik ass och dran, an esou stäipt sech d‘LSAP géint d‘abezéie vum Verdeedegungsbudget an d‘Maastricht-Kritären. Gespaant a Virwëtzeg zugläich ass een op déi nei Industrtiesstrategie, am Zesummenhang mat der Dekarboniséierung an der Digitaliséierung. D‘Virschléi aus Bréissel sollt een awer geschwënn virleien hunn.

Foto: (v.l.n.r.) Marc Angel, Alex Bodry Fraktiounschef, Claude Hagen, Parteichef © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Alex Bodry, Chamber, LSAP, Marc Angel, Politik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel