Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Jean-Claude, wou‘s de Recht hues, hues de Recht
Neiegkeeten

Editorial: Jean-Claude, wou‘s de Recht hues, hues de Recht

Et wier falsch ze behaapten, datt ech mam EU-Kommissiounspresident op

So eis, wat op däi Chrëschtbam kënnt, a mir soen der, wat fir eng Cadeauen s de kriss
Neiegkeeten

So eis, wat op däi Chrëschtbam kënnt, a mir soen der, wat fir eng Cadeauen s de kriss

D’Geschenker waarden ënnert dem Bam op dech. Wat ass dran?

What the Fakt – Kölle Alaaf!
Neiegkeeten

What the Fakt – Kölle Alaaf!

Pünktlech um 11:11 Auer um 11. November feieren an der

Kollektivvertrag Bausecteur: Éischt Conciliatioun bréngt kee Fortschrëtt!

Kollektivvertrag Bausecteur: Éischt Conciliatioun bréngt kee Fortschrëtt!

Wéi d‘Gewerkschaft LCGB an engem Communiqué matgedeelt huet, huet déi éischt Entrevue beim ONC (Nationale Büro fir d‘Conciliatioun), deen dem Aarbechtsministère ënnerstallt ass, keng substantiell Fortschrëtter beim Sträit ëm de Kollektivvertrag, deen d‘Gewerkschaften an d‘Patronat vum Bausecteur an Bauingenieurswiese géinteniwwer stellt, ginn huet.

Zum Ierger vum LCGB, besteet d‘Patronat op der Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit, a verweigert all Diskussioun zu enger Verbesserung vun de reellen an tarifgebonne Gehälter am Bausecteur. Beim Conciliateur sinn dann awer déi véier Sträitpunkten op den Dësch komm:

  • d‘Erhéijung vun de reellen an tarifgebonne Gehälter vun alle Salariéeën;
  • d‘Auswäitung vun de Uwennung vum Kollektivvertrag op all d‘Salariéeën ausser d‘Kaderen;
  • d‘Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit;
  • d‘Accessibilitéit vun de Beruffsklasse fir jiddereen.

Den LCGB huet däitlech gemaach dat seng Positioun an dësem däregen Dossier onverännert bleift. D‘Gewerkschaft ënnersträicht, datt eng Flexibiliséierung net toleréiert gëtt an d‘Fuerderung vun der Gehaltserhéijung d‘Viraussetzung ass, fir et zu engem akzeptabele Kollektivvertrag kommen ze loossen.

No dëser éischter Sëtzung ass den LCGB och weiderhi bereet, den Dialog weiderzeféieren. Dat fir déi zukünfteg Entwécklung vum Bausecteur ze garantéieren, fir déi en attraktive Kollektivvertrag benéidegt gëtt. Déi nächst Verhandlungsronn ass op de 5. September festgeluecht ginn, an duerno, den 19. September, gëtt et nach emol eng Entrevue beim Conciliateur.

Ähnlech Sujeten Aarbechtszäit, Bausecteur, Kollektivvertrag, LCGB, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel