Fräi Tribün: Politesch Kris am Venezuela
No de rezenten Evenementer déi am Venezuela opkomm sinn, an
No de rezenten Evenementer déi am Venezuela opkomm sinn, an
Laut dem nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) hu mir zu Lëtzebuerg aktuell
Et war net einfach, dofir laangwiereg an awer ass nees de gewerkschaftleche Kampf zugonschte vum Salariat op en Enn gaangen. E méintelaange Sozialkonflikt huet d‘Direktioun vun deenen erzwongen, déi dank hirer Hänn Aarbecht, all Dag dofir suergen datt si hir Privilegie behalen dierfen. Elo um Freideg si Gewerkschaften, Personalvertriedung an Direktioun sech eens ginn.
Woubäi „eens ginn“ trëfft et net esou ganz. Et ass fir den Ament just e prinzipiellen Accord zur Erneierung vum Kollektivvertrag fir déi ronn 3.200 Beschäftegt vum Grupp. An dofir huet och d‘Gewerkschaft OGBL (Majoritär) eppes Waasser an de Wäi geschott, woumadder den OGBL d‘Dialogbereetschaft vu sengen Departementer nach emol ënnersträicht. Wat gëtt dann elo besser?
Wann ee elo bedenkt datt sech d‘Elite eigentlech op de Fändel geschriwwen hat, de Kuch fir sech ze behalen an eigentlech d‘Grimmelen direkt mat, da muss een eigentlech dëse Revirement begréissen. D‘Gewerkschaften an d‘Personaldelegatioun hunn natierlech Recht sech dës Victoire un d‘Broscht ze spéngelen, mee et gouf och zolidd „hannert dem Rideau“ Drock gemaach, wat gutt esou ass.
Zudeem gesäit et aus, wéi wann och d‘Cliente vum Cactus gehéiert goufen. Déi hate fir déi meescht vill Versteesdemech fir d‘Revendicatioune vum Personal an et soll der ginn hunn, déi dat der Direktioun esouguer schrëftlech zougedroen hunn. Freet sech just: „Firwat dee ganze Stress?“. Ass d‘Liewen net esou scho schwéier genuch, musse Manager hiren Egoismus a perséinleche Frust grad un deen ausloossen, déi eigentlech de Garant fir eng zefridde Clientèle sinn? Anscheinend net…
Foto: Mëtt Dezember war eng méi lass am „schéine Stär“ an awer huet nach zwee Méint gedauert, bis sech d‘Direktioun besënnt huet. © Martine de Lagardère/moien.lu