Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

WikiLeaks-Informantin Chelsea Manning a Beugehaft
International Neiegkeeten

WikiLeaks-Informantin Chelsea Manning a Beugehaft

D‘Chelsea E. Manning hat als Bradley Edward Manning fir d‘US-Arméi

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 7)
International Neiegkeeten

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 7)

Fir d’Period vum Deconfinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp

D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
International Neiegkeeten

D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen

Fir d‘Dauer vun engem Weekend ass de Quartier „Boudersberg“ –

USA: Drogen am Wäert vun enger Milliard US-Dollar

Ermëttler vun de Bundesautoritéite fanne 16,5 Tonne Kokain op engem Schëff zu Philadelphia

USA: Drogen am Wäert vun enger Milliard US-Dollar

Si hunn net schlecht gestaunt, d‘Agenten déi am Hafe vu Philadelphia an engem Container op 16, 5 Tonnen (15 Metresch Tonnen) Kokain am Wäert vu ronn enger Milliard US-Dollar fonnt hunn. Et heescht datt d‘Containerschëff sollt a Richtung Europa fueren.

Et war de Bureau vum Procureur, deen e Mëttwoch am Nomëtteg via Twitter, d‘Informatioun vun der Beschlagnahm bekannt gemaach huet. Laut dem Procureur William McSwain handelt sech hei ëm eng vun de gréisste Saisien an der Geschicht vun den USA.

Kokain

Geschitt ass dat Ganzt am Packer Marine Terminal an et ass net den éischten Treffer deen d‘Hënn vun de Douaniere gelant hunn. Membere vum Equipage vun der MSC „The Gayane“ sinn op der Plaz verhaft ginn, a brauchen elo e richteg gudden Affekot.

De William McSwain ass bekannt als „schaarfen Hond“ an bei Droge gëtt et keng Optioun ausser Null Toleranz. Zudeem huet de Procureur nach emol ënnerstrach, datt säi Bureau sech verflicht huet d‘Grenze sécher an d‘Stroosse „propper“ vun Drogen ze halen.

Kokain

Et ass dee bis ewell leschte Coup aus enger Serie vun Erfolleger, déi d‘Autoritéiten op der Ostküst vun den USA ze verzeechnen hunn. Am Mäerz, och zu Philadelphia, waren et 538 Kg (Wäert ronn 38 Milliounen US-Dollar) déi d‘Muppen entdeckt hunn.

Am Februar haten d‘Douaniere vun New York 1.451 Kg Kokain (wäert ronn 77 Milliounen US-Dollar) fonnt. Dat war fir d‘Autoritéite vun New Jersey, déi esou eppes Ähnleches fir d‘Lescht 1994 erlieft haten, schonn onmoosseg. Philly mat 16,5 Tonnen…

mat indymedia/phl

Foto: Courtesy © Philadelphia Port Authorities

Ähnlech Sujeten Drogen, Drogeschmuggel, Kokain, Philadelphia, William McSwain
Nächsten Artikel Virrechten Artikel