Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coolsurprise
De John Oliver zerleet Impfgéigner
Neiegkeeten

De John Oliver zerleet Impfgéigner

De John Oliver hëlt sech verschiddensten Themen an senger Last

Fir d’moslemesch Communautéit huet den Trump de Fridde sabotéiert
Neiegkeeten

Fir d’moslemesch Communautéit huet den Trump de Fridde sabotéiert

Um Mëttwoch hu moslemesch Leader d‘Welt opgeruff, Ostjerusalem als Haaptstad

Asbl AKUT: “D‘Ëmwelttoxikologie sollt een net ënnerschätzen”
Neiegkeeten

Asbl AKUT: “D‘Ëmwelttoxikologie sollt een net ënnerschätzen”

Fir de Jean „Muck“ Huss, President vun der Asbl AKUT,

Kollektivvertrag fir d‘Buschaufferen aus dem Privatsecteur

Wat hei vun de Salariéeën erwaart gëtt, geet op keng Kouhaut

Kollektivvertrag fir d‘Buschaufferen aus dem Privatsecteur

Patronat a Gewerkschafte ginn sech beim Ausschaffe vum Kollektivvertrag vun de Buschaufferen net eens. De gréissten Dissens bréngt de Punkt „Amplituden“ mat sech, an hei kéint et deemnächst zu Ausenanersetzunge kommen, déi op e neits vum Patronat provozéiert ginn.

Vun der Gewerkschaft OBGL-ACAL, muss nees drun erënnert ginn, datt Amplituden (Zäit an där de Chauffeur dem Patron zur Verfügung ze stoen huet) vun 11 bis 15 Stonnen eng Normalitéit, déi weder Zäitgeméiss ass, nach mat deem vun de Regierungsparteie gemaachte Verspriechen, Beruff a Famill esou ze verbannen, datt ee béides och „ënnert een Hutt“ kritt, an Aklang ka bruecht ginn.

Bei der Gewerkschaft ass ee méi wéi veriergert iwwert esou en Aarbechtszäitraum, dee wei gesot, net nëmme Gëft fir d‘Familljeliewen ass, mee och ganz kloer eng Gefor fir d‘Passagéier duerstellt. Den OGBL fuerdert am Interessi vun de Chauffeuren an de Passagéier, datt dës Amplitude op 10 Stonnen den Dag begrenzt gëtt. Fir déi 2.500 Chauffeuren déi betraff sinn, eng wichteg Fuerderung.

Liewensqualitéit huet kee Präisschëld

Fir de Romain Daubenfeld vum OGBL ass déi aktuell Situatioun net méi tolerabel. Et géif kaum eng Beruffsbranche am Land ginn, déi op esou en Horaire an eng Flexibilitéit zréckgräift, wéi dat speziell bei de Buschaufferen, de Fall ass. Esou ass et dann och nëmme konsequent, datt sech d‘Gewerkschaft net mat liichte Gehaltserhéijungen an huele Verspriechen zefridde gëtt.

Interessant ass, datt sech d‘Patronat mat Hänn a Féiss un dës Amplitude klamert, a ganz bewosst de Public enger Gefor aussetzt, déi hinne bekannt ass. D‘FLEAA (dat ass d‘Federatioun vun de Lëtzebuerger Exploitante vu Busser a Reesbusser) refuséiert kategoresch eng Begrenzung vun der Amplitude op 10 Stonnen. An dat vun der éischter Sëtzung un, déi den 19. Juli Stattfonnt hat.

Si wieren awer, esou d‘Informatioun vun der Gewerkschaft, bereet de Chauffeuren eppes an der Pai bäizesetzen. Dëse Montant dee vun der FLEAA proposéiert ginn ass, wier lächerlech geréng, a géif weder der Gesondheet nach dem Familljeliewe vun de Chauffeure gerecht. Hei läit d‘Kromm an der Heck, an den Dialog ass „gestéiert“. D‘Verhandlungen hunn en doudege Punkt erreecht…

Wien net schafft brauch och net bezuelt ze ginn

Hale mir hei emol fest, datt den OGBL-ACAL am Bezuch op d‘Amplituden, scho villes erreeche konnt. D‘Chauffeuren déi d‘RGTR-Linne bedéngen, a Strecke mat manner wéi 50 Kilometer ze fueren hunn, mussen – laut groussherzoglechem Reglement – wann et iwwert 10 Stonnen erausgeet, Iwwerstonne bezuelt kréien. Déi „kuerz“ Pause mussen als Aarbechtszäit bewäert ginn.

De Romain Daubenfeld stellt dann och fest, datt säit dëst groussherzoglecht Reglement a Kraaft getrueden ass, d‘Aarbechtskonditioune vu ville Buschauffere verbessert hunn. Et kann een dann och verstoen, datt hien net versteet, firwat dëst Reglement net och fir Strecken iwwer 50 Km kann ugewannt ginn. „Hunn déi elo kee Recht op Fräizäit?“ freet sech de Gewerkschaftler.

An nieft dësem „Distanz-Ënnerscheed“ gëtt et nach ee Punkt, dee dem OBGL-ACAL héich kënnt: déi laang „Pausen“ tëscht den Tournéeën. Hei muss de Chauffeur bei sengem Gefier bleiwen, fir op Demande d‘Steier ze ergräifen. Dës Zäit awer, kritt de Chauffeur net bezuelt. Laut Aarbechtsrecht ass dat legal, an de Fall gesat et géif eppes „passéieren“ ass et dem Chauffeur säi Kapp dee fält.

Mat ëffentlechem Geld finanzéiert

Dës ongerecht Behandlung, fir net direkt vun Ausbeutung ze schwätzen, muss, esou den OBGL-ACAL, ophalen. D‘Gewerkschaft notéiert, datt déi privat Busentreprisen déi am RGTR-System ënnerwee sinn, 2018 mat erquicklechen 170 Milliounen Euro Budget beduecht goufen. Dat ass masseg méi Goss, wéi den ëffentleche Betriber (AVL / TICE) zougestane ginn ass.

Et gëtt, dofir datt déi privat Busentreprise ganz generéis vum ëffentleche Secteur finanzéiert ginn, gëtt et emol ze vill Ënnerscheeder bei den Aarbechtskonditiounen, dat tëscht de städteschen an interkommunale Busser engersäits, an den RGTR-Busser anersäits. An de Romain Daubenfeld ass der Usiicht: wann den RGTR mat ëffentlechem Geld finanzéiert gëtt, dat Flichte mat sech bréngt.

Dat bedeit, datt dës Entreprisen d‘Obligatioun hunn, hire Salariéeë Fräizäit a Familljeliewe mussen zougestoen. Net ze vergiessen, dat déi selwecht Entreprise fir d‘Sécherheet vun de Passagéier ze suergen hunn. Hei huet de Patron net eleng d‘Verantwortung géintiwwer sengen Aarbechter, mee och der Gesellschaft am ganzen. Vun der Politik erwaart sech den OBGL-ACAL hei keng Hëllef.

Ähnlech Sujeten Amplitude, Buschaufferen, Kollektivvertrag, OGBL-ACAL, RGTR
Nächsten Artikel Virrechten Artikel