Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Ëmgang mat de perséinlechen Daten: elo steet och Grindr um Pranger
Neiegkeeten

Ëmgang mat de perséinlechen Daten: elo steet och Grindr um Pranger

De Méindeg ass déi bekannten a beléiften Applikatioun „Grindr“, eng

Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?
Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?

Eng TNS-Iléres Ëmfro vum RTL huet elo erginn, datt ganzer

Jemen um Rand vum Ënnergang
Neiegkeeten

Jemen um Rand vum Ënnergang

Laut engem aktuelle Faktencheck vun der UNO, benéidege 70% vun

Kollektivvertrag bei der Cargolux: Et geet an d‘Mediatioun

Kollektivvertrag bei der Cargolux: Et geet an d‘Mediatioun

Mat der Cargolux ze verhandelen, besonnesch wann et drëms geet en avantagéise Kollektivvertrag fir d‘Mataarbechter auszeschaffen, dat ass en zolidd Stéck Aarbecht. Et klemmt hannen a vir, an elo no aacht Verhandlungsronnen, ass nach ëmmer keng Luucht um Enn vum Tunnel ze erblécken.

D‘Gewerkschafte LCGB an OGBL, déi sichtlech beméit waren eng seriéis Erneierung vun eben dem Kollektivvertrag ze erreechen, hunn es iwwer béid Oueren, firwat déi lescht Optioun, d‘Saisie vum nationale Conciliatioun-Office (ONC) muss ergraff ginn. Dat ass wuel schued, mee léisst sech leider net änneren.

Béid Gewerkschafte weisen dann nach emol drop hin, datt d‘Cargolux 2017 e Benefice no Steieren an Héicht vun 122,3 Milliounen US-Dollar „ageflunn“ huet. E Rekord an sengen 48 Joer bestoen. Fir 2018 soll laut de Gewerkschaften, d‘Cargolux sech op e neits op e Rekordjoer astellen, firwat et ëm esou méi onverständlech ass, datt et net zu engem Accord komme wëll.

LCGB an OGBL bekloen, datt obwuel d‘Resultater esou gutt wéi nach ni sinn, d‘Direktioun vun der Cargolux sech géint eng Lounerhéijung stäipt. Och enger nohalteger Verbesserung vun den Aarbechtskonditioune, hunn sech d‘Verhandlungspartner vun der Airline an de Wee gestallt. Dat ass allerdéngs ugesiichts der Leeschtung déi d‘Mataarbechter erbruecht hunn, scho bal respektlos.

D‘Gewerkschafte fuerderen datt d‘Engagement vun alle Mataarbechter – déi ëmmerhin dofir Suerg gedroen hunn, datt alles esou gutt gelaf ass – respektéiert a belount gëtt. Esou e Rekord bedeit datt sech d‘Leit iwwer Mooss fir d‘Entreprise agesat hunn. Si wieren un hir Grenze gestouss, betounen d‘Gewerkschaften. Elo wier et un der Zäit, dëse loyale Mataarbechter entgéint ze kommen.

Fir d‘Aarbechtsbelaaschtung nees permanent op en acceptabelen Niveau zréckzebréngen, fir déi weider Entwécklung vun der Entreprise sécherzestellen, an d‘Iwwerliewe vum Lëtzebuerger Site garantéieren ze kënnen, musse kuerzfristeg Léisunge fonnt ginn, déi dann och nohalteg sinn. Et géif ee schliisslech näischt verlaangen, wat d‘Cargolux net ze leeschten amstand wier.

Foto: © Victor Laszlo/Cargolux

Ähnlech Sujeten Cargolux, Kollektivvertrag, LCGB, Mediatioun, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel